Ëffentlech Gelder fir eege Werbung benotzt?

Ëffentlech Gelder fir eege Werbung benotzt?

Här President,
Sou wéi den Artikel 83 vun eisem Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Ministere fir Kommunikatioun a Medien & Bildung weiderzeleeden.

Aktuell organiséiert de Ministère fir Bildung eng Réi vun Diskussiounsowenter mam Numm Bildung am Dialog. D’Zil vun dësen Diskussionsowenter ass mat de Bierger am Land iwwert de lëtzebuergesche Bildungssystem ze diskutéieren.

Fir dësen Zweck huet de Ministère eng Publicitéit lancéiert fir op dës Diskussiounsowenter opmierksam ze maachen an anzelueden. D’Publicitéit gëtt, ënnert anerem, um Radio iwwerdroen, an dem Här Minister Meisch säin Numm e puer Mol direkt erwäänt gëtt. Dëst stellt d’politesch Neutralitéit vun dëser Publicitéit gewëssermoossen a Fro.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  1. Opgelëscht no Plattform (Radio, Telé, Social Media), wat sinn d’Gesamtkäschte vun der Werbecampagne fir
    d’Diskussiounsowenter vu Bildung am Dialog? Wéi ee Ministère dréit dës Käschten? Wéi ee Budget ass dofir
    virgesinn?
  2. Aus wéi enge Grënn huet den Här Minister Meisch bei dëser Werbecampagne decidéiert, säin Numm an all
    Spot erwänen ze loossen? Ass den Här Minister der Meenung, dass d’Mentionnéiere vu sengem Numm an
    dëser Campagne als Publicitéit fir seng eege Persoun kéint ze wäerte sinn? Falls jo, sollt dës Publicitéit an
    dem Fall net éischter vu senger Partei finanzéiert ginn?
  3. Här Minister fir Kommunikatioun a Medien, wat sinn d’Bedéngungen, fir dass ee Minister säin Numm an
    enger Werbecampagne däerf placéieren? Existéiere fir Regierungsmembere Reegelen, déi hir Präsenz an de
    Medien am Kader vun hirem Mandat definéiert? Falls nee, firwat net?

Mat déiwem Respekt,

GOERGEN Marc

Député

Ginn d’Wëllschwäin elo massiv ofgeschoss?

Ginn d’Wëllschwäin elo massiv ofgeschoss?

D’Regierung hat den 8te Mäerz decidéiert, d’Juegd op Wëllschwäin schoun dëse Mount ze erlaben, mat der Begrënnung d’afrikanesch Schwéngspescht anzedämmen. Mer froen eis, firwat a wéi dës Erlaabnis zustane komm ass a wien d’Regierung do wuel mat beroden huet?

Den 8ten Mäerz huet de Regierungsrot säin Accord ginn, fir d’Juegd op Wëllschwäin ze Erëffnungen. Esou däerfen d’Wëllschwäinn, am Géigesaz zu de virege Joren, dëst Joer schonn ab Mäerz geschoss ginn. D’Begrënnung fir dës exzeptionell Ouverture fousst op de Konklusioune vum Rapport vun der Task Force fir d’Schwéngspescht, fir d’Verbreedung vun der Krankheet verhënneren.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  1. Wéi vill Wëllschwäin goufen zu Lëtzebuerg positiv op d’afrikanesch Schwéngspescht getest?
  2. Wei ustiechend ass d’Schwéngschpescht fir Mënschen? Falls d’Äntwert
    negativ ass, wéi rechtfäerdegt d’Regierung d’massivt Ofschéisse vu Wëllschwäi an der Ofwiesenheet vun direkte Risiken vun der Schwéngspescht op d’Gesondheet vum Mënsch?
  3. Goufe bei de Gespréicher vun der Task Force fir d’Schwéngspescht och
    Meenunge vun Déiereschutzorganisatiounen, déi am Artikel 6 (3) vum Déiereschutzgesetz definéiert sinn, ageholl? Falls jo, wat waren d’Positioune vun den eenzelen Associatiounen a wéi huet d’Regierung dës Positiounen an de Reglement matgedroen? Falls nee, gesäit d’Regierung et net als relevant un Déiereschutzorganisatiounen an dëst Themefeld matanzebezéien?
  4. Gesäit d’Regierung d’Jeeër als Partner bei der Bekämpfung vun der Schwéngspescht?
  5. Wäert d’Regierung der Jeeërfederatioun FSHCL hire Fuerderung nokommen, d’Juegd op Wëllschwäin op dat ganzt Joer auszebreeden?
  6. Wäert d’Regierung der Jeeërfederatioun FSHCL hire Fuerderung nokommen, de Gebrauch vun hallefautomatesche Waffe fir d’Juegd ze erlaben?
  7. Wäert d’Regierung fir d’Juegd vu Wëllschwäin d’Klappjuegd als Juegdmethod recommandéieren?

