Eng parlamentaresch Fro iwwert den Hackerugrëff an Däitschland

Eng parlamentaresch Fro iwwert den Hackerugrëff an Däitschland

Een Hackerugrëff zu Lëtzebuerg.
Wéi grouss ass déi Wahrscheinlechkeet ?

Am Folgende fannt der den Text zu eiser Fro:

Viru kuerzem ass bekannt ginn, datt et an Däitschland en Hackerugrëff gouf, deen zur Verëffentlechung vu privaten Date vu ronn 1000 Politiker a Prominente gefouert huet. An deem Kontext iwwerleeë verschidde Membere vun den däitsche Sozialdemokraten, ob et net sënnvoll wär, d’Sécherheetsvirgabe fir Softwareentwéckler an Operateure vun Internetplattforme gesetzlech ze verschäerfen.

  • An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:Wéi schätzt den Här Minister d’Menace duerch ähnlech Ugrëffer fir Lëtzebuerg an?
  • Deelt den Här Minister d’Meenung, dass een d’Sécherheetsvirschrëfte verschäerfe muss? Falls jo, wéi soll d’Sécherheet vu privaten Daten am Internet an dësem Zesummenhang an Zukunft konkret geschützt ginn?
  • De Faktor Mënsch soll bei dësem Hack eng grouss Roll gespillt hunn. Wéi gedenkt de Minister Privatpersounen an Zukunft besser iwwert d’Wichtegkeet vum Schutz vun den eegenen Daten am Internet opzeklären? Wéi eng Pläng ginn et an deem Kontext bei Bee Secure an doriwwer eraus?

Mat déiwem Respekt,
CLEMENT Sven
Député

Parlamentaresch Fro zu den Tesla-Autoen vun der Police

Parlamentaresch Fro zu den Tesla-Autoen vun der Police

Den 27. Dezember hu mer dem Här Minister fir Bannenzeg Sécherheet eng parlamentaresch Fro zum Fuerpark vun der Police gestallt. Konkret geet et hei em d’Tesla-Autoe vun der Police, déi net den Dateschutzreegelungen entspriechen.

Am Folgende fannt der den Text zu eiser Fro:

“Wéi déi Schwäizer Online-Plattform watson.ch mellt, dierf d’Basler Police, déi, genee wéi hir Lëtzebuerger Homologen Tesla-Autoen ugeschaaft huet, dës aus Dateschutzgrënn net benotzen. Ënnert anerem monéieren d’Dateschutzautoritéiten, datt Tesla zu all Zäitpunkt weess wou d’Autoen sech befannen an datt domadder de Geheimnisschutz bei der Police ausser Kraaft gesat wier. Des Weidere soll Tesla seng Autoen och aus der Distanz updaten oder ofschalte kënnen.

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

  • Gouf zu Lëtzebuerg eng Analys iwwert den Impakt vun den Tesla-Autoen op den Daten- a Geheimnisschutz bei der Police gemaacht?
  • Kann den Här Minister confirméieren, datt keng Date vun Asätz op amerikanesch Servere weidergeleet ginn?
  • Am Fall wou Positiounsdaten awer sollte weidergeleet ginn, goufen déi concernéiert Polizisten doriwwer opgekläert? Gëtt et e Kontrakt mat Tesla fir dës Date méi sécher ze behandelen?
  • Kann de Minister confirméieren, datt Tesla d’Autoen net aus der Distanz ofschalte kéint? Falls nee, wéi eng Virkéierunge goufe getraff, fir datt d’Policeaarbecht net duerch Tesla-Mataarbechter beaflosst gëtt?

Mat déiwem Respekt,
CLEMENT Sven
Député


Parlamentaresch Fro: Firwat sinn d’Urgencen am Nidderkuerer Spidol owes zou?

Parlamentaresch Fro: Firwat sinn d’Urgencen am Nidderkuerer Spidol owes zou?

D’Piraten hunn dem Här Minister vun der Gesondheet, Etienne Schneider, eng parlamentaresch Fro zu de Schléissunge vun den Urgencen am Centre Hospitalier zu Nidderkuer gestallt. D’Pirate stellen sech géint dës Schléissung: eng Schléissung vun den Urgence ass eng Verschlechterung vun eisem Gesondheetswiese fir de Bierger, déi d’Bierger vun der Gemeng Déifferdeng an de Nopeschgemenge vill Liewensqualitéit kascht.

