Wei kann d’Police besser géint Cyberkriminalitéit virgoen?

Wei kann d’Police besser géint Cyberkriminalitéit virgoen?

D’Digitalisatioun bréngt fir d’Gesellschaft vill Virdeeler a Chancen. Och am Beräich vun de polizeilechen Enquëtë bidden di nei Outilen, déi d’Digitalisatioun mat sech bréngt, den Enquéteuren effikass Mëttelen, fir géint d’Kriminalitéit virzegoen. Nieft all deenen neien Opportunitéiten, erginn sech awer och ganz nei Risiken. De lëtzebuerger Staat sensibiliséiert an deem Kontext verstäerkt am Beräich vun der Onlinekriminalitéit a weist op d’Geforen hin, di den internet nu mol leider mat sech bréngt. Och d’Police ass a Saache Sensibiliséierung ganz aktiv, mee a ville Fäll sinn hier d’Hänn gebonne, well d’personnell Mëttel feelen a si kaum bis guer net proaktiv handele kann, fir méiglechst fréi géint Phishing-Websäiten a Cyberkriminalitéit virgoen ze kënnen. Aus dësem Mangel u Mëttel, sief et finanziell oder personell, ergëtt sech eng Situatioun, wou d’Biergerinnen a Bierger sech selwer iwwerlooss sinn an d’Autoritéiten eréischt da kënnen agéieren, wann et well ze spéit ass.

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

  • Kéint den Här Minister Bausch konkret Zuelen nenne wéi vill Biergerinnen a Bierger am Joer 2018 Affer vu Cyberkriminalitéit goufen ? Wéi vill vun dëse Fäll konnt d’Police mat Succès opklären?
  • Plangt de Minister Bausch an noer Zukunft d’Polizeieenheet vun der Cyber-Securitéit opzestocken ? Falls jo, ëm wéi eng zousätzlech Mëttel handelt et sech a kann den Här Minister präzis Zuelen nennen?
  • Ass virum Hannergrond vun enger Präventioun vu Phishing-Fale virgesinn, de Biergerinnen a Bierger eng Méiglechkeet ze bidden, der Police suspekt Internetsäiten oder E-Mail-Adresse fréizäiteg kënnen ze signaléieren ? Wa jo, wéi genee géif dësen Outil an der Praxis funktionéieren?
  • Här Minister Bausch, ass aktuell virgesinn der Méisproochegkeet Rechnung ze droen an d’Infomaterial vun der Police a méi Sproochen unzebidden? Wa jo, ëm wéi eng Sprooche gedenkt de Minister dës Supporten ze erweideren?

Mat déiwem Respekt,

CLEMENT Sven

Député

Den GIAL vun der Arméi soll ersat ginn

Den GIAL vun der Arméi soll ersat ginn

Mir hunn dem Verdeedegungsminister zur Ersetzung vum GIAL folgend Froen gestallt

Am Aktivitéitsrapport fir 2018 gëtt de Verdeedegungsminister un, datt de GIAL vun der Arméi duerch en SAP-System ersat soll ginn. De GIAL ass laut dësem Rapport en integréierte System fir d’Gestioun vun der Arméi, deen op d’Mooss programméiert gouf.

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

  • Wéi eng Funktiounen ëmfaasst den GIAL aktuell? Mussen all dës Funktiounen och an Zukunft assuréiert ginn?
  • Gouf well eng Entscheedung getraff, ob all dës Funktiounen duerch en eenzege System (ergo SAP) assuréiert solle ginn, oder ob net verschidden Ubidder zum Zuch sollte kommen?
  • Wéi ass den Historique vum GIAL, wat huet d’Konzeptioun an déi uschléissend Maintenance pro Joer kascht?
  • Wéi ee Budget ass virgesi fir de GIAL z’ersetzen? Wéi vill Maintenance-Kàschte sinn do ageplangt fir d’Zukunft?

Mat déiwem Respekt,

CLEMENT Sven

Député

Wisou bewerbt den CGIE ob senger Twittersait bestëmmten Software-Ubidder?

