fbpx

D’Sensibilité Politique Piraten sicht ee parlamentaresche Mataarbechter, fir d’Verstäerkung vun hirer Equipe an der Chamber !

Published by Piraten on

Wat mir maachen.

Eise Walprogramm konnt 2018 iwwerzeegen: d’Piratepartei ass mat 2 Deputéiert an der Chamber vertrueden, wou mir eis fir méi Biergerbedeelegung, Transparenz am Staat an sozial Gerechtegkeet fir jiddereen asetzen.

Eis Visioun ass et, déi lëtzebuergesch Politik méi gerecht, fair a modern ze gestalten. Dofir gi mir all Dag eise Maximum a schaffen eis an déi verschiddensten Dossieren eran, fir eng konstruktiv, ma och pickeg, Oppositiounsaarbecht ze maachen an am Konsens mat anere Parteien déi eenzel Punkten aus eisem Walprogramm ëmzesetzen. Mir sinn eng jonk Equippe mat enger direkter Kommunikatioun a ville kreativen Iddien.

Wat s du wäers schaffen.

Als parlamentareschen Attaché besteet deng Aarbecht haaptsächlech doran, eisen zwee Piraten-Deputéierten an all hirer Aarbecht an der Chamber ënnert d’Äerm ze gräifen. Du schaffs zesummen an enger Equippe, wou folgend Aufgaben op dech zoutreffen:

  • D’Verfollege vun Aktualitéitsthemen souwéi gesellschaftlech relevante Sujeten;
  • D’Verfollegen an d’Preparéiere vun den Dossieren an de Chamberskommissiounen, déi dir jee no denge Stäerken zougedeelt ginn;
  • D’Analyséieren an d’Zesummefaasse vu Gesetzesprojeten- a Propositiounen an der Chamber an d’Opstelle vu Piraten-Positiounen zu dësen Texter;
  • D’Verfaasse vu parlamentaresche Froen, klenger Gesetzespropositiounen, E-Mailen, Bréiwer, Communiquéen, Motiounen, Resolutiounen a Rieden ;
  • D’Concertatioun vun Entrevuë mat externe Persounen an Organisatiounen an d’Schreiwe vun Notte wärend dëse Reuniounen ;
  • D’Redaktioun vu klenge Gäschtbäitreeg a verschiddene Presseorganer;
  • D’Iwwersetze vun Texter fir d’Publikatioun ;
  • D’Operhale vum direkten Austausch mat de Membere vun eiser Partei.

Wat deng Virdeeler sinn mat eis ze schaffen.

D’Piraten bidden dir een héich interessanten, ofwiesslungsräichen a léierräichen Job un an engem Ëmfeld, dat et dir erlaabt all deng Talenter anzebréngen an deng Fäegkeete weiderzëentwéckelen. Mir sinn eng jonk Equippe, an der jiddereen seng Iddie matabrénge kann. D’Aarbecht ass immens didaktesch: du kënns an déi verschiddenst Dossieren eran, léiers de lëtzebuergesche Rechtssystem verstoen a erweiders deng redaktionell a kommunikativ Fäegkeeten.

Nieft enger erfëllender Aarbecht bidde mir dir een attraktiivt Ufanksgehalt mat exzellente Steigerungsméiglechkeeten, een 13te Mount souwéi Iessbongen. 

Et besteet och d’Méiglechkeet op Home Office. Doriwwer eraus leit eise Büro am Häerz vun der Stad Lëtzebuerg: direkt nieft der Deputéiertechamber an dem Palais. An eisem Büro fënns du fir däin Alldag eng Kichen, ee Frigo gefëllt mat frëschem Uebst (bio natierlech) a kalem Gedrénks.

Wat s du matbrénge solls.

  1. Exzellent Kenntnisser am Lëtzebuergeschen an am Franséischen (schrëftlech ewéi mëndlech) souwéi Däitsch oder Englesch;
  2. Mindestens ee Bachelorstudium ODER eng éischt stabill Beruffserfarung vu 5 Joer;
  3. Interessi un der Politik, de politeschen Institutiounen an der Uwendung vum nationalen, europäeschen an internationale Recht ;
  4. Eng gewësse Flexibilitéit a Stresstoleranz: d’Aarbecht kann jee no Perioden méi Asaz vun dir verlaangen. Dat kompenséiert sech awer erëm wärend de méi rouege Perioden.
  5. Organisatiounsfäegkeet an Teamgeescht;
  6. Vertrauenswierdegkeet an Diskretioun;
  7. Eegeninitiativ a Proaktivitéit.

Du bass interesséiert?

Ma da schéck eis deng Kandidatur eran. D’Piraten setzen sech anfir eng Gesellschaft, wou keen opgrond vun äusserleche Mierkmoler diskriminéiert gëtt. Dir kënnt är Kandidaturen ënnert anonymiséierter Form (dat heescht ouni Detailer betreffend ärem Numm, Geschlecht, Familljestatus, Nationalitéit a Foto) erazeschécken.

Deng Kandidatur (Curriculum vitae + ee klengt Motivatiounsschreiwes vu maximal enger Säit) kanns du eis iwwer digitalem Wée op piraten@chd.lu eraschécken oder klassesch iwwer de Postwee op folgend Adress :

Sensibilité Politique Piraten
22 rue de l’Eau
L-1449 Luxembourg

Bei Froe kanns du eis ganz gären uruffen op den 20 60 66 2.

Mir freeën eis dorobber dech kennen ze léieren !

Wéi mir d’Kandidaturen evaluéieren.

All Kandidatur gëtt no folgende Krittären evaluéiert:

  • De Kandidat entsprécht den Ufuerderungen vum Posten (50%)
  • Presentatioun vun der Kandidatur (20%)
  • Erfarung am Beräich vun der Politik, Recht oder Redaktioun (15%)
  • Perséinlech Motivatioun (15%)

D’Kandidaten ginn op dëser Basis vun dëser Evaluatioun op ee Bewerbungsgespréich invitéiert, wou mer eis besser kenneléieren an d’Detailer vun der Aarbecht beschwätzen. Op Basis vun dësem Gesamtbild huele mir d’Decisioun, ob deng Kandidatur ugeholl gëtt.

Dateschutz.

Den Dateschutz ass eist Käruleies an deng Kandidatur gëtt dofir streng vertraulech behandelt. Deng Donnéeën ginn nëmmen esou laang bei eis gehalen, wéi se fir d’Selektiounsprozedur gebraucht ginn an dono geläscht. De Responsable de Traitement sinn déi honorabel Deputéiert Sven Clement a Marc Goergen. Falls du dir wärend der Prozedur solls anescht iwwerleeën, kanns du eis zu all Moment op piraten@chd.lu kontaktéieren an deng Donnéeë läsche loossen.

Categories: JobsNews

1 Comment

Nikoleta Cvetkova · August 6, 2020 at 6:11 pm

Ech well matmaachen!

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert.

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.