fbpx

Interimskontakter zu Lëtzebuerg

Wéi aus der Äntwert vum Aarbechtsminister op eis Froen ervirgeet, ass d’Unzuel vun den Interimskontrakter an de leschten 10 Joer an d’Luucht gaangen. D’Pirate begréissen, dass de Minister Enn 2019 eng Circulaire un d’Interimsagencen erausginn huet, mee dat geet net duer! Et geet och net duer, dass de Minister bei dësem Problem un d’Aarbechtsgeriicht verweist, well déi meescht betraffen Aarbechter et aus Geldmangel net riskéiere kënnen, juristesch Schrëtt géint hiren Ausbeuter anzeleeën.

Fir eis Piraten ass kloer: Interimsagencë benotzen Aarbechter als bëlleg Aarbechtskraaft a ginn hinne keng Perspektiven. Dofir muss d’Zeréckgräifen op Interim mat engem steierlechen Nodeel fir d’Interimsagence an d’Firma méi onattraktiv gemaach ginn. D’Regierung muss hei selwer handelen, wann si wëll kredibel sinn.

Weiderliesen

Aarbechtslos ginn wärend der COVID-19-Pandemie: wéi eng Reegele gëlle fir Aarbechter mat engem CDD/Interimskontrakt?

Am Kader vun der COVID-19-Pandemie, huet d’Regierung d’Decisioun geholl, fir d’Entreprisen an dëse schwéieren Zäiten z’ënnerstëtzen. Eng vun dëse Mesuren ass de Chômage partiel. De Chômage partiel ka souwuel vun Employéë mat engem CDI, wéi och vun deene mat engem CDD ugefrot ginn. 

Fir verschidde Leit, déi sech aktuell an engem CDD oder Interimskontrakt befannen an, erginn sech aus dëser Situatioun gewëssen Onsécherheeten.

WeiterlIesen

Covoiturage zu Lëtzebuerg – firwat gëtt net op erfollegräich Léisunge gesat?

A menger parlamentarescher Fro n°138 hat ech d’Regierung ëm Informatiounen zu der Copilote-App gefrot. D’App war entwéckelt ginn, fir de Covoiturage zu Lëtzebuerg ze fërderen. Allerdéngs war d’App keen Erfolleg. Trotz Publicitéitscampagnen am Wäert vun 179.949€ (Stand Januar 2019) huet d’App net den Uklang bei de Notzer vum Covoiturage fonnt a gouf an eng aner App mam Numm Klaxit agegliddert. An anere Länner existéieren awer schonns zënter Jore ganz erfollegräich Covoiturage-Appen, als bekannteste Beispill sinn nëmmen UBER, LYFT oder BLABLACAR ze nennen.

Weiterliesen

Verwaltungsrot vun der Spuerkeess

Am Kader vun der Fermeture vun de sëllege Guicheten uechtert d’Land goufe vun alle Parteie well eng Rëtsch parlamentaresch Ufroe gestallt a beäntwert. D’Decisioun d’Guicheten zou ze maachen ass am Conseil d’Administration vun der Spuerkeess (BCEE) gefall. D’Statute vun dësem Organ sinn iwwerdeems der Dageszeitung “LeQuotidien” no, zanter 1989 net adaptéiert ginn. 

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

  • Här Minister wei vill Vertrieder vum Staat hunn am Conseil d’Administration vun der Spuerkeess (BCEE) fir d’Fermeture vun de Guichete gestemmt? Wei vill hunn Vertrieder vum Staat hunn dergéint gestëmmt? 
  • Här Minister, gouf et eng Concertatioun tëscht de Verwaltungsrotsmemberen an dem Ministere virum Vott? Wa jo wéini?
  • Wat ass de geneeë Wuertlaut vum Punkt iwwert deen de Verwaltungsrot vun der Spuerkeess (BCEE) ofgestëmmt huet an dee schlussendlech d’Fermeture vun de Guicheten aktéiert huet ?
  • Här Minister, gëtt envisagéiert d’Statute vum Conseil d’Administration vun der Spuerkeess (BCEE) ze modifiéieren ?

