Lëtzebuerger Zertifikater am EU Emissions Trading System

Lëtzebuerger Zertifikater am EU Emissions Trading System

Den EU Emissions Trading System (EU ETS) erlaabt et och Lëtzebuerg nom cap and trade Prinzip mat Zertifikater fir Emissiounen ze handelen.Mir wollte vum zoustännege Minister konkret Zuelen doriwwer wëssen, wéi vill Zertifikater zu Lëtzebuerg verdeelt oder versteet ginn a wéi vill Revenu doduerch fir de Staat entsteet.

Am Folgenden fannt dir den Text zu éiser Fro:

Mat dem sougenannten EU Emissions Trading System (EU ETS) gouf och zu Lëtzebuerg de cap and trade Prinzip fir Emissiounen agefouert. Dës Krediter, fir Emissiounen vun ëmweltschiedleche Gasen ausstoussen ze kënnen, däerfen fräi gehandelt ginn. Si ginn um primäre Maart zu Leipzig um EEX versteet an um sekundäre Maart och do gehandelt. Duerch dësen Handel gëtt et Betriber méiglech gemaach ekonomesch vun Aspuerungen vun CO2- Emissiounen ze profitéieren.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  • Wéi vill Zertifikater ginn (opgeschlësselt no Joer ) zu Lëtzebuerg fräi verdeelt a wéi vill gi versteet?
  • Wéi vill Revenu huet Lëtzebuerg (opgeschlësselt no Joer) duerch dës Auktioune konnte generéieren?
  • Op wéi enger legaler Basis ginn déi gratis Zertifikater u Betriber verdeelt?
  • A wéi engem Verhältnis stinn d’Unzuel u Zertifikater, déi vu Lëtzebuerg verdeelt a versteet ginn, zum Volumen un Emissiounen, déi ënnert den EU ETS falen an zu Lëtzebuerg entstinn?

Mat déiwem Respekt,

CLEMENT Sven

Député

Sécherheet fir CFL-Mataarbechter

Sécherheet fir CFL-Mataarbechter

No de Geschéinisser vum leschte Weekend wëlle mer vum Minister Bausch wëssen, wéi et mat der Sécherheet vum Personal bei der CFL steet. D’Geschéinisser an eisen Zich a Garen däerfen eis net kal loossen a mir wëllen, dass virun allem d’Nuetszich mat méi Sécherheetspersonal fueren.

De leschte Weekend koum et op der Gare vun Oetrange zu engem schlëmmere Tëschefall, bei deem Onbekannter Mataarbeschter vun der CFL op brutal Manéier zesummegeschloen hunn. Et ass bedauerlech, dass an deem Zuch kee Sëcherheetspersonal mat u Bord war a nëmmen zwee Mataarbeschter present waren. Et ass nët déi eischte Kéier, dass d’Personal vun der CFL Opfer vun esou Gewaltakter ass.

An dësem Zesummenhang wéilt ech dem Här Minister folgend Froe stellen:

  • Wéi eng Mesurë goufen an deene leschte Jore getraff, fir d’Sécherheet vum CFL-Personal an de Reesender an den Zich, op de Garen ze garantéieren? Ass den Här Minister der Meenung, dass des Mesuren ausräichend waren?
  • Wéi eng zousätzlech Mesurë gedenkt den Här Minister nom leschten Tëschefall ze ënnerhuelen, fir d’Sécherheet vum Personal, virun allem bei Nuetszich, ze erhéijen?

Mat déiwem Respekt,

Marc Goergen

Deputé

Lobbyregësteren zu Lëtzebuerg

Lobbyregësteren zu Lëtzebuerg

Mir wollte vum Premierminister wëssen, ob d’Regierung Wëlles huet en Lobbyregister ze Lëtzebuerg fir d’Exekutiv anzeféieren.

D’Kreatioun vu Lobbyregësteren ass e vill diskutéiert Thema an der EU. Wärend Irland schonn zanter 2015 e Lobbyregëster huet, gëtt aktuell an Daitschland souwuel um Niveau vum Bundestag wéi och vun de Landtagen iwwert d’Aféiere vun engem Lobbyregëster fir méi Transparenz debattéiert. Eng Majoritéit vun Deputéierten aus dem Europaparlament huet sech rezent fir méi staark Transparenzregelen am Kontakt mat Lobbyisten op EU-Niveau ausgeschwat.

