fbpx

Méi direkt Demokratie woen – E Biergerrot fir Lëtzebuerg mat Leit wei Du an Ech

D‘Politik méi no un d Biergerinnen a Bierger bréngen an d’Leit endlech an der Politik matdiskutéieren loossen. Dat ass d’Zil vum Biergerrot.

Per Lous ginn Leit aus der Bevëlkerung gezunn, déi dann iwwert e bestëmmt Thema Léisungen fir d‘Land ausschaffen. Dës Léisungen ginn dann dem Parlament virgeluecht.

Um Samschdeg den 9. Mäerz war d’Piratepartei zu EUPEN an der Belsch, fir sech iwwert de Biergerrot, deen do agefouert gouf, ze informéieren. Am Kader vun enger Pressekonferenz am Parlament vun der „Deutschsprachigen Gemeinschaft“ gouf d’Aarbecht vum Biergerrot erkläert an et goufen Iddien ausgetosch.

Weiderliesen

D‘Pirate fuerderen eng breet an differenzéiert Debatt iwwert d‘Juegd an iwwert de Stellewäert vum Déiereschutz zu Lëtzebuerg.

Communiqué iwwert d’Muffelen zu Iechternach

D‘Pirate fuerderen eng breet an differenzéiert Debatt iwwert d‘Juegd an iwwert de Stellewäert vum Déiereschutz zu Lëtzebuerg.

  • D‘Ëmweltministesch bemierkt an der Äntwert op d’Question parlementaire n° 1746 vum Marc Goergen, datt d’Muffelproblematik zu Iechternach een « juegdleche » Problem ass an deemno och sollt iwwert d‘Juegdgesetz geléist ginn. D’Pirate gesinn de Problem aus enger Déiereschutz-Perspektiv. Fir d’Pirate steet an dësem Fall de Schutz vum Déierun éischter Plaz.
  • De Piraten ass bewosst, datt d’Muffelen zu Iechternach Schued un einheimesche Beemarten uriichten. D’environnemental Grënn sti fir d’Piraten deemno an dësem Fall un zweeter Plaz, hannert dem Wuel vum Déier. Den Zoustand vum Bësch mécht och de Pirate Suergen. Dëst duerf awer kee Grond sinn fir de Muffelen d‘Liewen ze huelen.
  • De Piraten ass bewosst, datt d’Muffelen eng exogen Aart sinn. Ursprénglech kommen d’Muffelen aus der Corse, enger fielseger Géigend, wou d’Déieren optimal Liewenskonditiounen hunn a rezent souguer vum franséische Staat ënner Schutz gestallt goufen. D’Pirate plaidéieren dofir, datt d’Muffelen an hiert Heemechtsgebittzréck bruecht ginn, respektiv an een déiereschutzkonformen Déierepark bruecht ginn.Weider Alternative wéi d’Steriliséieren komme fir d’Piraten och a Fro.
  • D’Pirate wëllen datt sech kritesch mat de Grënn fir d’Präsenz vun de Muffelen zu Lëtzebuerg ausernee gesat gëtt an datt de Public opgekläert gëtt iwwert eng Juegdpraxis (Tropheeëjuegd), déi letztendlech dozou gefouert huet, datt et iwwerhaapt eng Iwwerpopulatioun u Muffele gëtt. Mir brauchen ee modernt, déiereschutzgerecht Juegdgesetz, wat esou eng Juegdpraxis, wéi déi vun der Tropheeëjuegdan Zukunft verhënnert an dat illegaaltAussetzenvun esou Déiere resolut penaliséiert.
  • D’Ministesch huet an der Äntwert op d’Question parlementaire n° 1746 drop higewisen, datt d’Afänke vun de Muffelenduerchaus a Consideratioun gezu kéint ginn. Dës Äntwert vun der Madamm Ministesch steet iwwerdeems am Widdersproch zu der Äntwert op d’Question parlementaite n° 1623, wou d’Madamm Ministesch schreift, datt d’Afänken am Juegdgesetz net virgesinn ass an deemno illegal wier. D’Afänken ass allerdéngs duerchaus am Naturschutzgesetz virgesinna kann op Uerder vun der Ministesch bewëllegt ginn. D’Pirate fuerderen, datt dës Optiounintensiv gepréift gëtt, ier datt d’Déieren enger administrativer Juegt zum Affer falen. 
  • D’Pirate wonneren sech iwwerdeems iwwert de Constat vun der Madamm Ministesch, datt d’Muffelen an den aneren Deeler vum Land (Parc Hosingen a Kaundorf) offensichtlech kee Problem duerstellen. Dëst geet aus der Äntwert op d’Question parlementaire n° 1402 ervir. An der Äntwert op d‘Question parlementaire n°1623 heescht et: „Sollten an deenen aneren Gebitter, wou hei am Land Muffele virkommen, ähnlech héich Schied am Bësch opkomme wéi an der Regioun Iechernach, wäerten och do administrativ Juegden organiséiert ginn.“  D‘Piraten fuerderen méi Kohärenzan eng méi déiereschutzgerecht Approche an dësem Kontext. 
  • D’Pirate begréissen, datt d’Ministesch der Fuerderung vum Iechternacher Buergermeeschter, fir d’Muffele mat Hëllef vun der Arméi an der Police ze joen, net nokomm ass.