BCEE Fermeture: Zukunft vun de Gebailechkeeten

D’Spuerkeess (BCEE) huet rezent annoncéiert eng ganz Rëtsch Guicheten uechtert d’Land zouzemaachen. Wëssend, datt d’Spuerkeess zu 100 % dem Lëtzebuerger Staat gehéiert, stellt sech d’Fro wat elo mat de Gebaier geschitt, déi zukünfteg net méi als Agence genotzt ginn. De Logements- a Mobilitéitsproblem zu Lëtzebuerg spëtzt sech zou. Deemno kéint d‘Spuerkeess (BCEE), als Etablissement public, e vun den Acteuren sinn, déi e soziale Rôle an dëse Froen iwwerhuele kéinten. Schonn am Joer 1929 huet d’Spuerkeess (BCEE) ee Rôle social assuméiert. Op der Internetsäit vun der Spuerkeess (BCEE) ass dozou Folgendes ze liesen : « En 1929, la Caisse d’Épargne se voit adjoindre un nouveau service, celui des Logements Populaires, créé par la loi du 26 avril 1929. Ce nouveau service, placé sous l’autorité du Gouvernement et administré par la Caisse d’Épargne pour le compte et sous la garantie de l’État, a pour mission d’octroyer des prêts à taux d’intérêt réduit pour la construction d’habitations à bon marché pour ainsi faciliter l’accession à la propriété immobilière également aux classes sociales moins fortunées. »Wëssend, datt d‘Taux d‘intérêts haut historesch déif sinn, kéint d‘Spuerkeess (BCEE) beispillsweis iwwert eng Contributioun sociale en nature, a Form vun enger Cessioun vun hiren Immobilien un d‘Gemengen oder de Staat, op e Neit e Rôle social erfëllen. 

Weiderliesen

Wéini gëtt de Stau eidel lafe gelooss?

De Stauséi déngt säit 1961 als Drénkwaasserreserve fir grouss Deeler vum Lëtzebuerger Land, ma ass awer och e Point d’Attraction fir den Tourismus, dat ganzt an enger eenzegaarteger Natur. Am Joer 1991 ass de Stauséi fir d’lescht eidel lafe gelooss ginn, fir Entretiensaarbechten duerchzeféieren. Haut sinn et also bal 30 Joer hir. Wéini ass et erem sou wäit? De MARC GOERGEN hakt no.

Validation des acquis

An der Question parlementaire n°1291 vum 4. Oktober, wollt ech vun den Häre Minister fir Bildung, Aarbecht a Wirtschaft ënnert anerem gewuer ginn, wéi vill Ufroe fir eng Validation des acquis am Joer 2018 an 2019 gestallt goufen. Den Här Educatiounsminister huet mir dës Froe mat konkrete Statistike beäntwert an ass nach eng Kéier méi genee ob d’Fonctionnement vun der VAE-Prozedur agaangen. Aus de geliwwerten Äntwerten erginn sech fir mech awer nach eng Rei Inconnuen.D‘groussherzoglecht Reglement vum 15. Dezember 2017 reegelt d‘Accompagnementer vun de Kandidate fir d‘VAE. Och hei stellen sech nach eng Rei Froen, virun allem wann een déi deemoleg Avise vun der Chambre des Salariés an dem Staatsrot méi genee ënnert d‘Lupp hëlt.

(mehr …)

Subsiden fir d’Restauratioun vun historesche Gebaier

E Gebai, wat ënnert nationalem Denkmalschutz steet, kann – konform zum ofgeännerte Gesetz vum 18. Juli 1983 betreffend der Conservatioun an der Protektioun vun historesche Sitten – am Fall vun enger Restauratioun an de Genoss vu finanziellen staatlechen Aide kommen.

An deem Zesummenhang huet den Sven Clement der Ministesch fir Kultur folgend Froe stellen:

  1. Wéi vill Subsiden sinn an de leschten zéng Joer, opgeschlësselt pro Joer, fir d’Restauratioun vun historesche Gebaier vum Services des Sites et Monuments Nationaux (SSMN) verdeelt ginn? 
  2. Wéi verdeele sech dës Aiden opgeschlësselt no Gebaier ënnert nationalem Denkmalschutz, lokalem Schutz an deenen déi ënnert enger anerer Form eligibel fir Aiden sinn? 
  3. Wat ass d’Maximalsomm, déi fir e Projet ausbezuelt gouf?
  4.  Wat sinn d’Kritären fir d‘Konformitéit mat de Standarden vum Denkmalschutz? 
  5. Wat geschitt, wann Aarbechten net no deene Critèren ausgefouert goufen? Wien iwwerpréift a wien iwwerwaacht dat?
  6. Ginn et Oplagen, wat de Verkaf vu Gebaier, deenen hier Renovatioun/Restauratioun subsidéiert gouf, ugeet? Muss de Subside do zréckbezuelt ginn oder en Deel vun der Plus-value un de Staat zréckgefouert ginn. Wann net, gedenkt d’Regierung dat ze änneren, fir d’Spekulatioun op historescher Bausubstanz ze ënnerbannen?