Am Folgende fannt der den Text zu eiser Fro:

“Vum éischte Januar 2019 un, ass d’Urgence vum CHEM Nidderkuer tëscht 21 Auer a 7 Auer zou. Wärend dëser Zäit iwwerhëlt de CHEM Esch-Uelzecht d‘Noutfäll. Laut dem Artikel 4 vum Spidolsgesetz vum 8. Mäerz 2018, ass de Service vun enger Urgence ee vun am Ganzen 19 « services de base » déi all Spidol der Patientin oder dem Patient muss kënnen ubidden. Den Artikel 4 vum Spidolsgesetz präziséiert awer : « Un centre hospitalier peut être exploité sur un ou plusieurs sites. (…) Chaque centre hospitalier dispose au maximum de trois sites hospitaliers et participe au service d’urgence sur un seul de ses sites. »

Ee Centre hospitalier géif der Patientin oder dem Patient demno, vum éischte Januar 2019 un, just nach op engem vu senge Siten eng Urgence ubidden. De Koalitiounsaccord 2018-2023 gesäit dogéint folgendes fir : « Le fonctionnement des sites secondaires, situés en-dehors des sites principaux
des urgences hospitalières, sera maintenu (Wiltz, Niederkorn, Dudelange et Zithaklinik). »

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

  • Här Minister Schneider, kéint Dir d‘Diskrepanz tëscht dem aktuelle Spidolsgesetz an dem Koalitiounsaccord am Detail explizéieren?
  • Dem Koalitiounsaccord no wäert d‘Urgence vum CHEM Nidderkuer och an Zukunft kënne bäibehale ginn. Här Minister, kënnt Dir dat confirméieren?
  • Här Minister, d‘Urgence am CHEM Nidderkuer heescht, dem Generaldirekter vum CHEM, Dr. Hansjörg Reimerd no, elo « Passage en policlinique non-programmé ». Wat ännert sech doduerch a wat heescht dat fir d‘Patientinnen a Patienten?
  • D‘zäitweis Zoumaache vun der Urgence am CHEM Nidderkuer bedeit fir eng jett Patientinnen a Patienten aus dem Süden (i.e. Rodange) eng nennenswäert Verschlechterung vun hirer Liewensqualitéit. Här Minister, wat sinn d‘Grënn fir dës Fermeture?
  • Fir d‘Piratepartei geet d‘Wuel vun der Patientin a vum Patient vir, dofir, Här Minister, géif ech Iech froe wéi eng Schrëtt Dir konkret wäert ënnerhuelen, fir de Biergerinnen a Bierger queesch duerch de Grand-Duché eng accessibel a qualitativ Gesondheetsversuergung unzebidden?
  • Här Minister, bedeite manner vollzäit Urgencen an de Spideeler net automatesch och méi laang Distanzen a soumat méi Zäitverloscht fir Patientinnen a Patienten an enger Noutsituatioun ?


Mat déiwem Respekt,
GOERGEN Marc
Députéierten”


Transparent Prozeduren? Eng parlamentaresch Fro iwwer Personalchangementer an de Ministèren

Transparent Prozeduren? Eng parlamentaresch Fro iwwer Personalchangementer an de Ministèren

D’Piraten hunn de Ministeren fier Aussenugeleeënheeten an Europa, Ëffentlechen Déngscht, Energie an Kultur eng parlamentaresch Fro iwwer rezent Personalchangementer gestalt.

Am Folgende fannt der den Text zu eiser Fro:

“Reegelméisseg falen op Ministèrë Personalchangementer un. Heiansdo treffen esou Wiessele bei der Ëffentlechkeet duerch kloer an transparent Prozeduren ob Zoustëmmung, heiansdo léisen se guer keng Resonanz aus an heiansdo ginn se vun der Bevëlkerung virun allem negativ bewäert, well ontransparent Kritäre bei der Attributioun vun de Posten d’Léit gleewe loossen, datt aner Aspekter ewéi d’Kompetenze vun de Kandidaten um Enn bei der Verdeelung vun den Aarbechtsplazen ausschlaggebend waren. Och am Moment ginn et erëm eng Rei Changementer an de lëtzebuergesche Ministèren. Esou soll z.B. eng fréier Staatssekretärin wäerte bei den Ausseministère wiesselen, fir do d’Nationbranding-Strategie ze begleeden, e fréiere KeP-Koordinateur soll an de Kulturministère nominéiert ginn an e fréiere Porte-parole vum Nohaltegkeetsministère soll 1er Conseiller de Gouvernement am neien Energieministère ginn.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  • Kennen d’Häre Ministeren an d’Madamm Ministesch des Personalchangementer bestätegen?
  • Gouf et fir dës Posten eng oppen Ausschreiwung? Wa jo, vu wéini bis wéini an op wéi enge Kanäl? Wann nee, firwat net?
  • A wéi enger Carrière an ënnert wéi engem Statut kann een als Persoun bei de lëtzebuergesche Ministèren agestallt ginn? Wéi eng Kompetenze soll ee matbréngen, wann een e Posten an enger héijer Carrière bei engem Ministère ustrieft?
  • Wéi gëtt an de Ministèrë séchergestallt, dass Persoune keen Zougang zu Carrièren hunn, zu deenen hier Diplomer se net ermächtegen? Wéi oft ass et hei schonns zu Ausnamen komm?

Mat déiwem Respekt,
CLEMENT Sven
Député”


Streckeradaren zu Lëtzebuerg!

Streckeradaren zu Lëtzebuerg!

Kuerz virun de Feierdeeg hunn d’Piraten dem Här Bausch, dee jo Minister fir Mobilitéit souwéi Banne Sécherheet ass, eng parlamentaresch Fro zu sengem Plang vum Opriichte vu sougenannte Streckeradaren (radars-tronçon) gestallt. Bei deene Radare gëtt all Autofuerer systematesch vum éischte Radar erfaasst an nom Passéiere vun engem zweete Radar gëtt eng Moyenne gerechent fir ze gesinn, op den Autofuerer sech op deem Streckenofschnëtt un d’Vitesse gehalen huet.

De Problem vun dëse Streckeradaren ass, dass all Bierger onnéideg ënner Generalverdacht gestallt gëtt. D’Piratepartei stellt sech dofir kloer géint dës Form vun onnëtzer a massiver Datenerhiewung. D’Bierger ginn hei ënner Generalverdacht gestallt egal ob si sech un d’Stroossereegelen halen oder net. Sollte méi souer Apparater am ganze Land opgestallt ginn, wär et ganz einfach fir Déngschter ewéi de SREL oder d’Police Bewegungsprofiler vun eenzele Plackennummeren ze erstellen a soumat ze wëssen, wéini a wou eng Persoun zirkuléiert. Deem stelle mer eis entgéint.

All Minister muss engem Deputéierten op eng parlamentaresch Fro äntweren. De Minister huet dann ee Mount Zäit fir drop ze äntweren.

Am Folgenden fannt der den Text zu eiser Fro:

An der Chamberssëtzung vum 18.12.2018 huet den Här Minister ugekënnegt, dass Streckeradaren op engem Ofschnëtt vun der N11 placéiert solle ginn. Dës Form vu Masseniwwerwaachung werft eng ganz Réi vu Froen op hisiichtlech der Legitimitéit vu dësen technologesche Kontrollmechanismen am Kontext vun individuelle Perséinlechkeetsrechter.

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

  • Opgeschlësselt no Joer, wéi vill Accidenter gouf et op dësem Streckenofschnëtt? Wéi eng Aarten vun Accidenter goufen op dësem Streckenofschnëtt ermëttelt?
  • Gi bei deenen ugekënnegte Streckeradaren all Stroossegefierer ab deem éischte Kontrollpunkt erfaasst a nom zum Verloosse vum Miessungsinterval an enger Datebank gespäichert? Falls jo, op wéi enger Speicherplaatz ginn d’Donnéën gespäichert a wéi eng Aart vu Verschlësselung gëtt dofir benotzt? Ass eng Läschung vun den Donnéën am Aklang mam Artikel 17 vum Reglement vum Dateschutz virgesinn?
  • Däerf d’Police oder de Geheimdéngscht am Kontext vu Fahndungen oder anere Recherchen ob d’Daten vu Radaren zougräifen? Däerfen dës Déngschder Bewegungsprofiler mat dësen Daten erstellen?
  • Wéi rechtfäerdegt den Här Minister de Fait, dass all Privatpersoun duerch des Streckeradaren ënner Generalverdacht gestallt gëtt, ouni dass am Viraus ee konkrete Verdacht vun enger Verkeiersinfraktioun bestanen huet?
  • Ëm wéi een Ofschnëtt vun der N11 handelt et sech konkret a wisou gouf dës Streck ausgewielt?