D‘Piraten distanzéieren sech vun Haasskommentaren op de soziale Netzwierker.

D‘Piraten distanzéieren sech vun Haasskommentaren op de soziale Netzwierker a wieren sech géint de Virworf vun der Verbreedung vun Falschinformatiounen am Kontext vun der Diskussioun ëm Muffelproblematik.

D‘Ëmweltministesch Carole Dieschbourg huet annoncéiert am Kontext vun den Kommentarer ënnert engem Piraten-Facebook-Post zum Thema vun der Juegd op d‘Muffelen zu Iechternach d’Autoritéite wëllen anzeschalten.

Mir Pirate wëllen heimat e puer Punkte kloerstellen :

  • Mir distanzéieren eis vun de Kommentaren ënnert de Facebook-Posts, déi zu Haass géint d‘Ministesch opgeruff hunn.
  • Mir distanzéieren eis vum Virworf, datt d’Diskussioun ëm d’Muffelen op Grond vun Falschinformatioune gefouert gëtt a verweisen op d‘parlamentaresch Froen an Äntwerten an dësem Kontext.

Gratis ëffentlechen Transport: Jo – Stellenofbau: Nee!

Bild: Piraten-Wahlplakat 2013

Fir eis PIRATEN stellt d’Mobilitéit ee Grondbesoin duer, fir aktiv un der Gesellschaft kënnen deelzehuelen. Fir eis ass den ëffentlechen Transport ee Service, un dem all Bierger an engem Land muss kënnen deelhuelen. D’PIRATEN schwätzen sech schonn zënter Jore fir d’Aféierung vum Gratis Ëffentlechen Transport (GET) aus an ënnerstëtzen aus dësem Grond och de Projet vun dëser Regierung. Mir si frou, dass d’Regierung, no all de Joren voll Widderstand a Kritik, am Joer 2019 eis Fuerderung opgegraff huet an elo endlech ëmsetze wäert. D’Regierung huet agesinn, dass de GET eng wierklech gutt Mesure ass.

Obwuel mir mat der Aféierung vum GET mat der Regierung op enger Linn sinn, si mir awer net domadder averstanen, wéi d’Changementer bei der CFL duerchgefouert ginn, well dës weder am Interessi vum Guichetspersonal, nach vum Client sinn. Et handelt sech an eisen Aen ëm eng reng Spuermoossnam zum Nodeel vum Client an dat obwuel de Minister an der Vergaangenheet ëmmer erëm betount huet, datt et am Kader vum GET zu kenge Spuermesure komme sollt.