Mat déiwem Respekt,

GOERGEN Marc

Député

Fro zum Fonctionnement a Käschte vun der Online Plattform Letzshop

Fro zum Fonctionnement a Käschte vun der Online Plattform Letzshop

Mir hunn dem Minister fir Mëttelstand nach eng Kéier eng Fro zum Fonctionnement an de Käschte vun der online Verkafsplattform “Letzshop” gestallt.  

A senger Äntwert op meng parlamentaresch Fro n°380 huet den Här Minister eng ausschwénglech Introduktioun zum Thema E-Commerce a Letzshop gemaacht. Leider huet hien am Folgenden e puer Froen net zu menger vollster Zefriddenheet beäntwert, soudass eng Rëtsch Onkloerheeten iwwreg bleiwen.

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

  • Opgeschlësselt no “coûts fixes” a “coûts variables”, wat sinn d’Käschte vum der Online Plattform Letzshop am aktuelle Geschäftsjoer?
  • Ass den Här Minister der Meenung, dass Letzshop nom aktuelle Finanzéierungsmodell duerch ëffentlech Bäihëllefen eng deloyal Konkurrenz fir privat Online-Verkafsplattformen duerstellt? Falls jo, wéi ass d’Finanzéierung vun der Plattform konform mat den Artikelen 107 bis 109 vum Traité vun der Europäescher Unioun? Falls nee, wéi motivéiert de Minister seng Iwwerzeegung, dass et sech hei net em eng Form vun deloyaler Konkurrenz duerch staatlech Bäihëllef handelt? (wann ech gelift mat Jo oder Nee op d’Fro äntweren an dann d’Erklärung)

Mat déiwem Respekt,

GOERGEN Marc

Député

Sécherheet fir CFL-Mataarbechter

Sécherheet fir CFL-Mataarbechter

No de Geschéinisser vum leschte Weekend wëlle mer vum Minister Bausch wëssen, wéi et mat der Sécherheet vum Personal bei der CFL steet. D’Geschéinisser an eisen Zich a Garen däerfen eis net kal loossen a mir wëllen, dass virun allem d’Nuetszich mat méi Sécherheetspersonal fueren.

De leschte Weekend koum et op der Gare vun Oetrange zu engem schlëmmere Tëschefall, bei deem Onbekannter Mataarbeschter vun der CFL op brutal Manéier zesummegeschloen hunn. Et ass bedauerlech, dass an deem Zuch kee Sëcherheetspersonal mat u Bord war a nëmmen zwee Mataarbeschter present waren. Et ass nët déi eischte Kéier, dass d’Personal vun der CFL Opfer vun esou Gewaltakter ass.

An dësem Zesummenhang wéilt ech dem Här Minister folgend Froe stellen:

  • Wéi eng Mesurë goufen an deene leschte Jore getraff, fir d’Sécherheet vum CFL-Personal an de Reesender an den Zich, op de Garen ze garantéieren? Ass den Här Minister der Meenung, dass des Mesuren ausräichend waren?
  • Wéi eng zousätzlech Mesurë gedenkt den Här Minister nom leschten Tëschefall ze ënnerhuelen, fir d’Sécherheet vum Personal, virun allem bei Nuetszich, ze erhéijen?

Mat déiwem Respekt,

Marc Goergen

Deputé

Hack op education.lu

Hack op education.lu

Mir goufe gewuer, dass et op der Plattform education.lu een Erpressungsversuch u Schüler a Proffe gouf. Mir hunn der Regierung dofir eng Fro gestallt, fir méi Informatiounen zu deem Tëschefall ze kréien.

