Medezinesche Cannabis, e klenge Schrëtt, wou e Sprong néideg wier

Medezinesche Cannabis, e klenge Schrëtt, wou e Sprong néideg wier

Medezinesche Cannabis, e klenge Schrëtt, wou e Sprong néideg wier
Mam Projet de Loi 7253 deen haut an der Chamber ofgestëmmt gëtt, gëtt endlech de medezinesche Cannabis legaliséiert. D‘Pirate begréissen dëse Schrëtt a sinn och frou iwwert de Sënneswandel vun der Chamber bei der Fro wéi restriktiv d‘Verschreiwen ze behandelen ass.
D‘PIRATEN bedaueren awer, datt vill wichteg Detailer, wéi sou heefeg an engem separate groussherzogleche Reglement verstoppt wäerte sinn, sou datt en Debat gläichzäiteg zur Ofstëmmung vum Gesetz net wierklech méiglech ass.
Ganz besonnesch d‘Fro wéi eng Krankheeten duerch medezinesche Cannabis dierfe behandelt ginn, hätt missten direkt thematiséiert ginn, oder ganz fale gelooss ginn.
Den Dokter Jean Colombera, Medeziner a Kandidat am Norden op der Lëscht „PIRATEN“ seet dozou:
    
„D‘Beschränkung op verschidde Krankheeten ass genee dat, wat d‘AMMD beim tiers payant fäert, datt d‘Regierung engem Dokter virschreiwe wëll wat en ze verschreiwen huet. Hei gëtt de Prinzip vum onofhängegen Dokter deen seng Patienten optimal behandele soll mat Féiss getrëppelt.“
„Den Norden gëtt vun dësem Gesetz nach zousätzlech bestrooft, well de Cannabis nëmmen an ,pharmacies hospitalières‘ däerf verdeelt ginn. Dëser ginn et awer nëmme 4 am ganze Land, dovunner keng méi nërdlech wéi Ettelbréck. D‘Chamber vergësst alt erëm, datt d‘Land net hannert Ettelbréck ophält.“
Video:

Cannabis “Made in Luxembourg”:

Virdeeler vu Cannabis an der Medezin:

Fir legaliséiere vu Cannabis:

 

Gaymat 2018 – Piraten denke queesch!

Gaymat 2018 – Piraten denke queesch!

D’Piratepartei ënnerstëtzt zënter 2012 de lëtzebuergeschen Pride Gaymat. Zënter eiser Grënnung setze mir eis fir e friddlecht a respektvolle Mateneen an, wou d’Rechter vun der LGBTQ-Community eis och besonneg um Häerze leien.

Et ass eis dofir en Uleies, eis och dëst Joer nees géint d’Diskriminéierung vu sexueller Orientéierung an geschlechtlecher Identitéit anzesetzen. Dir fannt eis dofir den 14. Juli mat engem Stand um Gaymat op der Escher Gemengeplaz, wou mir natierlech eng hellewull un Informatiounsmaterial dobäi hunn.

2017 gëtt et awer och fir eis eng Premiere: nodeems d’Piraten zënter der Erëmafféierung vun engem Equality-March all Joers als Foussgrupp matmarschéieren, wëlle mir dëst Joer mat engem eegene Won en Zeechen fir méi Akzeptanz setzen an esou d’Organisatioun vun dësem wichtegen Cortège ënnerstëtzen.

Och wann et gläichgeschlechtlechen Koppelen zënter 2015 endlech erlabt ass, sech bestueden ze kënnen, sou bleiwt awer nach vill ze maachen: Vereinfachungen an der Legislatioun beim Changement vum Geschlecht an de Pabeieren sou wéi bei Geschlechtsugläichenden Operatiounen vun transident an intersexuelle Leit, d’Erlabe vu Bluttspenden fir homosexuell Männer etc. Net ze vergiessen, datt et nach Länner op dëser Äerd ginn, an deem LGBTQ-Mënschen nach ëmmer verfollegt, gefoltert an ëmbruecht ginn.