Nodeems schonn am Summer 2019 de Minister Bausch annoncéiert huet, dass wéint dem gratis ëffentlechen Transport CFL-Guicheten sollen zougemaacht ginn, huet elo déi demokratesch Partei (DP) op de soziale Medien nach eng Kéier dovunner geschwat, dass den GET duerch d’Ofschafe vun de Kontrollen kompenséiert géif ginn. Implizitt kléngt dat, wéi wann e Käschtenofbau duerch een Ofbau vum Personal geplangt wär.

Et gouf awer bis elo vum Minister behaapt, dass mat der Aféierung vum gratis ëffentlechen Transport keng Persoun hier Aarbecht wäert verléieren. D’Pirate ënnersträiche nach eng Kéier, dass d’Aféierung vum GET op kee Fall duerch ee Stellenofbau däerf kompenséiert ginn. Dës widdersprécht eiser Grondiddi vum ëffentlechen Transport ouni Ticket, wéi mir e schonns zënter 2013 fuerderen.

Ausschnëtt aus eisem Wahlprogramm 2013
DP Positioun 28. Februar 2020

Nee zur Schléissung vun der Spuerkeess-Agence zu Rodange!

D’Piraten aus der Gemeng Péiteng hunn ee Bréif un den Direktiounscomité vun der Spuerkeess gemaach, fir ëm den Erhalt vun der Agence zu Rodange ze bieden.

Betreff: Reaktioun op d’Schléissung vun der Agence zu Rodange

Déi Dammen an Häre vum Direktiounscomité,

d’Spuerkeess hat an de Medie kommunizéiert dëst Joer wëllen 11 Agencen uechtert d’Land zouzemaachen. Mir hu mat Iwwerraschung festgestallt, dass ënnert dësen Agencen och d’Rodanger Agence betraff ass. Dës soll an Zukunft mat der Agence zu Péiteng zesummegeluecht ginn.

Onbeuecht dovunner, dass mir de Schléissunge vun den 11 Agencë skeptesch géigeniwwer stinn, esou deet et eis als Sektioun Péiteng immens wéi, dass grad d’Agence zu Rodange hier Diere fir ëmmer zou wäert maachen an domadder no der CFL ee weidere wichtege Dréi- an Aangelpunkt vun engem Service public zu Rodange seng Dieren zou mécht.

Wéi den Artikel 5 vum Gesetz vum 24te Mäerz 1989 iwwert Spuerkeess et fixéiert, soll d’Spuerkeess duerch seng Aktivitéiten zur wirtschaftlecher a sozialer Entwécklung zu Lëtzebuerg bäidroen. D’Spuerkeess ass zënter Joren een träie Partner vu ville Gemengen, dorënner och der Gemeng Péiteng.

An dem Zesummenhang ass d’Entscheedung, d’Agence zu Rodange ewechzezéien eng traureg Nouvelle fir d’Lokalitéit, well domadder dem Duerf ee wichtege Partner verluer geet.

Mir wéilten als Sektioun bieden, dës Decisioun nach eng Kéier ze iwwerdenken, ob zu Rodange wierklech keng Méiglechkeet besteet, d‘Agence an iergendenger Form z’erhalen.

Mir Pirate sinn eis bewosst, dass mat der fortschreitender Digitaliséierung vu Prestatioune vill Servicer a Prestatiounen duerch d’Technik wäerten ersat ginn. Allerdéngs froe mir eis, ob net grad d’Spuerkeess als staatlech Instanz an och ugesiichts senge gesetzlech virgesinne Missiounen dem Land ze déngen huet.

Mir fäerten, dass den Zuch fir vill Leit ze schnell wäert goen, virun allem déi Mënschen, déi net affin mat den neien Applikatiounen, wéi dem Web-Banking, sinn. Des Weideren existéieren och vill Mënsche mat enger Beanträchtegung, déi ëmmer nach de Support vun enger Persoun brauchen, fir hir Bankgeschäfter ofzewéckelen. An dem Kontext wéilte mir froen, wat d’Spuerkeess konkret maache wäert, fir deene Kategorie vu Mënsche entgéint ze kommen, wann dës net méi op eng Agence goe kënnen?