Wéi d’Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek de 5te Mäerz beriicht, gouf et op der Plattform vum Bildungsministère ee gréisseren Dateklau vu Passwierder, mat dem sech Hacker Accès op d’Konte vu Benotzer verschaaft hunn. Op Nofro bei engem Bedeelegten ass eis dës Informatioun confirméiert ginn. No deenen eis virleienden Informatiounen, hunn d’Benotzer vun éducation.lu an hirer Boîte een engleschsproochege Madee scheinbar vun hinne selwer geschéckt gouf. An dësem Mail gëtt de Benotzer gefuerdert eng Zomm Sue via Bitcoin un een Erpresser ze iwwerweisen. Mat engem einfache Passwuertwiessel kéint een den Hacker ganz einfach erëm vu sengem Konto ausschléissen. Leider ass et sou, dass d’Benotzer aktuell net iwwert d’Rechter besëtzen, fir hiert eegent Passwuert ze änneren. Soumat sinn zurzäit Schüler an Enseignanten engem Erpressungsversuch ausgesat an hunn aktuell keng Kontroll iwwert hiert Konto.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  • Huet d’Regierung Kenntnis vun dësem Hackerugrëff an Erpressungsversuch op education.Iu? Falls jo, wéi vill Konte sinn hei insgesamt betraff?
  • Gouf déi informatesch Faille op education.Iu geléist? Falls jo, wéi gouf se geléist? Falls nee, wéi vill Zäit schätzt d’Regierung, dass et brauch fir d’Faille ze léisen? Wat waren d’Ursaache vun der Faille?
  • Wéi eng Mesuré goufen ënnerholl fir de Schüler an Enseignanten ze hëllefen?
  • Wéi eng Mesuré wäert d’Regierung an Zukunft ënnerhuelen, fir Schüler virun Hackerattacken an Erpressungsbréiwer op ëffentleche Plattformen ze schützen?

Mat déiwem Respekt,

GOERGEN Marc

Député

Medezinesche Cannabis zu Lëtzebuerg

Medezinesche Cannabis zu Lëtzebuerg

Mat der kommender Legaliséierung vum Cannabis soll vun der Produktioun bis zum Verkaf alles iwwert de Staat gereegelt ginn. Mer wëlle vun der Regierung wëssen, wéi hir Strategie hei ausgesäit an op hei scho konkret Schrëtt ënnerholl gi sinn.

Duerch d’Gesetz vum 20. Juli 2018 ass den Asaz vum medezinesche Cannabis no joerzéngtelaangen Diskussiounen endlech eng Realitéit ginn. Fir Mënsche mat chronescher Péng stellt d’Anhuele vu cannabishaltëge Produkter eng raisonnabel Alternativen zu anere Medikamenter duer. De medezinesche Cannabis, deen zu Lëtzebuerg verkaf gëtt, gëtt aktuell aus anere Länner importéiert. Vun engem ekologeschen a logistesche Standpunkt aus gesi, stellt sech awer d’Fro, ob den Import aus europäeschen Noperlänner keng sënnvoll Alternativ wär.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  • Opgelëscht no den Hierkonftslänner, wéi eng Quantitéit u medezineschem Cannabis ass säit der Promulgatioun vum Gesetz vum 20. Juli 2018 op Lëtzebuerg importéiert ginn?
  • Gouf et vum lëtzebuergeschen Gesondheetsministère eng ëffentlech Ausschreiwung fir eng Commande vu medezineschem Cannabis? Falls jo, wéi eng Kritäre sinn heibäi consideréiert ginn? Falls nee, ass beim Kaf vum medezinesche Cannabis am Ausland de Präis iwwert ëffentlech Verhandlungen zustane komm? Wéi eng Offere louchen dem Gesondheetsministère an dem Fall vir, wat waren d’Präisser an d’Konditioune vun dësen Offeren a firwat huet de Minister sech fir déi gewielten Offer entscheet?
  • Huet d’Regierung scho Schrëtt ënnerholl, fir bilateral Accorde mat europäeschen Nopeschlänner zum Handel vu medezinesche Cannabis ze fannen? Falls jo, wéi eng Gespréicher sinn zu dem Thema ofgehale ginn a wat fir eng Fortschrëtt si festgehale ginn? Falls nee, gedenkt d’Regierung, och ugesiichts vun der Legaliséierung vum Cannabis zum rekreative Gebrauch, dës Gespréicher mat europäeschen Autoritéiten ze sichen?
  • Si virum Hannergrond, dass d’Produktioun an de Verkaf vum rekreative Cannabis zu Lëtzebuerg der Kontroll vum Staat sollen ënnerleien (Säit 105 am Koalitiounsvertrag), scho konkret Schrëtt ënnerholl ginn fir déi staatlech Kontroll och am Beräich vum medezinesche Cannabis ëmzesetzen?
  • Gesäit d’Regierung, och en vue vun der zukünfteger Legaliséierung vum Cannabis zum rekreative Gebrauch, d’Aféiere vun enger staatlecher Agence fir de Cannabis vir? Falls jo, wéini soll dës opgemaacht ginn?