Kommt dofir e Samsden, den 14. Juli op Esch an zelebréiert mat eis an der gesamter LGBTQ-Community déi d’Diversitéit vun enger fuerweger, toleranter an liewensfrouer Gesellschaft.

 

 

 

 

Méi zum Thema:

Regierung leet d’Sprooch an den Tirang fir de Wahlkampf

Regierung leet d’Sprooch an den Tirang fir de Wahlkampf

De Gesetzesprojet 7231 zur Fërderung vun der lëtzebuergescher Sprooch ass de Beweis, datt d’Regierung léiwer Walkampf mam Thema vun der Sprooch mécht, wéi konkret hire Strategiepabeier vun 2017 op eng gesetzlech Basis ze stellen.

De virleiende Gesetzesprojet verankert nëmmen 3 vun 20 Mesuren déi d’Regierung 2017 versprach huet an engem neie Gesetz. Dëst sinn :

· Kommissär fir d‘Lëtzebuerger Sprooch

· Zenter fir d‘Lëtzebuerger Sprooch

· Conseil fir d‘Lëtzebuerger Sprooch

« Et huet een d’Gefill als géif d’DP-LSAP-déi gréng Regierung hei nach séier nei Poste schafen a Symbolpolitik bedreiwen, fir esou am Wahlkampf genee dat selwecht wéi 2017 ze verspriechen. Mee et soll een sech ëmmer drun erënneren : ,wer einmal lügt, dem glaubt man nicht, und wenn er auch die Wahrheit spricht’ », sou de Sven Clement vun de PIRATEN,

« Dës Regierung hat d’Responsabilitéit, fir d’lëtzebuergesch Sprooch am Alldag ze stäerken, an alles wat se zu Wee bruecht huet, ass d’Schafe vun neien Administratiounen. Wahrscheinlech gouf de Strategiepabeier einfach nach net ëmgesat fir am Wahlkampf nach kënne Verspriechungen ze maachen, déi längst ëmgesat kéinte sinn. »

 

 

Erneuter Rechtsruck im Gemeinderat.  Auf dem rechten Auge blind!

Erneuter Rechtsruck im Gemeinderat. Auf dem rechten Auge blind!

„Die Bevölkerung der Gemeinde Petingen entschied im Oktober 2017 den Herrn Joé Thein und seine rechtsorientierte Partei nicht zu wählen, lediglich um die 2% erzielten die rechten Ideen und Vorschläge.

 

Was die Bürger richtig erkannten, scheint für manche Politiker schwieriger zu sein. So wurde der umstrittene Politiker nun mit 8 von 16 Stimmen (17 Personen im Gemeinderat: eine Stimme ungültig) in die lokale Integrationskommission gewählt. „

Dies war unsere Feststellung im Februar dieses Jahres, als Joé Thein mit 8 Stimmen gewählt wurde, wir waren bereits damals schockiert und empört über den Rechtsruck und hofften auf ein Versehen der Fraktionen. Jetzt jedoch bestätigte sich, es war Absicht.

Im gestrigen Gemeinderat war wieder eine Entscheidung über einen freien Platz in der Integrationskommission zu treffen und erneut hat die Partei „déi Konservativ“ einen Kandidaten präsentiert, diesmal die nationale Vize-Präsidentin der Partei, welche sich sogar in der Parteizentrale anmelden hat lassen, um überhaupt zur Wahl antreten zu können.

 

Die Piratenfraktion erklärte klar vor der Abstimmung, um welche Person mit welchen Ideen es sich handelt und sprach sich öffentlich gegen die Wahl aus.

 

Mit 10 Stimmen wurde Frau Schwachtgen jedoch in die Kommission gewählt,
7 Gemeinderäte zeigten Flagge gegen Rechtsextremismus und stimmten mit Nein.