Dat geschriwwen, géife mir Iech bieden, d’Agence zu Rodange net zouzemaachen. Engersäits aus den uewe genannte Grënn. Anerersäits och, well Rodange an de nächste Joren sech wäert weiderentwéckelen. Rodange ass een Duerf, wat an de leschte Jore konstant un Awunner bäigewonnen huet. Den Duerfkär gouf viru Kuerzem nei renovéiert an och d’Rodanger Gare soll an de nächste Joren ausgebaut ginn. Et wär flott, wann d’Agence vun der Spuerkeess d’Entwécklung vu Rodange och an den nächste Joren nach mat begleede kann.

Mir bieden Iech, Déi Dammen an Hären, eis héchst respektvoll Gréiss unzehuelen.

Fir de Comité vun der Piratepartei – Sektioun Péiteng

 
Marc Goergen Christian Welter
Gemengeconseiller DéputéiertenGemengeconseiller

Nee zum CETA !

Äntwert vun de Piraten op eng doze Bréiwer betreffend der Ratifizéierung vum Fräihandelsaccord tëschent der europäescher Unioun a Kanada (CETA)

Wäert Madamm, wäerte Monsieur,

d’Piratepartei hëlt Kenntnis vun Äre Messagen, an deenen Dir eis opfuerdert géint d’Fräihandelsofkommes tëschent der europäescher Unioun a Kanada, dem sougenannte CETA-Ofkommes, ze stëmmen.

Sidd verséchert, dass d’Piraten sech de Konsequenze vun dësem Fräihandelsofkommes bewosst sinn. Wéi schonns an eisem EU-Walprogramm 2019 geschriwwe steet, ass d’Piratepartei

oppe fir eng Verbesserung vum Zougang zu alle Mäert weltwäit. Jee méi Handel a Wirtschaftsleeschtung, ëmsou besser fir Europa. Eng Beseitegung vun Handelsbarrièren ass dofir wichteg, mee dës dierf net zu engem „Nivellement vers le bas“ am Aarbechtsrecht oder am Konsumenten- an Ëmweltschutz féieren. Weiderhi musse staark Sécherheete fir eis Biergerrechter agebaut ginn an onfair Handelspraktike souwéi Präisdumping, besonnesch an de Schwellelänner, effikass besäitegt ginn. Och muss d’EU-Parlament fréizäiteg involvéiert sinn an esou Ofkommes dierfe mat kengem Land gefouert ginn, dat Mënscherechter mëssuecht. Nëmmen esou kënne mir ee gerechte Wirtschaftswuesstem an nei Aarbechtsplaze weltwäit promouvéieren.

De Fakt, dass d’CETA-Ofkommes de Konzerner sougenannte Sonderklagerechteagesteet, wann si hir Interessen duerch héich Ëmwelt- oder Aarbechtsgesetzer benodeelegt gesinn, gesi mir Pirate ganz kloer als een « Nivellement vers le bas » un.

Och de Fakt, dass de CETA hannert zouenen Diere verhandelt gouf an an Zukunft d’Gesetzer tëschent Kanada an der EU sollen am Virfeld ugepasst ginn, wat mat héijer Probabilitéit zu méi Hannerzëmmer-Deals wäert féieren, kënne mir Piraten net akzeptéieren.

An deem Zesummenhang wäerten d’Pirate bei der Ratifizéierung vum Fräihandelsofkommes an der Chamber mat Nee ofstëmmen.

Mat frëndleche Gréiss,

De Präsidium vun der Piratepartei Lëtzebuerg

Ee Juegdverbuet op sengem Terrain ufroen

Am Juegdgesetz ass virgesinn, dass d’Juegd op private Grondstécker ka verbuede ginn, wann den Terrainsbesëtzer aus ethesche Grënn d’Juegd net ënnerstëtzt.* Dat geet ganz einfach iwwert eng schrëftlech Demande un d’Forst- an Naturverwaltung.