Wisou bewerbt den CGIE ob senger Twittersait bestëmmten Software-Ubidder?

Eis ass opgefall, dass den Centre de gestion informatique de l’éducation am “Bio” vu sengem Twitter-Account e bestëmmten Ubidder vun Office-Programmen bewerbt. Mir wollten wëssen, wisou eng staatlech Entitéit Publicitéit mécht fir privat Entreprisen.

Am Folgenden fannt dir déi ganz Fro:

Um Twitterprofil vum Centre de gestion informatique de l’éducation (CGIE) gëtt an der sougenannter « Bio » vun dësem Twitter-Account (an der den Déteneur vum Online-Profil sech a kuerze Wierder beschreiwe kann) per Hashtags Referenz op e spezifesche kommerziellen Ubidder vu Betribssystemer an Office-Programmer gemaach.

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

  • Ass et d’Politik vum Bildungsministère op ëffentleche Kanäl Werbung fir eng spezifesch Software an/oder Ubidder ze maachen?
  • Wat ass d’Contrevaleur, déi de Staat fir dës Werbung op Twitter kritt?
  • Wien huet entscheet dës Werbung ze schalten? Gëtt et eng Konventioun tëscht dem Staat an der Entreprise, déi d’Schalte vu solche Formen an/oder aner Forme vu Publicitéit ëmfaasst?
  • Wéi eng Konditioune mussen Entreprisen erfëllen, fir vun ähnlecher Ënnerstëtzung an enger ähnlecher Visibilitéit ze profitéieren?

Mat déiwem Respekt,

CLEMENT Sven

Député

Lëtzebuerger Zertifikater am EU Emissions Trading System

Lëtzebuerger Zertifikater am EU Emissions Trading System

Den EU Emissions Trading System (EU ETS) erlaabt et och Lëtzebuerg nom cap and trade Prinzip mat Zertifikater fir Emissiounen ze handelen.Mir wollte vum zoustännege Minister konkret Zuelen doriwwer wëssen, wéi vill Zertifikater zu Lëtzebuerg verdeelt oder versteet ginn a wéi vill Revenu doduerch fir de Staat entsteet.

Am Folgenden fannt dir den Text zu éiser Fro:

Mat dem sougenannten EU Emissions Trading System (EU ETS) gouf och zu Lëtzebuerg de cap and trade Prinzip fir Emissiounen agefouert. Dës Krediter, fir Emissiounen vun ëmweltschiedleche Gasen ausstoussen ze kënnen, däerfen fräi gehandelt ginn. Si ginn um primäre Maart zu Leipzig um EEX versteet an um sekundäre Maart och do gehandelt. Duerch dësen Handel gëtt et Betriber méiglech gemaach ekonomesch vun Aspuerungen vun CO2- Emissiounen ze profitéieren.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  • Wéi vill Zertifikater ginn (opgeschlësselt no Joer ) zu Lëtzebuerg fräi verdeelt a wéi vill gi versteet?
  • Wéi vill Revenu huet Lëtzebuerg (opgeschlësselt no Joer) duerch dës Auktioune konnte generéieren?
  • Op wéi enger legaler Basis ginn déi gratis Zertifikater u Betriber verdeelt?
  • A wéi engem Verhältnis stinn d’Unzuel u Zertifikater, déi vu Lëtzebuerg verdeelt a versteet ginn, zum Volumen un Emissiounen, déi ënnert den EU ETS falen an zu Lëtzebuerg entstinn?

Mat déiwem Respekt,

CLEMENT Sven

Député

Lobbyregësteren zu Lëtzebuerg

Lobbyregësteren zu Lëtzebuerg

Mir wollte vum Premierminister wëssen, ob d’Regierung Wëlles huet en Lobbyregister ze Lëtzebuerg fir d’Exekutiv anzeféieren.