 

Die Piraten zeigen sich schockiert über die CSV, welche über 8 Stimmen im Gemeinderat verfügt. Die zwei nationalen Kandidaten Pierre Mellina sowie der Abgeordnete Jean-Marie Halsdorf hätten zusammen mit Ihrer Fraktion hier ein klares Zeichen gegen Rechtsextremismus setzen können. Zusammen mit den Stimmen der Piraten wäre die Wahl der Kandidaten zu verhindern gewesen.

 

Der Rechtsruck im Gemeinderat besorgt die Fraktion der Piratenpartei zu tiefst, mit Sicht auf die Wahlen im Oktober, hat die CSV hier ein klares Zeichen für einen Kurs Richtung Rechts gesetzt.

 

 

 

Mitgeteilt von der Fraktion der Piratenpartei im Petinger Gemeinderat.

Copyright Reform: Linksteier & Upload Filtere wäerten de fräien Internet a Gefor bréngen

Copyright Reform: Linksteier & Upload Filtere wäerten de fräien Internet a Gefor bréngen

De Justizausschoss vum europäesche Parlament huet haut sech mat enger Majoritéit dofir ausgeschwat fir der Kommissioun hir Direktiv iwwert Copyright an den Digitalen „Single Market“ gutt ze heeschen. D‘Piraten Europadeputéiert Julia REDA an d‘Fraktioun vun „The Greens/EFA“ wou hat Member ass, hunn dogéint gestëmmt, well si de fräien Internet a Gefor gesinn.

D‘Proposen déi haut ugeholl goufe gesinn ënnert anerem d‘Aféierung vu

folgende Saache fir:

    – Eng Steier op d‘Deele vu Linken, déi Internetplattforme forcéiert eng Lizenz ze bezuele wann e Benotzer en Artikel deele wéilt deen och nëmmen den Titel géif beinhalten.

    – Automatesch Upload Filteren, déi all Fotoen, Videoen an Texter, déi e Benotzer eropluet mussen erausfiltere wou och nëmmen de Verdacht op Copyright-Verstéiss bestinn

D‘Julia Reda, MEP fir déi däitsch Piraten a Member vun der Fraktioun „The Greens/EFA“ kommentéiert:

    „Dës Mesurë maachen den Internet futti! Mënsche wäerte Problemer kréie fir zum Beispill d‘Aktualitéit online ze kommentéieren. Eis Fräiheete ginn hei um Altor vun den Interesse vu mächtege Lobbygruppe geaffert.“

    „Och wann d‘Direktiv néideg ass fir eise Copyright un d‘21. Joerhonnert unzepassen, gouf hei probéiert mam Hummer eng Schrauf anzedréien. D‘Linksteier wäert amplaz de Journalismus ze fërderen, de Journalismus behënnere virun allem méi kleng Editeure bestrofen déi vum Deele vun hire Contenue liewen.“

    „D‘Pläng fir automatesch Filtere sinn immens kuerzsiichteg. Se wäerte Parodien, Satiren a Memen onméiglech maachen. Dëst schiedegt eis europäesch Internet- a Kreativ-Industrie méi, wéi et hëlleft“

    

D‘Piratepartei Lëtzebuerg ënnerstëtzt d‘Julia an der Lutte fir e Vott vum ganze Parlament ze fuerderen, fir esou et méiglech ze maachen de fräien Internet wéi mir e kennen ze retten.

Den Andy Maar, Kandidat am Norde seet dozou:

        „De fräien Internet zu Gonschte vu grousse Firmen ze afferen an d‘Benotzer ze vergiessen ass inakzeptabel. Wien d‘Géigner vum fräien Internet sicht, ass hei fündeg ginn.“

Zensurmaschinne stoppen!

Zensurmaschinne stoppen!

Den gréissten Internet-Filter, deen et jee an Europa gouf, gëtt grad opgebaut.
D’Europa Politiker schaffen um Gréissten Internet-Filter, dee mir jeemools gesinn hunn. Dat kléngt elo vläicht e bëssen dramatesch, ass awer leider keng Iwwerdreiwung. Falls dësen Virschlag ugeholl gëtt, mussen Firmen wéi Soundcloud, eBay, Facebook an Flickr, alles filteren, wat s du eroplueden wëlls. Een Algorithmus entscheet dann, wat s du dem Rescht vun der Welt däerfs weisen a wat net.