D’Demande muss schrëftlech gemaach ginn an et muss erauszeliese sinn, firwat, dass een d’Juegd op sengem Terrain net erlabe wëll. Den Interesséierte muss een Extrait aus dem Kadaster an eng topographesch Kaart vun all den onbebauten Terraine bei seng Demande dobäiléen. Dee ganzen Dossier gëtt da per Bréif (am beschte Recommandé mat Accusé de Réception) un déi folgend Adress geschéckt:

Direction de l’Administration de la nature et des forêts (ANF)
81 Avenue de la Gare
L-9233 Diekirch

Ganz wichteg: d’Demande muss allerspéitstens 8 Deeg virun der Generalversammlung vum zoustännege Juegdsyndikat ofgeschéckt sinn.

Prinzipiell däerfen dann keng Juegte méi op dem Terrain gemaach ginn, ausser a ganz spezielle Fäll. Zum Beispill däerf eent op enger Juegd verletzten Déier iwwerall dout gemaach ginn, och do wou d’Juegd verbueden ass. Ee verletzten Déier kann och ausserhalb vun der Juegdsaison erschoss ginn. Bei administrative Juegten däerf och op dësen Terrainen gejoot ginn.






*Hei sinn nach déi betreffend Extraiten aus dem Juegdgesetz:

Artikel 7

[…] L’exercice du droit de chasse est suspendu sur les fonds appartenant à des personnes qui pour des convictions éthiques personnelles sont opposées à la pratique de la chasse et qui ont notifié une déclaration écrite et motivée conformément aux dispositions de l’article 24 de la présente loi.

Artikel 24

Les propriétaires qui pour des convictions éthiques personnelles sont opposés à la pratique de la chasse sur leurs fonds ne font pas partie d’un syndicat de chasse. A cette fin, les intéressés présentent au moins huit jours avant l’assemblée générale des syndicats, sous peine de forclusion, une déclaration de retrait écrite et motivée à la partie qui convoque, accompagnée d’un extrait cadastral et d’un plan topographique de tous leurs fonds non bâtis. Cette déclaration est recevable à la condition qu’elle porte sur l’ensemble de leurs fonds non bâtis sur le territoire national.

L’exercice de la chasse est alors suspendu sur ces fonds pendant la durée du bail, sans préjudice des dispositions des articles 14, 15 et 55.

Une nouvelle déclaration est notifiée avant l’expiration du contrat de bail de chasse à conclure selon les formes et délais décrits ci-dessus.

En cas de copropriété, la déclaration de retrait doit être signée par tous les copropriétaires.

Artikel 14

La recherche du gibier blessé lors de l’exercice de la chasse est obligatoire. Cette recherche doit être effectuée par le locataire du droit de chasse ou, sous sa responsabilité, par les personnes désignées par lui.

Le gibier blessé à mort par le chasseur doit être recherché et tué selon les règles de l’art. La recherche et la mise à mort peuvent se faire sur tous les fonds, même sur ceux où l’exercice de la chasse est interdit, suspendu ou limité.

Le locataire doit garantir la disponibilité d’un chien de sang.

Toute personne armée se livrant à la recherche d’un gibier blessé doit être porteur d’un permis de chasser.

Artikel 15

Les locataires de chasse sur leurs lots de chasse ou leurs mandataires, ainsi que les agents de l’administration de la nature et des forêts, sont autorisés à tirer le gibier blessé également en dehors des périodes d’ouverture de la chasse. De tels tirs doivent être immédiatement signalés à l’administration.