Mat déiwem Respekt,

GOERGEN Marc

Député

Äntwert op eis Fro: Aarbeschtskonditioune bei der Police

Äntwert op eis Fro: Aarbeschtskonditioune bei der Police

Op eis parlamentaresch Fro zu den Aarbechtskonditioune bei der Police, krute mer vum Minister fir bannenzeg Sécherheet d’Äntwert, dass reegelméisseg géint déi gesetzlech festgeluechten Aarbechtskonditioune vun eiser Police verstouss ginn ass.

Sou wéi aus der Äntwert vum Minister ze deiten ass, wäert dee Problem awer wuel nach eng Zäit weidergoen. “On analyse” ass hei déi weider Demarche, déi mer vun eiser Regierung schonn oft héieren a gelies hunn.

D’Pirate wënschen sech, dass dës Analysen net nach ee weidert Joer dauert an dass eis Polizisten esou schnell wéi méiglech mat normalen Horairë kënnen hiren Déngscht verriichte fir eis Sécherheet ze garantéieren.

Schaffzäiten bei der Police
Gréng baue fir jiddereen?

Gréng baue fir jiddereen?

D’Regierung huet ugekënnegt, energetesch Renovatioune fir Wunnengen ze erhéijen. Ugesiichts de Problemer, déi mer awer aktuell um Wunnengsmaart hunn, froe mer eis, op d’Regierung sech beim Logement net éischter op aner Prioritéite wëll konzentréieren. Wa mer energetesch bauen, soll och de Bierger eppes dovun hunn. Mer wëlle vun der Regierung wëssen, wou dann déi sozial Komponent beim Wunnengsbau soll sinn?

Am Folgende fannt der den Text zu eiser Fro.

Am Kader vum nationale Klima- an Energieplang hunn d’Ministere fir Ëmwelt, Klima an Energie hir Ziler fir d’Reduzéierung vun Ofgaser duergeluecht. Am Plang ass rieds dovun d’energetesch Renovatioune fir privat an ëffentlech Wunnenge weider ze ënnerstëtzen. Leider ass et esou, dass vill Haushälter zu Lëtzebuerg, och mat dëser Ënnerstëtzung, net d’finanziell Mëttele besëtze fir sech dës energetesch Renovatioune kënnen ze leeschten. Och stellt sech d’Fro, wéi dës energetesch Renovéierunge Locataire a sozioekonomesch schwaach Haushälter abegräift an ob duerch déi energetesch Renovatiounen net souguer d’Käschte vun de Logementer méi héich kéinte ginn.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  • Ass d’Regierung der Meenung, dass eng nohalteg Klima- an Ëmweltpolitik och eng sozial Komponent muss hunn? Fënnt d’Regierung am Klima- an Energieplang dës sozial Komponent erëm?
  • Wéi wäert d’Regierung de Klima- an Energieplang ëmsetzen, fir dass och sozioekonomesch schwaach Haushälter a Locatairen ouni Zousazkäschten a Genoss vu energetesch renovéierte Logementer kommen?
  • Wëll d’Regierung Mechanisme virgesinn, fir ze garantéieren, dass d’energetesch Renovatioune vu verlounte Logementer net op Käschte vun de Locatairë ginn?