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister des Froe stellen:

  • Huet d’Regierung virum Hannergrond vun enger Transparenzsteigerung vir, nach an dëser Legislaturperiod e Lobbyregëster anzeféieren? Falls jo, wéi géif dëse Projet konkret ausgesinn a bis wéini géif e realiséiert ginn?
  • Här Minister, wat schwätzt géint e Lobbyregëster fir d’Exekutiv?
  • Ass d’Regierung gewollt een ëffentlech zougänglechen Agenda ze publizéieren, an deem d’Treffen tëscht Regierungsmemberen an externen Acteure festgehale ginn?

Mat déiwem Respekt,

CLEMENT Sven

Député

Ass Lëtzebuerg bereet fir autonom Autoen?

Ass Lëtzebuerg bereet fir autonom Autoen?

Selbstfuerent Autoen si scho säit Jore keng Wahnvirstellung méi. Hautzedaags ginn et ëmmer méi Autoen déi autonom op eise Stroossen fueren.

Leider sinn eis Stroossen nach net ugepasst fir dass dës modern Autoen hei sécher fuere kennen. D’Piraten ënnerstëtzen d’Innovatioun an dësem Beräich, an dofir wëlle mer vun der Regierung wëssen, ob eise Stroossereseau deemnächst hei wäert verbessert ginn.

Här President,

Sou wéi den Artikel 83 vun eisem Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Ministere fir Mobilitéit & Konsumenteschutz weiderzeleeden.

D’Regierung huet am Koalitiounsaccord ugekënnegt d’Innovatioun an der Automobilitéit ze ënnerstëtzen andeems d’Technologien, déi fir d’Realisatioun vum autonome Fuere gebraucht ginn, reglementéiert solle ginn. Am Automobilsecteur ginn et aktuell schonn Autoen ze kafen, déi d’autonoomt Fueren op zweeter Stuff erméiglechen.

Op eise Stroossen hu verschidden Autoen awer aktuell nach Problemer mam autonome Fueren, well eng schlecht Beschëlderung, onzureichend Stroossemarkéierungen oder d’Präsenz vu Chantieren de Bordinstrumenter Problemer bereeden. Dëst wërft Zweiwel op, ob de lëtzebuergesche Stroossereseau fir d’autonoomt Fueren zweeter Stuff bereet ass. An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

1) Ass den Här Minister Bausch der Meenung, dass d’Stroossemarkéierungen an d’Beschëlderung an hirer aktueller Form ugepasst sinn fir d’autonoomt Fueren zweeter Stuff ? Falls nee, wat gedenkt de Minister hei ze ënnerhuelen?

2) D’Spuerhalteassistenz vun autonom fuerenden Autoen op zweeter Stuff analyséiert virun allem d’Stroossemarkéierungslinnen op der Strooss. Op ville Stroossen feelen dës Markéierungen, wéi z.B. d’Mëttellinn, awer zum Deel. Gedenkt den Här Minister Bausch d’Stroossemarkéierungen zumindest op den Haaptstroossen ze zeechnen? Falls jo, op wéi enge Stroossen ass dëst virgesinn a bis wéini soll dëst gemaacht sinn?

3) Wéi eng Mesurë wäert d’Madamm Ministesch Lenert ënnerhuele fir d’Konsumenten op déi aktuell Défaillancen a Risikoe vun autonomen Autoen opmierksam ze maachen?

Wéi héich ass de staatlechen Afloss an de Verwaltungsréit vun der SNCA, der SNCH an dem SNCT wierklech?

Wéi héich ass de staatlechen Afloss an de Verwaltungsréit vun der SNCA, der SNCH an dem SNCT wierklech?

Well de Mobilitéitsminister eis net zefriddestellend ob eis parlamentaresch Fro iwwert de staatlechen Afloss an de Conseils d‘Administration vum SNCT, der SNCA an der SNCH geäntwert huet, froe mir nach emol no.

Den honorabelen Här Minister Bausch huet a senger Äntwert op meng parlamentaresch Fro N°427 zum engen net op all Froe geäntwert, ass zum aneren awer op guer net gestallte Froen (z.B. iwwert Dividenden) agaangen oder huet politesch Kommentarer formuléiert. Dëst féiert dozou, datt verschidde Froen nach eemol musse gestallt ginn, fir vum Minister eng Äntwert ze kréien, respektiv fir Prezisiounen zu den Äntwerten ze erhalen.

