Camille Liesch

Gudde Moien,dir Dammen an Hären,léif Frënn.

Ech sinn de Camille Liesch a wunnen zu Olm an der Gemeng Kielen.

Seit ville Joren interesséiert mech d’Politik an ech hunn zenter 2013 an der Pirate Partei Lëtzebuerg meng politesch Heemecht fonnt.
2013 war ech dann och Kandidat fir Piratepartei am Süde fir d‘Chamberwahlen.

2014 sollt ech da mat 5 anere Kolleginnen a Kollege fir d‘Europaparlamentswahle starten.
Den nächsten Optrëtt war 2017,wou déi Lëtzebuerger Piraten  bei de Gemengewahlen ugetruede sinn. Als Spëtzekandidat vu menger Gemeng hunn ech mat bal 6% en awer passabelt Resultat géint déi etabléiert Parteien an der Gemeng Kielen erreecht. Tëschenduerch war ech Member am Comité Südbezierk an och Vize-President vun der Partei.

Fir den Oktober bei de Chamberwahlen hoffen ech, dass den Asaz och hei am Westen, den zum Südbezierk gehéiert, honoréiert gëtt.

Eng weider Etapp ass deen ob internationalem Niveau ,wou mir bei enger Demo Kontakt mat de Parteikollege vu Stuttgart  kritt hunn.

Um Niveau vum Benevolat sinn ech an enger Réi vun Organisatiounen:

Am Domaine vun Tourismus sinn ech als President vun der Asbl Asivemawou mir mir den Tourismus un der Aisch,Mamer an Atertdall promouvéieren.

Gläichzäiteg vertrieden ech déi Asbl als Comitésmember an de Leader-Programme Lëtzebuerg-Westen,Leader Atert-Wark an am Office Regional de Tourisme Guttland.

Ëffentlechen Transport huet mech nach ëmmer interesséiert. Am Comité des Usagers ,wou ech Vize-President sinn,huele mir eis de Problemer vun de Benotzer un.

Faszinéiert vun der Siderurgie ,sinn ech virun 12 Joer Comitésmember an der Amicale Heich-Uewen Arbed Belval gi wou ech och tëschenduerch Caissier war.

An der Ligue HMC zu Capellen hunn ech e mandat bénévole am Conseil.
Schlussendlech gehéiert da Matschaffen a verschiddene Kommissiounen an der Gemeng Kielen zu mengen Aktivitéiten.

De Mënsch huet meeschtens awer och Hobbyen.

Bei mir ass dat Eisebunn a Modelleisebunn,dëst a Form vu Modullen,Virbild Lëtzebuerg.

Sou konnt ech scho méi wei eng Kéier meng Garen am Moossstaf ob Ausstellungen, niewent Fotoen an Zich weisen.

Wei dir gesitt, si meng Interesse villsäiteg an de Mënsch an d‘Gesellschaft bestëmme mäin Liewen.
Sou steet dann och mäin politeschen Asaz ënnert dem Motto fir de Mënsch do ze sinn.

 

 

Zesummenhang posts

A ville Länner ginn neigebuere Kanner kuerz no hirer Gebuert am Kader vum Dépistage néonatal op verschidde selte Krankheet getest. Zil vum Screening ass
LU-CIX ass een nationalen Internet exchange Point zu Lëtzebuerg, deen als Service de Schutz vu kritesch Netzer an Hosts proposéiert. D’Asbl gëtt et säit
D’Verwaltungsgeriicht huet rezent jugéiert, dass de Staat engem Flüchtling, deen eleng geflücht war, op Basis vun eiser Gesetzeslag net kann eng Wunneng refuséieren (Arrêt