Firwat hunn ech dovunner bis elo nach näischt héieren?

De Virschlag fir dësen Internet-Filter ass verstoppt am Artikel 13 vun engem aneren Virschlag fir déi nei Europäesch Urheberrechtsveruednung. Mä et brauch net vill Fantasie fir sech virzestellen, firwat Internet-Filter soss nach kënnen benotzt ginn. Mir wetten, datt Politiker well drop gammsen fir Internet-Filter ze benotzen, domat se hier eegen Politesch Agenda duerchboxen kënnen. Zum Beispill: Onerwënschten politesch Meenungen verschwannen doen.

Haaptproblem

Et gëtt eng helle Wull u Grënn, keen Internet-Filter ze wëllen. Hei sinn mol déi dräi wichtegst.

  1. Et ass een Ugrëff op däin Recht op eng fräi Meenungsäusserung. Du entscheets net méi selwer, wat s du deelen kanns.
  2. Automatesch Filter wéi dësen, tendéieren dozou vill Feeler ze maachen an et wäert deng Aufgab ginn, géint dës Feeler fir ze goen.
  3. Dëse Virschlag verleet grouss Plattformen dozou, Risiken ze vermeiden. An zwar op Käschten vun denger Fräiheet. Ergo Zensur.

Filter funktionéieren net

Fir d’éischt: Filter si ganz schlecht beim erkenne vun Inhalter. Et ginn e ganze Koup Beispiller dofir:

  • De Schoulmeeschter säi Léiermaterial dat blockéiert gouf
  • D’Biller vun der Marslandung, déi ongewollt op enger Sperrlëscht gelant sinn
  • Zéngdausend vu Videoen, déi Krichsverbriechen a Syrien dokumentéieren an déi vu YouTubes Filter geläscht goufen.

Automatesch Filter, filteren ze wéineg (loosse Saachen duerch, di sollte geblockt ginn) an awer och ze vill (blockéieren Inhalter, di net geblockt solle ginn).

Et kann een net mat automatesche Filter géint Copyright-Verletzunge virgoen

Den Internet-filter gouf virgeschloen, fir Copyrightverstéiss ze verhënneren. D’Urheberrecht ass awer ze komplex fir eng eenzeg Léisung, di sech wéi d’Aaxt am Bësch ka verhalen.
Zum Beispill: Dacks ass et zoulässeg, geschütztent Material als Zitat oder als Satir ze benotzen. Heiansdo ass et dat awer och net. Meeschtens ass et esou onkloer, ob eppes erlaabt ass oder net, dass de Fall viru Gericht muss entscheet ginn. Dat si keng Entscheedungen, déi een engem automatesche Filter iwwerloosse wéilt.

Filter sinn ufälleg fir schläichend Funktiounserweiderungen

Ob laang Sicht geet et net em Copyright. Wann et no de Politiker goe géif, géife Filter dofir benotzt ginn, fir Videoen ze blockéieren oder fir ongewollte politesch Meenungen am Keim ze erstécken.

Ee Beispill dofir: Spuenien huet en Internet-filter fir illegal Glécksspillsäiten ze bekämpfen. De selwechte Filter gouf awer och benotzt, fir d’katalanescht Referendum ze verhënneren.
Fir et kuerz ze maachen: Wann mir net elo handelen, dann treffen d’Politiker eng Entscheedung, di der Meenungsfräiheet massiv entgéint wierkt.

Filter sinn feelerufälleg an entscheeden falsch

Julia Reda, Member vum Europäeschem Parlament, huet e Puer Fäll verëffentlecht, an dem genau esou een Filtere falsch entscheeden huet. Hei sinn e puer Beispiller.

Copyright-Filter blockéiert Virliesung zum Thema – Copyright.