Artikel 55

Le ministre peut ordonner l’organisation de chasses administratives dans un intérêt général, soit à la demande écrite et motivée de tout intéressé, soit de sa propre initiative, sur tous les fonds, même sur ceux où l’exercice du droit de chasse est interdit, suspendu ou limité et ce dans les conditions suivantes:

• en cas de trop forte concentration de gibier causant ou risquant de causer des dommages excessifs;
• en cas de lâchers non autorisés de gibier ou d’autres espèces animales en milieu naturel;
• en vue de prévenir des épizooties.

Le ministre peut autoriser ces mesures même en temps de fermeture de la chasse.

*

Dat ganzt Juegdgesetz fannt dir hei.

Konschtfërderung zu Lëtzebuerg

Kënschtler brauche Raim fir hir Kreativitéit

Den Haaptproblem, deem jonk Kënschtler zu Lëtzebuerg um Ufank vun hirer Karriär géigeniwwer stinn, sinn déi héich Immobiliëpräisser. En Atelier zousätzlech zu der enger Wunneng ze lounen, well ee fir ze schaffe Maschinnen a Material brauch, déi een net an enger Residence ënnerbrénge kann, ass onbezuelbar. An och schons eng Wunneng, déi grouss genuch ass, fir en Atelier dran anzeriichten, ass schwéier ze finanzéieren, wann een net d’Chance huet, aus enger finanziell bessergestalltener Famill ze kommen. D’Chance sech berufflech verwierklechen ze kennen, däerf awer net vun der sozialer Hierkonft ofhänken.

(mehr …)

Iwwert d’Juegdpraxis

Firwat ginn haut nach Léit op d’Juegd a brauche mir wierklech Klappjuegten?

Fréier war d’Juegd wichteg, fir d’mënschlecht Iwwerliewen ze sécheren. Haut ass se just nach d’Konsequenz vun enger iwwert Joerhonnerten undauernder Respektlosegkeet vis-à-vis vun der Natur. D’Europäer hunn an hirem Drang no Räichtum a Wuesstem dat natierlecht Gläichgewiicht gestéiert, verschidden Aarten ausgerott an anerer ausgesat a mussen elo kucken, wéi se d’Populatiounen an hire Bëscher iergendwéi a Mossen hale kënnen. Dat muss een sech bewosst sinn. Mir ginn haut net méi op d’Juegd fir eis ze ernären, mee fir ze probéieren, déi Feeler, déi an der Vergaangenheet gemaach goufen, iergendwéi erëm auszegläichen. Et wär ze hoffen, dass mir aus eise Feeler geléiert hunn, an haut dofir e méi respektvollen Ëmgang mat der Natur fleegen. Mee wann ee sech d’Praktik vun der Klappjuegd ukuckt, kann ee vun engem gesteigerteRespekt vis-à-vis vun Déieren a Planzen net schwätzen. D’Klappjuegd ass e grausamt „Event“. Oft gëtt virdrun (!) an och duerno gutt giess a gedronk, an d’Participanten huele virun allem aus Spaass un der Freed deel. Sämtlech Déieren – op vum Ausstierwe bedreet oder net – ginn a Panik versat a Planze vun alle Zorte gi vu Mënschen an Déieren zertrëppelt, geknéckt oder ausgerappt.

Engagéiert Jeeër, déi hier Juegd eescht huelen an oft dobausse sinn, sinn net op Klappjuegten ugewisen, fir genuch Déieren ze schéissen. Si beweegen sech roueg duerch de Bësch, huele Récksiicht op Planzen an Déieren, déi net geschoss ginn, a verléieren a kengem Moment de Respekt virun deem Déier, wat se joen. D’Klappjuegd ass dogéint eng antiquéiert Praktik, déi d’Freed vum Jeeër iwwert d’Wuel vun der Natur stellt a gehéiert dofir ofgeschaaft.

Firwat missten eist Waffen- a Juegdgesetzer dréngend iwwerschafft ginn?