Ech verbléiwen an déiwem Respekt,

Marc GOERGEN
Députéierten

Eng parlamentaresch Fro zum Equipement vun der Police

Eng parlamentaresch Fro zum Equipement vun der Police

D’Piraten hunn dem Här Bausch, Minister fir Mobilitéit souwéi Banne Sécherheet, eng parlamentaresch Fro zum Equipement vun de Policeautoen mat Xenonluuchten gestallt.

Ee Minister muss engem Deputéierten op eng parlamentaresch Fro äntweren. De Minister huet dann ee Mount Zäit fir drop ze äntweren.

Hei den Text zu der Fro:

“Här President,

Sou wéi den Artikel 83 vun eisem Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Ministere fir Bannenzeg Sécherheet & Mobilitéit weiderzeleeden.

Mer sinn informéiert ginn, dass an der Autoflott vun der Police Gefierer géife existéieren, déi net mat Xenonluuchten equipéiert sinn. De Xenon huet vis-à-vis vun hierkëmmleche Liichtmëttelen de Virdeel, méi héich Liichtstréim ze produzéieren. Den Testrapporten vum ADAC no aus de Joeren 2018, liicht eng Xenonluucht méi wäit wéi eng konventionell Halogenluucht, ass wéineger ufälleg fir Defekter an dermadder sécherheetstechnesch besser wéi den Halogen.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  • Wéi gesäit den Här Minister d’Ausso, dass Gefierer bei der Police ënnerwee ouni Xenonbeliichtung geliwwert gi sinn?
  • Wéi vill Prozent vun der Gesamtstroosseflott vun der Police ass insgesamt mat Xenonluucht equipéiert?
  • Kann den Här Minister eis d’Kritären oplëschten, no der d’Stroossegefierer vun der Police ugeschaaft ginn, klasséiert no Gefierskategorie?
  • Spillt Sécherheet vun de Policebeamten op de Stroossen bei der Acquisitioun vu Gefierer eng Roll?
  • Gesäit den Här Minister et als néideg un, d’Stroossegefierer vun der Police mat Xenonluuchten auszestellen?
  • Gesäit den Här Minister eng Korrelatioun tëscht der Sécherheet vun de Policebeamten am Déngscht an dem
  • Equipement vun hire Stroossegefierer mat Xenonluuchten? Falls net, firwat gesäit den Här Minister et net als relevant un a wat wären seng Proposë fir d’Sécherheet vun de Policebeamten an hirer Stroossegefierer ze verbesseren?
  • Kann den Här Minister oplëschte wéi vill nei Stroossegefierer säit 2013 bei der Police Grand-Ducale ugeschaaft gi sinn, opgeschlësselt pro Joer an a Prozent wéi vill dovunner mat enger Xenonbeliichtung equipéiert sinn?

Mat déiwen Respekt,
Marc Goergen”



3 Méint keen Salaire? Eng parlamentaresch Fro iwwert d’Salairë vun den Chargés d’éducation a vun den Chargés de cours

3 Méint keen Salaire? Eng parlamentaresch Fro iwwert d’Salairë vun den Chargés d’éducation a vun den Chargés de cours

Eng Rei Leit, déi als Chargés d’éducation oder als Chargés de cours schaffen, kruten 3 Méint laang keen Salaire iwwerwisen. Firwat war dat esou?

D’Piraten hunn dem Minister fir Bildung eng parlamentaresch Fro iwwert d’Salairë gestalt, mee kéng zefriddestellend Äntwert kritt. Dofir hunn mir nach eng Kéier nogefrot.