Op enger Opnam vun enger Virliesung zum Thema Auteursrecht vun der Harvard Law School, spillt den Professer en kuerzen Ausschnëtt aus engem Jimi Hendrix Lidd. Dat ass legal an onproblematesch:
Am Auteursrecht ginn et Ausnamen, an deem geschütztent Material zur Léier kann benotzt ginn. Youtube-Filter konnten den Kontext awer net beuerteelen an hunn einfach “Nee” gesot.
Wat leieren mir dorausser? Filter kënnen keng Ausnamen erkennen.

Filter geheien der NASA vir, Videoen ze verëffentlechen, déi der NASA selwer gehéieren.

All Dokumenter déi vun der NASA verëffentlecht ginn, sinn „public domain“. Se gehéieren der Ëffentlechkeet an dierfen dofir och vun jidderengem benotzt ginn. Verschidden Fernsehsender benotzten Biller vun der NASA an hirer Sendung an schützen hier Ausstralungen mam Auteursrecht, sou wéi si et ëmmer maachen. Wéi Copyright-Algorithmen dunn dës Sendungen analyséiert hunn, hunn si d’NASA-Material erkannt. Dorausser hunn se dunn beschloss, dass d’NASA d’Auteursrecht vum Fernsehsender verletzt huet. De Problem gouf natierlech séier geléist. Allerdéngs eréischt nodeems all d’Videoen vun der NASA blockéiert goufen.
Wat leieren mir dorausser? Filteren kënne net mat „Public Domain“ ëmgoen.

Filter analyséieren Videomaterial, wat Krichsverbriechen dokumentéiert. Gesinn awer nëmmen d’Krichsverbriechen selwer.

Sozial Netzwierker wëllen hier Benotzer net mat Inhalter konfrontéieren, déi fir se onangenehm kéinten sinn. YouTube benotzt zum Beispill en Filter, fir d’Erkennung vun „extremisteschen Inhalter“.
D’Resultat? 10.000 Videoen, di Krichsverbriechen a Syrien dokumentéieren, goufen geblockt. De Krich, sou huet et geschéngt, war ob eemol e bëssen manner grausam. An dat nëmmen, well de Filter net tëschent Filmmaterial zur Dokumentatioun an Filmmaterial zur Ënnerstëtzung vun enger Saach, ënnerscheeden kann.
Wat leieren mir doraus? Filter verstinn keen Kontext.

Vir et kuerz ze maachen: Filter versoen.
Mir dierfen keng Internet-Filter hunn, di duerch den Internet zeien an iwwert eis Meenungsfräiheet bestëmmen. Vir d’Bierger kann dat net gutt ausgoen. Mir mussen sécherstellen, dass Politik dat versteet.

Sozial Netzwierker an deng fräi Meenungsäusserung

Wann Internet-Firmen all är Uploads (Postings, Photoen, Videoen, Zitater asw) préiwen mussen, dann ginn se och dofir verantwortlech gemaach, wann hier Filteren fälschlecherweis Inhalter duerchloossen.
A filteren ass schwéier. Wann et ëm Auteursrecht geet, kann e Filter. d’Grozonen net erkennen. Ausnamen fir d’Léier oder fir Parodien an Zitater.
D’Sozial Netzwierker hunn dann nëmmen zwou Méiglechkeeten:
Hiert eegent Risiko ze reduzéieren an domadder alles ze blockéieren, wat eventuell an dës Grozon gehéiert oder hiert Risiko ze erhéijen an domadder Parodien, Zitater an aner Ausnamen ze erméiglechen. D’Reaktioun vun den Firmen ob dës Verantwortung ass net iwwerraschend… Se ginn léiwer op Nummer sécher an iwwerdreiwen et mam blockéieren.
Däin Recht op Meenungsfräiheet wäert ëmmer manner Wäert sinn wéi hier Geschäftsinteressien.