D’Kreatioun vu Lobbyregësteren ass e vill diskutéiert Thema an der EU. Wärend Irland schonn zanter 2015 e Lobbyregëster huet, gëtt aktuell an Daitschland souwuel um Niveau vum Bundestag wéi och vun de Landtagen iwwert d’Aféiere vun engem Lobbyregëster fir méi Transparenz debattéiert. Eng Majoritéit vun Deputéierten aus dem Europaparlament huet sech rezent fir méi staark Transparenzregelen am Kontakt mat Lobbyisten op EU-Niveau ausgeschwat.

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister des Froe stellen:

  • Huet d’Regierung virum Hannergrond vun enger Transparenzsteigerung vir, nach an dëser Legislaturperiod e Lobbyregëster anzeféieren? Falls jo, wéi géif dëse Projet konkret ausgesinn a bis wéini géif e realiséiert ginn?
  • Här Minister, wat schwätzt géint e Lobbyregëster fir d’Exekutiv?
  • Ass d’Regierung gewollt een ëffentlech zougänglechen Agenda ze publizéieren, an deem d’Treffen tëscht Regierungsmemberen an externen Acteure festgehale ginn?

Mat déiwem Respekt,

CLEMENT Sven

Député

Wéi héich ass de staatlechen Afloss an de Verwaltungsréit vun der SNCA, der SNCH an dem SNCT wierklech?

Wéi héich ass de staatlechen Afloss an de Verwaltungsréit vun der SNCA, der SNCH an dem SNCT wierklech?

Well de Mobilitéitsminister eis net zefriddestellend ob eis parlamentaresch Fro iwwert de staatlechen Afloss an de Conseils d‘Administration vum SNCT, der SNCA an der SNCH geäntwert huet, froe mir nach emol no.

Den honorabelen Här Minister Bausch huet a senger Äntwert op meng parlamentaresch Fro N°427 zum engen net op all Froe geäntwert, ass zum aneren awer op guer net gestallte Froen (z.B. iwwert Dividenden) agaangen oder huet politesch Kommentarer formuléiert. Dëst féiert dozou, datt verschidde Froen nach eemol musse gestallt ginn, fir vum Minister eng Äntwert ze kréien, respektiv fir Prezisiounen zu den Äntwerten ze erhalen.

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

  • Confirméiert de Minister, datt de Staat als bénéficiaire économique vun den 3 Geselischaften, der SNCA, SNCT an SNCH, zeréckzebehalen ass?
  • Am Luxembourg Business Register, deen de fréieren Registre de Commerce et des Sociétés (ob deen de Minister a senger Äntwert awer nach venweist) ersat huet, fënnt een op enger Lëscht vun der Trésorerie de l’Etat, d’Nimm vun dräi Persounen, déi an den Opsiichtsréit vun deenen 3 Gesellschaften (SNCT, SNCA, SNCH) sinn. Si goufe vu staatlecher Sait genannt a si laut der Äntwert vum Minister Fonctionnairen. Kann de Minister confirméieren, datt dës 3 Beamten eng Autorisatioun fir eng Niewebeschäftegung als Administrateur an der SNCT vun hirem zoustännege Minister kruten? Wa jo wéini goufen dës Autorisatiounen ausgestallt?
  • Vue datt d’Zuele bei der SNCA laut Ausso vum Minister net méi vergläichbar mat aneren Exercicer sinn: Wéi héich waren d’Indemnitéite vun den Administrateuren – opgeschlësselt no Gesellschaft a mat enger Indikatioun zur Unzuel vu Sëtzunge vum Conseil pro Joer vun 2012 bis haut?
  • Ass de Minister net der Meenung, datt iwwert den Ëmwee vun enger Nominatioun vu Beamten an den Conseil vun enger SA duerch eng SARL – amplaz duerch de Staat, deen bénéficiaire économique ass – de Geescht vum Gesetz vum 25. Juli 1990 ëmgaange gëtt?
  • Ass de Minister net der Meenung, datt een eng Ännerung vum Gesetz vum 25. Juli 1990 misst ustriewen, fir déi do festgehalen Dispositiounen op all Gesellschaftsformen auszedehnen?

Mat déiwem Respekt,

CLEMENT Sven

Député

Wei vill Bauland ass an der Hand vum Staat?