Am Moment ass et gesetzlech net verbuede Waffen ze féieren, nodeems een Alkohol gedronk huet. En neit Waffegesetz soll dat an Zukunft zwar änneren, mee bis et esouwäit ass, ginn et keng gesetzlech Dispositiounen, déi et engem Jeeër verbidden, no e puer gudde Pätt mat senge Frënn nach op d’Juegdze goen. Do missten Iwwergangsmesure getraff ginn, bis dat neit Gesetz steet. 

Mee e méi strengt Gesetz eleng geet natierlech net duer. Ouni déi néideg Kontrollen duerch d’Police, déi kuckt, op sech och un d’Gesetzer gehalegëtt, wäert sech näischt änneren.

Um Juegdgesetz misst een d’Reegelen iwwert d’Aart a Weis wéi d’Juegdpachte am Moment verdeelt ginn änneren. Aktuell ginn dës un déi Leit versteet, déi am meeschte bezuelen. Et wär fir d’Bëscher a fir d’Déieren awer vill besser, wann net déi Jeeër mat de meeschte Suen, mee mat de beschte Fäegkeete géife Pachte kréien. D’Unzuel u Formatioune fir Jeeër missten och erop gesat ginn an d‘Prüfungen a reegelméissegen Ofstänn widderholl ginn, fir ze garantéieren, dass jiddereen, dee mat enger Waff am Bësch op d’Juegd geet, beschtméiglech ausgebilt ass. An deem Kontext wär och eng Professionaliséierung vun der Juegd denkbar. De Beruff vum Jeeër an eng entspriechend ëmfaassend Ausbildung, déi vum Staat ugebuede kéint ginn, géif erhieflech zu enger besserer Qualitéitssécherung bäidroen. 

Brauch ee Klappjuegte fir géint eng Ausbreedung vun der Schwéngspescht virzegoen?

De Bestand u Wëllschwäi wär net esou héich, wei en ass, wann méi professionaliséiert Jeeër a reegelméissegen Ofstänn géifen eenzel op d’Juegd goen. Wann ee wochen- oder och méintlaang net nom Wëllschwäinbestand kuckt, an sech drop verléisst, dass ee bei enger Klappjuegdscho genuch Schwäi wäert fannen a schéisse kennen, dann huet een e Problem, wann d’Resultat vun där Juegd um Enn méi kleng ausfält ewéi geplangt. Dann huet een de ganze Bësch an Opreegung versat, Planzen an Déier geschuet, an huet trotzdeem säin Zil net erreecht.

Niewend enger méi reegelméisseger Juegd, déi am Aklang mam Natur an Déiereschutz ass, brauch et awer och besser Kontrollen, fir Jeeër, déi Wëllschwäi fidderen, fir se besser schéissen ze kennen, an hire Bestand op dës Aart a Weis fërderen, ze bestrofen. 

Waasserversuergung

An intelligent Waassernetzer investeiren

Fir och an Zukunft eng qualitativ héichwäerteg Waasserversuergung vun allen Awunner garantéieren ze kennen, ass et wichteg, dass mir an en „intelligent“ Waassernetz investéieren. Et ass domat ze rechnen, dass d’Awunnerzuel vu Lëtzebuerg weider klammen wäert an obwuel en Ëmdenken an der Wirtschaftspolitik dringend noutwenneg wier, geséit et aktuell net esou aus, wei wann déi Rout-blo-gréng-Regierung sech géif vun hirem Fortschrëttsdenken distanzéieren. Lëtzebuerg wäert also weider wuessen an dat wäert Konsequenzen op de Waasserverbrauch hunn. Op dës Changementer sollte mir eis mat Hëllef vu moderner Technik virbereeden. 