Mat déiwem Respekt,

GOERGEN Marc

Député

Keng Sue fir d’Pompjeeën

Keng Sue fir d’Pompjeeën

Eis fräiwëlleg Pompjeeë kruten hir Indemnitéite bis haut nach net ausbezuelt. D’Pirate wëlle vun der Ministesch Taina Bofferding wëssen, firwat dëst de Fall ass.

De Corps grand-ducal d’incendie et de secours (CGDIS) stellt een onverzichtbare Pilier vun eiser Gesellschaft duer. De selbstlosen Asaz vu ville Fräiwëllege rett all Dag vill Liewen zu Lëtzebuerg a wär ouni dës net funktiounsfäeg. Den Artikel 35 vum Gesetz vum 27. Mäerz 2018 beseet, dass d’Volontairen eng steierfräi Indemnitéit fir den Asaz beim CGDIS kënne kréien, déi vum Conseil d’Administration vum CGDIS decidéiert a vum Regierungsrot accordéiert gëtt. No den Informatiounen op der Website vum CGDIS gëtt den Engagement aktuell mat 1€/Stonn entlount. Verschidde Fräiwëlleger hunn eis beriicht, dass si – Stand haut – nach guer keng Indemnisatioun iwwerwise kruten.

An deem Zesummenhang wéilt ech der Ministesch dës Froe stellen:

  • Kann d’Madamm Ministesch confirméieren, dass d’Indemnitéite fir d’fräiwëlleg Pompjeeë schonn ausbezuelt goufen? Falls jo, wéini goufe se ausbezuelt?
  • Wat sinn d’Grënn vun der spéider Ausbezuelung vun den Indemnitéiten?
  • Etant donné,
  1. dass de Fonctionnement vum CGDIS op eng grouss Unzuel vu Fräiwëlleger ugewisen ass,
  2. dass den Engagement vill Fräizäit fir d’Volontaire fuerdert,
  3. der Ausso vum Koalitiounsofkommes op der Säit 54: “Une attention particulière sera portée aux pompiers bénévoles qui, ensemble avec les pompiers professionnels, sont les piliers de nos services de secours.” ass d’Madamm Ministesch Bofferding der Meenung, dass de Benevolat beim CGDIS nach besser misst entlount ginn? Falls nee, wat ass hir Erklärung?

Mat déiwem Respekt,

GOERGEN Marc

Député

D’Auxiliaires de Vie goufe vergiess

D’Auxiliaires de Vie goufe vergiess

Schonn zënter leschtem Joer ass der Regierung bekannt, datt hinnen mam Reglement vum 13. Dezember 2017 e Feeler Ënnerlaf ass. Et ass vergiess ginn d’Auxiliaires de Vie an dësen Text opzehuelen. Trotzdeem ass dëse Feeler bis haut net behuewe ginn. Wisou net? Dat hunn mir eis och gefrot a beim zoustännege Minister nogefrot. 

Am Folgende fannt der den Text zu eiser Fro:

De 6. Juli 2018 huet de Minister Schneider per Bréif op eng Entrevue vum 26. Juni 2018 tëscht him an der Associatioun vun den Auxiliaires de Vie reagéiert a versprach en technesche Feeler ze corrigéieren, deen d’Auxiliairen net an der Annexe 1 vum groussherzogleche Reglement vum 13. Dezember 2017 opféiert. Mam groussherzogleche Reglement vum 18. September 2018 gouf de virgenannte Reglement ofgeännert a liicht Ännerungen un den Annexen duerchgefouert, mee de sougenannten technesche Feeler, datt d’Auxiliaire de Vie hei vergiess goufen, gouf awer net verbessert.

  • An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:
  • Kann de Minister erklären wéi et dozou koum datt – 3 Méint no enger Entrevue bei där de Feeler thematiséiert gouf – dëse widderholl gouf?
  • Gedenkt de Minister nei Prozeduren anzeféiere fir organisationell ze garantéieren, datt schrëftlech Verspriechen an Zukunft och agehale ginn?
  • Dësen technesche Feeler hat Repercussiounen op d’Aarbechtskontrakter an d’Héicht vun der Bezuelung vu villen Auxiliaires de Vie. Wéi wäert d’Regierung déi betraffe Beruffsgrupp fir dëse Feeler entschiedegen?
  • Bis wéini plangt de Minister dësen technesche Feeler endgülteg ze behiewen?

Mat déiwen Respekt,

Clement Sven