Wei vill Bauland ass an der Hand vum Staat?

De Rapport iwwert d’réserve foncière vum LISER huet Diskussiounen doriwwer opkommen gelooss, wéi vill Bauland an a staatlechen Hänn ass. Mir hunn d’Regierung an enger parlamentarescher Fro em konkret Zuelen gefrot.

No der Presentatioun vun der Etüd vum USER zur sougenannter réserve foncière huet de Maître Georges Krieger op RTL behaapt, datt e Gros vun der mobiliséierbarer Reserv an den Hänn vum Staat a virun allem vum Fonds du Logement wier.

An deem Zesummenhang wéilt ech der Ministesch dës Froe stellen:

  • Wéi vill Parzelle vu wéi vill Surface, déi nach net bebaut sinn, sinn haut am Besëtz vum Fonds du Logement? W.e.g. als Lëscht mat: Kadasternummer / Surface / mat enger Indikatioun ob se am PAG leien, mat Indikatioun vun der Zone (HAB1, HAB2,…), respektiv mat enger Note ob schonns e PAP besteet / dem Joer vun der Acquisitioun / dem Präis pro Ar vun der Acquisitioun.
  • Wéi vill Parzelle vu wéi vill Surface, déi nach net bebaut sinn, sinn haut am Besëtz vun der SNHBM? W.e.g. als Lëscht mat: Kadasternummer / Surface / mat enger Indikatioun ob se am PAG leien, mat Indikatioun vun der Zone (HAB1, HAB2, …), respektiv mat enger Note ob schonns e PAP besteet / dem Joer vun der Acquisitioun / dem Präis pro Ar vun der Acquisitioun.
  • Wéi vill Parzelle vu wéi vill Surface, déi nach net bebaut sinn, sinn haut am Besëtz vum Fond de Kirchberg? W.e.g. als Lëscht mat: Kadasternummer / Surface / mat enger Indikatioun ob se am PAG leien, mat Indikatioun vun der Zone (HAB1, HAB2, …), respektiv mat enger Note ob schonns e PAP besteet / dem Joer vun der Acquisitioun / dem Präis pro Ar vun der Acquisitioun.
  • Wéi vill Parzelle vu wéi vill Surface, déi nach net bebaut sinn, sinn haut am Besëtz vum Fond Belval? W.e.g. als Lëscht mat: Kadasternummer / Surface / mat enger Indikatioun ob se am PAG leien, mat Indikatioun vun der Zone (HAB1, HAB2, …), respektiv mat enger Note ob schonns e PAP besteet / dem Joer vun der Acquisitioun / dem Präis pro Ar vun der Acquisitioun.
  • Wéi vill Parzelle vu wéi vill Surface, déi nach net bebaut sinn, sinn haut am Besëtz vum Fond d’assainissement de la cité Syrdall? W.e.g. als Lëscht mat: Kadasternummer / Surface / mat enger Indikatioun ob se am PAG leien, mat Indikatioun vun der Zone (HAB1, HAB2,…), respektiv mat enger Note ob schonns e PAP besteet / dem Joer vun der Acquisitioun / dem Präis pro Ar vun der Acquisitioun.

Mat déiwem Respekt,

CLEMENT Sven

Député

Problemer bei der Vermëttlung vun Déiren, déi eng Amputatioun erlidden hunn

Problemer bei der Vermëttlung vun Déiren, déi eng Amputatioun erlidden hunn

Feelt engem Hond oder enger Katz e Stéck vum Schwanz, ass et Déiereschutzorganisatiounen opgrond vun der aktueller Gesetzeslag oft net méiglech dës Déieren an eng Famill ze vermëttelen. Mir wollten vun der Regierung wëssen, ob een d’Aarbecht vun Déiereschutzorganisatiounen an dësem Beräich net besser ënnerstëtzen kéint.