Mat intelligente Waassernetzer kann den Drock, de PH-Wäert an d‘Temperatur zu all Zäitpunkt ob all Plaz am Netz gemooss ginn, wärend d‘Distributioun vum Waasser an Echtzäit op mobillen Endgeräter verfollegt a kontrolléiert ka ginn. Esou Netzer ginn als „intelligent“ bezeechent, well si informatesch esou ausgestatt sinn, dass si bspw. am Fall vun engem Drockverloscht am System eegestänneg ob d’Sich no Problemer kenne goen an dës demnowéi och selwer léise kennen. Bei Fuitten mee och z. B. bei Problemer mat der Waasserqualitéit kann esou a ganz kuerzer Zäit agegraff ginn, esou dass verhënnert gëtt, dass am Fall vu engem Problem zevill Drénkwaasser ongenotzt verluer geet. Donieft kennen esou Systemer och erkennen, wou zu gewëssen Zäitpunkte grad vill Waasser gebraucht gëtt a wou net. Mat dësen Informatioune kennen si d’Distributioun vum Waasser esou koordinéieren, dass d’Waasser ëmmer genee do ass, wou et gebraucht gëtt. Esou gett näischt ongenotzt ob enger Plaz am System gespäichert, wärend et ob enger anerer Plaz e Manque gëtt. Duerch intelligent Waassernetzer kënne mir eise Konsum demno vill méi Effizient gestalten.

Mënsche motivéiren, fir Waasser ze spueren

Leider sinn sech vill Léit guer net doriwwer bewosst, wéi vill Waasser si verbrauchen. An hirem Alldag denken si einfach net doriwwer no. Wann een se dann awer mat der Héicht vun hirem eegene Konsum konfrontéiert, sinn si oft awer ganz oppen dofir, Waasser anzespueren. Mathëllef vun intelligente Compteuren an z. B. enger App fir den Handy ass et elo scho méiglech den eegene Waasserverbrauch méi prezis ze verfollegen. Allerdéngs sinn esou Compteuren awer leider nach net de Standard. Dat misst sech an Zukunft änneren, fir dass duerch d’Konfrontatioun mam eegene Konsum eng Sensibiliséierung fir den eegene Verbrauch entsteet. 
Doriwwer eraus ass et wichteg, dass sech d’Spuere vum Waasser fir den Eenzelen net nëmmen aus der Perspektiv vun engem gudde Gewëssen an engem gesteigerten Ëmweltbewosstsinn lount, mee sech och konkret ob der Ofrechnung bemierkbar mécht. Et ass wichteg, dass d’Politik konkret finanziell Ureizer schaaft, fir Waasser ze economiséiren: Wien spuersam mat wäertvollen Naturressourcen ëmgeet, sollt dat och a sengem Portmonnie spieren. An deem Sënn wär z. B. eng Präisreegelung denkbar, bei där eng gewëssen Unzuel u Liter pro Kapp, déi néideg sinn fir d’Grondbesoinen ze decken, gratis wieren, wärend de Präis pro Liter doriwwer eraus progressiv erop géif goen. 

Iwwert déi gutt Qualitéit vun eisem Drénkwaasser informéieren

Aktuell hunn mir d’Chance am ganze Land eng Drénkwaasserversuergung vun exzellenter Qualitéit ze hunn. Fir dass dat esou bléift, ass et wichteg, d’staatlech Investitiounen an d’Infrastrukture vun der Waasserversuergung an och an d’alldeeglech Kontrolle vun der Waasserqualitéit héich ze halen. D’modern Technik erlaabt et eis haut Waasserprouwe schnell an effizient auszewäerten. Et ass wichteg, dass Lëtzebuerg sech am Beräich vun der Kontroll vun der Waasserqualitéit déi neisten Utillen un d’Hand gëtt, fir den Awunner och an Zukunft e qualitativ héichwäertegt Waasser aus dem Krunn zur Verfügung stellen ze kennen. Zousätzlech ass et awer onerlässleg, d’Léit besser iwwert des Qualitéit ze informéieren. Leider sinn ëmmer nach vill Léit der Meenung, dass d’Waasser aus dem Krunn méi schlecht ass, wéi dat wat een an engem Geschäft an der Fläsch kafe kann. Hei ass et wichteg, dass an Zukunft eng besser Opklärungsaarbecht geleescht gëtt.