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

  • Confirméiert de Minister, datt de Staat als bénéficiaire économique vun den 3 Geselischaften, der SNCA, SNCT an SNCH, zeréckzebehalen ass?
  • Am Luxembourg Business Register, deen de fréieren Registre de Commerce et des Sociétés (ob deen de Minister a senger Äntwert awer nach venweist) ersat huet, fënnt een op enger Lëscht vun der Trésorerie de l’Etat, d’Nimm vun dräi Persounen, déi an den Opsiichtsréit vun deenen 3 Gesellschaften (SNCT, SNCA, SNCH) sinn. Si goufe vu staatlecher Sait genannt a si laut der Äntwert vum Minister Fonctionnairen. Kann de Minister confirméieren, datt dës 3 Beamten eng Autorisatioun fir eng Niewebeschäftegung als Administrateur an der SNCT vun hirem zoustännege Minister kruten? Wa jo wéini goufen dës Autorisatiounen ausgestallt?
  • Vue datt d’Zuele bei der SNCA laut Ausso vum Minister net méi vergläichbar mat aneren Exercicer sinn: Wéi héich waren d’Indemnitéite vun den Administrateuren – opgeschlësselt no Gesellschaft a mat enger Indikatioun zur Unzuel vu Sëtzunge vum Conseil pro Joer vun 2012 bis haut?
  • Ass de Minister net der Meenung, datt iwwert den Ëmwee vun enger Nominatioun vu Beamten an den Conseil vun enger SA duerch eng SARL – amplaz duerch de Staat, deen bénéficiaire économique ass – de Geescht vum Gesetz vum 25. Juli 1990 ëmgaange gëtt?
  • Ass de Minister net der Meenung, datt een eng Ännerung vum Gesetz vum 25. Juli 1990 misst ustriewen, fir déi do festgehalen Dispositiounen op all Gesellschaftsformen auszedehnen?

Mat déiwem Respekt,

CLEMENT Sven

Député

Hack op education.lu

Hack op education.lu

Mir goufe gewuer, dass et op der Plattform education.lu een Erpressungsversuch u Schüler a Proffe gouf. Mir hunn der Regierung dofir eng Fro gestallt, fir méi Informatiounen zu deem Tëschefall ze kréien.

Wéi d’Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek de 5te Mäerz beriicht, gouf et op der Plattform vum Bildungsministère ee gréisseren Dateklau vu Passwierder, mat dem sech Hacker Accès op d’Konte vu Benotzer verschaaft hunn. Op Nofro bei engem Bedeelegten ass eis dës Informatioun confirméiert ginn. No deenen eis virleienden Informatiounen, hunn d’Benotzer vun éducation.lu an hirer Boîte een engleschsproochege Madee scheinbar vun hinne selwer geschéckt gouf. An dësem Mail gëtt de Benotzer gefuerdert eng Zomm Sue via Bitcoin un een Erpresser ze iwwerweisen. Mat engem einfache Passwuertwiessel kéint een den Hacker ganz einfach erëm vu sengem Konto ausschléissen. Leider ass et sou, dass d’Benotzer aktuell net iwwert d’Rechter besëtzen, fir hiert eegent Passwuert ze änneren. Soumat sinn zurzäit Schüler an Enseignanten engem Erpressungsversuch ausgesat an hunn aktuell keng Kontroll iwwert hiert Konto.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  • Huet d’Regierung Kenntnis vun dësem Hackerugrëff an Erpressungsversuch op education.Iu? Falls jo, wéi vill Konte sinn hei insgesamt betraff?
  • Gouf déi informatesch Faille op education.Iu geléist? Falls jo, wéi gouf se geléist? Falls nee, wéi vill Zäit schätzt d’Regierung, dass et brauch fir d’Faille ze léisen? Wat waren d’Ursaache vun der Faille?
  • Wéi eng Mesuré goufen ënnerholl fir de Schüler an Enseignanten ze hëllefen?
  • Wéi eng Mesuré wäert d’Regierung an Zukunft ënnerhuelen, fir Schüler virun Hackerattacken an Erpressungsbréiwer op ëffentleche Plattformen ze schützen?

Mat déiwem Respekt,

GOERGEN Marc

Député

Medezinesche Cannabis zu Lëtzebuerg

Medezinesche Cannabis zu Lëtzebuerg

Mat der kommender Legaliséierung vum Cannabis soll vun der Produktioun bis zum Verkaf alles iwwert de Staat gereegelt ginn. Mer wëlle vun der Regierung wëssen, wéi hir Strategie hei ausgesäit an op hei scho konkret Schrëtt ënnerholl gi sinn.