Den Artikel 11 vum lëtzebuergeschen Déiereschutzgesetz hält zesumme mam Reglement grand-ducal vum 6 November 2018 test, dass et verbueden ass en Hond ze besetzen oder ze verkafen, deen eng Amputatioun erlidden
huet, déi veterinärmedezinesch net noutwenneg war an net ob eng Kastratioun oder eng Sterilisatioun zeréckgeet. Esou ass et zu Lëtzebuerg säit 2018 also net méi erlaabt en Hond ze besetzen, deem opgrond vu vermeintleche Schéinheetsidealer de Schwanz amputéiert gouf. Obwuel dëst Gesetz eng wichteg Mesure ass, fir d’Verstümmelung vu Rassenhënn ze ënnerbannen, setzt et Associatiounen, wéi z.B. Pets Angels Luxembourg, déi sech em vernoléissegt Déieren am Ausland an zu Lëtzebuerg këmmeren,’ virun e grousse Problem.

Duerch dat néit Gesetz ass et Déiereschutzorganisatiounen oft nämlech net méi méiglech, amputéierten Déieren en neit Doheem ze schenken, well d’Associatiounen a ville Fäll net noweise kennen, wéi et zu der Amputatioun koum – bspw. duerch en Accident, eng ugebuere Malformatioun oder eben e mënschlecht Agräifen -, an d’Déieren dofir net weider vermëttelen däerfen.

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

  • Wéi a wéi oft gëtt d’Ëmsetzung vum Artikel 11 vum Déiereschutzgesetz zu Lëtzebuerg kontrolléiert?
  • Wéi a wéi oft gëtt spezifesch kontrolléiert, dass Léit keng amputéiert Hënn halen?
  • Ass d’Regierung der Meenung, dass d’Déiereschutzgesetz an de Reglement vum 6 November 2018 ënnert hirer aktueller Form Déiereschutzorganisatiounen an hirer Aarbecht aschränken?
  • Gedenkt d’Regierung – villäicht iwwert de Wee vu staatlech ausgestallten a kontrolléierte Lizenzen – bestëmmten Associatiounen, déi sech fir d’Wuel vu vernoléissegten Déiren asetzen, eng Erlaabnis ze erdeelen, fir amputéiert Hënn oder Katzen aus dem Ausland an dem Inland zu Lëtzebuerg vermëttelen ze kennen?

Mat déiwem Respekt,

CLEMENT Sven

Député

Wéi héich ass de staatlechen Afloss an de Verwaltungsréit vun der SNCA der SNCH an dem SNCT wierklech?

Wéi héich ass de staatlechen Afloss an de Verwaltungsréit vun der SNCA der SNCH an dem SNCT wierklech?

D’SNCT soll dem Mobilitéitsminister no eng onofhängeg Gesellschaft sinn, ob déi de Staat keen Afloss huet. An trotzdeem gehéieren dem Staat 75% vun der SNCA där 100% vun der SNCT gehéiren. D’Präsenz vu staatlech genannte Memberen an de Verwaltungsréit vun der SNCA der SNCT an der SNCH léisst eis un der tatsächlecher Onofhängegkeet vun dësen Entitéiten zweiwelen, an dofir hunn mir dem Minister folgend parlamentaresch Fro gestallt:

An den Äntwerten op d’parlamentaresch Froen 302, 303, 310 an 312 huet den Här Minister uginn, datt hien op d’SNCT keen Afloss hätt, well et sech em eng Gesellschaft op engem liberaliséierte Maart handele géif. Gläichzäiteg
gehéieren dem Staat awer 75% vun der SNCA, där 100% vun der SNCT gehéieren. An ausserdeem gehéieren der SNCA och ~88% vun der SNCH (déi aner ~12% gehéieren dem Wirtschaftsministère).