Filter versoen

Et ass glaskloer, dass Internet-Filter Feller maachen a Verëffentlechunge fälschlecherweis blockéiere wäerten. Dohier wier een Beschwéierungsmechanismus engem Internet-Filter vir ze zeien.
Héiert sech dach gutt un oder? Wann deng Artikel oder Memes et net duerch de Filter packen, da kanns du de Bedreiwer vun der Plattform kontaktéieren an de Problem ka geléist ginn oder du kanns dem Bedreiwer souguer erklären, firwat de Filter an dengem Fall eng Ausnam maache sollt. Leider wäert et wuel aneschters lafen.

Den Inhalt erëm fräiginn, mëscht den Schued net réckgängeg.

Éischtens: Bis d’Entscheedung do ass, vir deng Verëffentlechungen fräi ze ginn, kënne labber 2 Woche vergoen. Mä an zwou Woche ka villes geschéien. An dee Moment, wou s du däin Bäitrag oder deng Meenung verëffentleche wollts, wou se och nach een Impakt hätt kéinten hunn, ass eriwwer.

D’Benotzer wëllen dann och ob Nummer sécher goen – an sech selwer zenséieren.

Zweetens: Et ass net einfach Reklamatiounen anzebréngen. Du wäers op mannst gezwonge ginn, dech selwer ze identifizéieren a laang a breet ze erklären – an och ze beweisen – firwat deng Verëffentlechung hätt sollen erlaabt ginn. Ween well schonn seng Zäit domadder verbréngen, juristesche Falen aus de Féiss ze goen, nëmme vir en (legalen!) Video ze verëffentlechen?
Du hues besser Saachen ze dinn. Dohier wäers du bei der nächster Kéier wann s de een Video erstells, villäicht en besonnescht Zitat oder anert Material, ewech loossen. Den Internet-Filter wäert net verhënneren, dass du Videoen erstells. Mä en wäert lues awer sécher deng Fräiheet aschränken an dech dozou verféieren der selwer een Maulkuerf unzedoen.

Sozial Netzwierker wäerten hier Notzungsbedéngungen anhalen, net d’Gesetz.

Zu gudder Lescht, kéint eng Reklamatioun fir dech net ëmmer méiglech sinn. Vir de Risiko an den Opwand ze miniméieren, wäerten d’ sozial Netzwierker hier Notzungsbedéngungen esou erweideren, dass se all Inhalt an all Benotzerkonto ouni Begrënnung läsche kënnen.
Wann däin Upload op Grond vun den Notzungsbedéngungen blockéiert gëtt, dann hues de kee Recht dech ze beschwéieren – souguer wann de Contenu vollkomme legal ass.

Tram op Esch ass sozialen Ofbau bei der CFL

Tram op Esch ass sozialen Ofbau bei der CFL

Déi liberal Regierung wëll mat enger Propose vun nach enger Tramsstreck bis op Esch, weider Loundumping am Transportberäich bedreiwen. Piratepartei wäert bei sou engem sozialen Ofbau deen a Konkurrenz zur CFL soll passéieren, ni matmaachen a proposéiert en Express Zuch vu Belval via Esch op Gare an der Stad, dat ouni mussen eng nei Stréck ze baue fir en Tram oder Personal ënnert fragwürdege soziale Konditiounen astellen ze mussen.
Allgemeng steet Piratepartei hannert der CFL a fuerdert dofir och, dass des soll de Luxtram bedreiwen, mat de selwechte Rechter a Flichte fir Personal, wei elo och bei der CFL am Kollektivvertrag ausgehandelt.
Den Expresszuch vun Esch a Stad ka méi schnell a méi gënschteg ëmgesat ginn, ouni sozialen Dumping ze bedreiwen. Piratepartei steet fir den Erhalt vun der CFL Struktur a Verträg.
“D’Pirate stinn Innovatiounen am Transport net am Wee, insistéieren awer, datt dës net op d’Käschte vun den Employéeë ginn. Ob Monorail, Express-Tram oder Hyperloop, dat wichtegt ass net wéi eng Technologie agesat gëtt, mee datt kee verstoppte Sozialdumping bedriwwe gëtt.” sou de Marc Goergen, Generalsekretär a Spëtzekandidat am Süden.