Duerch d’Gesetz vum 20. Juli 2018 ass den Asaz vum medezinesche Cannabis no joerzéngtelaangen Diskussiounen endlech eng Realitéit ginn. Fir Mënsche mat chronescher Péng stellt d’Anhuele vu cannabishaltëge Produkter eng raisonnabel Alternativen zu anere Medikamenter duer. De medezinesche Cannabis, deen zu Lëtzebuerg verkaf gëtt, gëtt aktuell aus anere Länner importéiert. Vun engem ekologeschen a logistesche Standpunkt aus gesi, stellt sech awer d’Fro, ob den Import aus europäeschen Noperlänner keng sënnvoll Alternativ wär.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  • Opgelëscht no den Hierkonftslänner, wéi eng Quantitéit u medezineschem Cannabis ass säit der Promulgatioun vum Gesetz vum 20. Juli 2018 op Lëtzebuerg importéiert ginn?
  • Gouf et vum lëtzebuergeschen Gesondheetsministère eng ëffentlech Ausschreiwung fir eng Commande vu medezineschem Cannabis? Falls jo, wéi eng Kritäre sinn heibäi consideréiert ginn? Falls nee, ass beim Kaf vum medezinesche Cannabis am Ausland de Präis iwwert ëffentlech Verhandlungen zustane komm? Wéi eng Offere louchen dem Gesondheetsministère an dem Fall vir, wat waren d’Präisser an d’Konditioune vun dësen Offeren a firwat huet de Minister sech fir déi gewielten Offer entscheet?
  • Huet d’Regierung scho Schrëtt ënnerholl, fir bilateral Accorde mat europäeschen Nopeschlänner zum Handel vu medezinesche Cannabis ze fannen? Falls jo, wéi eng Gespréicher sinn zu dem Thema ofgehale ginn a wat fir eng Fortschrëtt si festgehale ginn? Falls nee, gedenkt d’Regierung, och ugesiichts vun der Legaliséierung vum Cannabis zum rekreative Gebrauch, dës Gespréicher mat europäeschen Autoritéiten ze sichen?
  • Si virum Hannergrond, dass d’Produktioun an de Verkaf vum rekreative Cannabis zu Lëtzebuerg der Kontroll vum Staat sollen ënnerleien (Säit 105 am Koalitiounsvertrag), scho konkret Schrëtt ënnerholl ginn fir déi staatlech Kontroll och am Beräich vum medezinesche Cannabis ëmzesetzen?
  • Gesäit d’Regierung, och en vue vun der zukünfteger Legaliséierung vum Cannabis zum rekreative Gebrauch, d’Aféiere vun enger staatlecher Agence fir de Cannabis vir? Falls jo, wéini soll dës opgemaacht ginn?

Mat déiwem Respekt,

GOERGEN Marc

Député

Wei vill Bauland ass an der Hand vum Staat?

Wei vill Bauland ass an der Hand vum Staat?

De Rapport iwwert d’réserve foncière vum LISER huet Diskussiounen doriwwer opkommen gelooss, wéi vill Bauland an a staatlechen Hänn ass. Mir hunn d’Regierung an enger parlamentarescher Fro em konkret Zuelen gefrot.

No der Presentatioun vun der Etüd vum USER zur sougenannter réserve foncière huet de Maître Georges Krieger op RTL behaapt, datt e Gros vun der mobiliséierbarer Reserv an den Hänn vum Staat a virun allem vum Fonds du Logement wier.

An deem Zesummenhang wéilt ech der Ministesch dës Froe stellen:

  • Wéi vill Parzelle vu wéi vill Surface, déi nach net bebaut sinn, sinn haut am Besëtz vum Fonds du Logement? W.e.g. als Lëscht mat: Kadasternummer / Surface / mat enger Indikatioun ob se am PAG leien, mat Indikatioun vun der Zone (HAB1, HAB2,…), respektiv mat enger Note ob schonns e PAP besteet / dem Joer vun der Acquisitioun / dem Präis pro Ar vun der Acquisitioun.
  • Wéi vill Parzelle vu wéi vill Surface, déi nach net bebaut sinn, sinn haut am Besëtz vun der SNHBM? W.e.g. als Lëscht mat: Kadasternummer / Surface / mat enger Indikatioun ob se am PAG leien, mat Indikatioun vun der Zone (HAB1, HAB2, …), respektiv mat enger Note ob schonns e PAP besteet / dem Joer vun der Acquisitioun / dem Präis pro Ar vun der Acquisitioun.
  • Wéi vill Parzelle vu wéi vill Surface, déi nach net bebaut sinn, sinn haut am Besëtz vum Fond de Kirchberg? W.e.g. als Lëscht mat: Kadasternummer / Surface / mat enger Indikatioun ob se am PAG leien, mat Indikatioun vun der Zone (HAB1, HAB2, …), respektiv mat enger Note ob schonns e PAP besteet / dem Joer vun der Acquisitioun / dem Präis pro Ar vun der Acquisitioun.
  • Wéi vill Parzelle vu wéi vill Surface, déi nach net bebaut sinn, sinn haut am Besëtz vum Fond Belval? W.e.g. als Lëscht mat: Kadasternummer / Surface / mat enger Indikatioun ob se am PAG leien, mat Indikatioun vun der Zone (HAB1, HAB2, …), respektiv mat enger Note ob schonns e PAP besteet / dem Joer vun der Acquisitioun / dem Präis pro Ar vun der Acquisitioun.
  • Wéi vill Parzelle vu wéi vill Surface, déi nach net bebaut sinn, sinn haut am Besëtz vum Fond d’assainissement de la cité Syrdall? W.e.g. als Lëscht mat: Kadasternummer / Surface / mat enger Indikatioun ob se am PAG leien, mat Indikatioun vun der Zone (HAB1, HAB2,…), respektiv mat enger Note ob schonns e PAP besteet / dem Joer vun der Acquisitioun / dem Präis pro Ar vun der Acquisitioun.

Mat déiwem Respekt,

CLEMENT Sven

Député

Problemer bei der Vermëttlung vun Déiren, déi eng Amputatioun erlidden hunn

Problemer bei der Vermëttlung vun Déiren, déi eng Amputatioun erlidden hunn

Feelt engem Hond oder enger Katz e Stéck vum Schwanz, ass et Déiereschutzorganisatiounen opgrond vun der aktueller Gesetzeslag oft net méiglech dës Déieren an eng Famill ze vermëttelen. Mir wollten vun der Regierung wëssen, ob een d’Aarbecht vun Déiereschutzorganisatiounen an dësem Beräich net besser ënnerstëtzen kéint.

Den Artikel 11 vum lëtzebuergeschen Déiereschutzgesetz hält zesumme mam Reglement grand-ducal vum 6 November 2018 test, dass et verbueden ass en Hond ze besetzen oder ze verkafen, deen eng Amputatioun erlidden
huet, déi veterinärmedezinesch net noutwenneg war an net ob eng Kastratioun oder eng Sterilisatioun zeréckgeet. Esou ass et zu Lëtzebuerg säit 2018 also net méi erlaabt en Hond ze besetzen, deem opgrond vu vermeintleche Schéinheetsidealer de Schwanz amputéiert gouf. Obwuel dëst Gesetz eng wichteg Mesure ass, fir d’Verstümmelung vu Rassenhënn ze ënnerbannen, setzt et Associatiounen, wéi z.B. Pets Angels Luxembourg, déi sech em vernoléissegt Déieren am Ausland an zu Lëtzebuerg këmmeren,’ virun e grousse Problem.

Duerch dat néit Gesetz ass et Déiereschutzorganisatiounen oft nämlech net méi méiglech, amputéierten Déieren en neit Doheem ze schenken, well d’Associatiounen a ville Fäll net noweise kennen, wéi et zu der Amputatioun koum – bspw. duerch en Accident, eng ugebuere Malformatioun oder eben e mënschlecht Agräifen -, an d’Déieren dofir net weider vermëttelen däerfen.

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

  • Wéi a wéi oft gëtt d’Ëmsetzung vum Artikel 11 vum Déiereschutzgesetz zu Lëtzebuerg kontrolléiert?
  • Wéi a wéi oft gëtt spezifesch kontrolléiert, dass Léit keng amputéiert Hënn halen?
  • Ass d’Regierung der Meenung, dass d’Déiereschutzgesetz an de Reglement vum 6 November 2018 ënnert hirer aktueller Form Déiereschutzorganisatiounen an hirer Aarbecht aschränken?
  • Gedenkt d’Regierung – villäicht iwwert de Wee vu staatlech ausgestallten a kontrolléierte Lizenzen – bestëmmten Associatiounen, déi sech fir d’Wuel vu vernoléissegten Déiren asetzen, eng Erlaabnis ze erdeelen, fir amputéiert Hënn oder Katzen aus dem Ausland an dem Inland zu Lëtzebuerg vermëttelen ze kennen?

Mat déiwem Respekt,

CLEMENT Sven

Député