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

  • Confirméiert de Minister, datt de Staat als bénéficiaire économique vun den 3 Gesellschafte SNCA, SNCT an SNCH zeréckzebehalen ass?
  • Wéi vill Administrateure bei der SNCA si vum Staat genannt? Wéi vill Administrateuren huet d’SNCA am Ganzen?
  • Wéi vill Administrateure bei der SNCH si vum Staat genannt? Wéi vill Administrateuren huet d’SNCH am Ganzen?
  • Wéi vill Administrateure bei der SNCT sinn identesch mat Persounen, déi bei der SNCA oder der SNCH vum Staat genannt sinn? Wéi vill Administrateuren huet d’SNCT?
  • Laut dem Bilan vun der SNCA sinn d’Indemnitéite vum Conseil d’Administratioun vun 29.757 € am Joer 2015 op 153.202,50 € am Joer 2017 gestigen (e Plus vu 415%). Bei der SNCT sinn se vun 21.900 € am Joer 2016 op 50.000 € am Joer 2017 gewuess (e Plus vun 128%) an och bei der SNCH sinn se vu 27.900 € am Joer 2016 op 49.070 € am 2017 ugestige mat enger Hausse vun +76% also. Hunn déi vum Staat genannten Administrateuren eng Autorisatioun gehat, fir d’Indemnitéiten an de Conseil’en eropzesetzen?
  • Gouf zanter dësen Erhéijungen eng Entscheedung nom Gesetz vum 25. Juli 1990 getraff, déi festhält, datt déi vum Staat genannten Administrateuren dës Erhéijunge selwer behalen dierfen, oder goufen se un d’Staatskeess ofgefouert? Wéi vill gouf – opgeschlësselt no Joer – vun dësen Administrateuren un d’Staatskeess ofgefouert?

Mat déiwem Respekt,

CLEMENT Sven

Député

Privat Konschtsammlungen an nationale Muséeë

Privat Konschtsammlungen an nationale Muséeë

D’Assurance an de Stockage vu Konschtsammlungen oder eenzele Wierker, déi a Privatbesëtz sinn, ginn vun nationalen Muséeën iwwerholl, wann d’Besëtzer zoustëmmen, dass de Musée d’Konschtwierker dem Public zougänglech maachen kann. Mir welle wëssen, wéi vill Euro de Staat op dëse Wee fir den Ënnerhalt an d’Versécherung vu privaten Konschtinvestissementer ausgëtt.

Am folgenden fannt dir den Text zu eiser Fro:

Privatpersounen, déi eng Konschtsammlung oder e wäertvollt Eenzelstéck besetzen, kennen hier Konschtwierker u Muséeë verléinen. Esou hunn déi verschidde Muséeën zu Lëtzebuerg, laut Aussoe vun der Presse an der Madamm Ministesch, eng Rei Wierker an och ganz Kollektioune vu Privatleit am Prêt. Dës Wierker a Kollektioune ginn op d’Käschten a Verantwortung vun de Muséeën stockéiert, ënnert der Konditioun, datt d’Wierker kënnen dem Public zougänglech gemaach ginn. D’Besëtzer musse wärend der Zäit, wou se hier Biller de Muséeën zur Verfügung stellen, also keng Käschte fir de Stockage oder d’Assurance vun hire Wierker a Kollektiounen iwwerhuelen.

An deem Zesummenhang wéilt ech der Ministesch dës Froe stellen:

  • Wéi vill Wierker oder ganz Kollektioune sinn am Moment (opgelëscht nom Musée an der Unzuel vu Wierker pro Prêt) a Muséeë mat staatlecher Bedeelegung am Prêt?
  • Wéi héich sinn d’Käschte fir d’Assurancen, fir de Stockage a fir aner Fraisen, déi duerch dës Prête fir d’lëtzebuergesch Muséeën entstinn (opgelëscht no Musée)?
  • Mussen d’Besëtzer vun dëse Wierker dësen “avantage en nature” a Form vun enger Stockéirung a Versécherung vun hire wäertvollen Investissementer versteieren? Oder handelt sech hei em eng steierfräi Faveur, fir méi Sammler zu engem Prêt ze motivéieren?
  • Wéi héich ass d’assuréiert Somme vun deene Wierker, déi de Muséeë selwer gehéieren am Verglach zu der assuréierter Somme vun deene Wierker, déi geléint sinn (an absoluten a relative Wäerter)?

Mat déiwem Respekt,

CLEMENT Sven

Député