Am Folgende fannt der den Text zu eiser zweeter Fro:

“Eng Rei Persounen, déi als Chargés de cours oder Chargés d’éducation a staatleche Schoulen agestallt sinn, kruten tëscht August an November 2018 wärend e puer Méint kee Salaire – bzw. e Salaire am Centberäich iwwerwisen. Fir ob dëse Mëssstand opmierksam ze maachen an Erklärungen iwwert d’Zustanekomme vun dëse Fäll ze erhalen, hat ech de 14. November 2018 eng parlamentaresch Fro un den Här Bildungsminister gestallt, déi leider net zu menger Zefriddenheet beäntwert gouf. Well et sech bei deem genannten Zäitraum em eng Period handelt, an där en neit Schouljoer ugaangen ass, huet den Här Minister seng Äntwert vollstänneg ob d’Salairë vu Persoune bezunn, déi fir d’Rentrée 2018-2019 nei agestallt goufen, ouni datt meng Fro des Aschränkung enthalen hätt. Datt nei agestallten Persounen am August nach kee Salaire kruten an et Verzögerunge konnt gi bei onkompletten Dossieren erschéngt evident. Mee d’Fro wisou d’Salairë vun anere Chargéë, déi scho laang an hirem Beruff täteg waren, net ausgeschott goufen oder nëmmen e puer Cent ëmfaasst hunn, ass ëmmer nach net beäntwert.

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

  • Huet den Ëmstand, datt den Här Minister a senger Äntwert vum 17. Dezember 2018 nëmmen iwwert nei Astellungen schreift, domat ze dinn, datt de Problem mat de Salairen vun de Chargéë dem Minister net a senger Totalitéit bekannt war?
  • Wéi vill Persounen, déi scho virun der Rentrée 2018-2019 als Chargé an enger Schoul täteg waren an deenen hir Kontrakter fir déi lescht Rentrée weider gelaf sinn, kruten tëscht August an November 2018 kee Salaire oder e Salaire ënnert 5 Euro iwwerwisen?
  • Wisou ass et zu dëse Verspéidungen a Fehlbeträg beim ausschëdde vun de Salaire komm?
  • Wéi héich ass de Gesamtmontant u Salairen, déi tëscht August an November 2018 verspéit ausbezuelt goufen?
  • Wéi eng Konsequenze wäerte vu ministerieller Säit gezunn ginn, fir an Zukunft ähnlech Lounausfäll ze vermeiden?

Mat déiwem Respekt,
CLEMENT Sven
Député”

Eng parlamentaresch Fro iwwert d’Associatiounen an d’Fondatiounen ouni but lucratif

Eng parlamentaresch Fro iwwert d’Associatiounen an d’Fondatiounen ouni but lucratif

All ASBL ass gesetzlech verflicht sech pro Joër beim RCS mat enger Réi Donée ze mëllen. D’Piraten wollten wëssen weivill ASBLen dëser Fuerderung nokommen.

Am Folgende fannt der den Text zu eiser Fro:

Am Gesetz iwwert d’Associatiounen an d’Fondatiounen ouni but lucratif steet, dass all ASBL pro Joer beim Registre de Commerce et des Sociétés (RCS) eng Lescht muss ofginn, déi d’Nimm, d’Virnimm, d’Wunnsëtz an d’Nationalitéite vun hire Memberen an alphabetescher Reiefolleg enthält.

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

  • Wéi vill ASBLen sinn aktuell beim RCS immatrikuléiert?
  • Opgeschlësselt no Joer, wéi vill ASBLen hunn ab dem Joer 2008 esou eng Lescht agereecht?
  • Wéi vill ASBLen si säit dem Joer 2008 mindestens wärend engem Joer dëser gesetzlecher Opfuerderung net nokomm?
  • Denkt de Minister, datt d’Flicht fir jäerlech eng Memberslëscht beim RCS ze deposéieren an Zukunft – opgrond vun administrative Vereinfachungen an Dateschutzgesiichtspunkten – opgehuewe kéint ginn.

Mat déiwem Respekt,
CLEMENT Sven
Député

Brauche mer nach Klappjuegden zu Lëtzebuerg?

Brauche mer nach Klappjuegden zu Lëtzebuerg?

D’Pirate wëllen eng Diskussioun iwwert de Sënn a d’Néidegkeet vun der Klappjuegd zu Lëtzebuerg ureegen. D’Klappjuegd gëtt als gängeg Praxis vun de Jeeër nach ëmmer vill vun der Natur- a Bëschverwaltung ënnerstëtzt. Dass eng Réi Argumenter, virun allem vu Déiereschutzverbänn, bei dëser Juegdmethod ignoréiert ginn ass fir d’Piraten inakzeptabel.

D’Piratepartei steet fir ee méi staarken Déiereschutz, an aus deem Grond hu mer dem Minister fir Landwirtschaft, Vitikultur a Ländlech Entwécklung eng parlamentaresch Fro iwwert d’Klappjuegd gestallt.

Am Folgende fannt der den Text zu eiser Fro:

D’Press huet den 23.11.2018 vun engem geféierleche Tëschefall bei enger Klappjuegd bericht. De Verkéier op der A7 war fir zwou Stonnen komplett zum Stëllstand komm, well Déieren, déi duerch des Juegdpraktik an extrem Panik versat goufen, matten ob d’Autobunn geflücht waren.

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

  • Ass den Här Minister der Meenung, dass d’Klappjuegd an déi domat verbonnen extrem Angscht, déi en Déier viru sengem Doud bei esou enger Prozedur iwwert e gréisseren Zäitraum erleide muss, d’Würd vum Déier, déi duerch d’Gesetz vum 27 Juni 2018 geschützt soll ginn, net ugräift?
  • Wéi wäert d’Regierung hiert Versprieche vun der Säit 194 vum Regierungsaccord « Le Luxembourg poursuivra son engagement pour une protection des animaux forte afin de rester précurseur dans le domaine du bien-être animal» mat Juegdpraktike wéi der Klappjuegd an Aklang bréngen?
  • Ass an nächster Zukunft e Gesetzesprojet zum Verbuet vun der Klappjuegd virgesinn?
  • Opgelëscht no Gemeng, wéi vill Klappjuegte goufe säit dem Joer 2008 geneemegt?
  • Opgelëscht pro Joer, wéi vill Déiere si säit dem Joer 2008 zu Lëtzebuerg erluecht ginn? Wéi vill Prozent dovunner sinn duerch Klappjuegten erluecht ginn?
  • Wéi vill a wou sinn an de leschten zwee Joer Kontrolle vum Alkoholkonsum bei Klappjuegte gemaach ginn, fir sécherzestellen, dass d’ “règles de l’art”, wei et am Artikel 14 vum Juegdgesetz vum 31 Mee 2011 heescht, och korrekt ausgefouert kenne ginn?

Mat déiwem Respekt
Marc Goergen
Député

Eng parlamentaresch Fro iwwert de REVIS

Eng parlamentaresch Fro iwwert de REVIS

D’Piraten hunn der Ministesch fir Famill an Integratioun eng parlamentaresch Fro iwwert de Revis gestalt.

Am Folgende fannt der den Text zu eiser Fro:

Mam Gesetz vum 28. Juli 2018 gouf de REVIS agefouert a mam Artikel 4 doran ganz kuerz op den Terme “communauté domestique” agaangen, deen des Weideren am Artikel 4 vum groussherzogleche Reglement vum 1. Oktober 2018 konkretiséiert gëtt. Ausdrécklech gëtt eng communauté domestique definéiert als: “Sont présumées former une communauté domestique toutes les personnes qui vivent dans le cadre d’un foyer commun, dont il faut admettre qu’elles disposent d’un budget commun […]”. Elo héiert een souwuel vu Persounen, déi a Wunngemeinschafte wunnen, wéi och vu Persounen, déi als unerkannte Flüchtling vun enger Famill opgeholl goufen, datt dës Definitioun se virun de Choix stellt: REVIS verléieren oder eng aner Wunnsituatioun sichen.

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

  • A wéi vill Fäll, opgeschlësselt no Refus a Reduktioun, gouf den REVIS vu BPI refuséiert oder reduzéiert opgrond vun der Wunnsituatioun?
  • Wéi vill Persounen, déi net ënnert de Statut vum BPI falen, déi mat Persounen, wou keng Alliance a kee lien de parenté besteet, zesumme wunnen, kruten de REVIS refuséiert oder reduzéiert?
  • Ass et d’Opfaassung vun der Regierung, datt alleng de Fait, kee Loyer ze bezuelen, de Constat zouléisst, datt et e gemeinsame Budget gëtt an doduerch d’Definitioun vun der communauté domestique erfëllt wier?
  • Gedenkt d’Regierung den Artikel 4 (3) vum Gesetz an Zukunft z’amendéieren fir Härtefäll ze verhënneren?

Mat déiwem Respekt,
CLEMENT Sven
Député