Äntfert op eis Fro: Handwierker beim Staat

De lëtzebuergesche Qualifikatiounsrahmen hält fest, dass e Meeschterbréif am Handwierk enger Qualifikatioun vun Niveau 5 entsprécht. Zum Verglach: En Ofschloss am Secondaire, d. h. eng 1e oder eng 13e entspriechen enger Qualifikatioun vun Niveau 4. An trotzdeem si vill Handwierkerinnen an Handwierker beim Staat net an enger Karriär B1, déi hirem Qualifikatiounsniveau entsprieche géing, mee an enger méi niddreger Karriär D1 agestallt, wou si signifikant manner verdéngen, wéi am B1.

De Budget 2019

De Finanzminister huet haut an der Chamber de Budgetsprojet fir 2019 virgeluecht.

Mer fuerderen d’Regierung op responsabel ze handelen a net zugonschte vun der Wirtschaft op Steieren ze verzichten, déi fir d’Wuel vum Land kéinten agesat ginn !

33 Stëmmen fir d’Regierung “Bettel 2”

33 Stëmmen fir d’Regierung “Bettel 2”

Eis Reaktiounen zur Regierungserklärung, de Sven huet seng éischt grouss Ried an der Chamber gehalen. (Video kennt no)

Piraten hunn mat hiren 2 Stëmmen der Regierung ee Vertrauensvirschoss ginn, well sou munch vun eise Fuerderungen (Gratis Transport, Cannabis, Steierreform, …) aus de Wahlen, ëmgesat wäerte ginn. Soumat koum Regierung ” Xavier Bettel ” op 33 vu 60 Stëmmen.

Als Pirate wäerte mir genau kucken, wéi gutt Regierung hier Ukënnegunge wäert ëmsetzen.

Ergänzung vu Steiererklärungen fir Sportler

Ergänzung vu Steiererklärungen fir Sportler

D’Piraten hunn dem Sportminister an dem Finanzminister eng parlamentaresch Fro iwwert eng Revisioun vun de Steiererklärunge gestalt.

Am Folgende fannt der den Text zu eiser Fro:

Verschidde Steierbüroen am Land hunn an de leschten Deeg e Bréif u verschidde Sportler verschéckt fir dës opzefuerderen hir Steiererklärunge vun 2013 bis 2017 ze verbesseren an ëm d’Akommes aus dem Sport z’ergänzen.

An deem Zesummenhang wéilt ech den Häre Sportminister a Finanzminister dës Froe stellen:

  • Wéi vill Bréiwer sinn an dëser Aktioun u wéi vill Sportler verschéckt ginn?
  • Op wéi eng Daten hunn sech d’Steierbüroe gestäipt fir d’Empfänger vun de Bréiwer ze bestëmmen?
  • Hunn all Steierbüroen dës Bréiwer verschéckt? Gouf et eng Uweisung aus der Hierarchie dëst ze maachen ? Wa jo, wéini gouf dës Uweisung formuléiert a wien huet se formuléiert ?
  • Wéi vill zousätzlech Recetten versprécht den Här Finanzminister sech vun dëser Aktioun, wëssend datt nëmmen en Akommes iwwer 5.000 € pro Joer besteierbar oss ?
  • Wéi vill huet dës Aktioun d’Verwaltung kascht ? Ech bieden d’Häre Minister dëst opzeschlësselen no Personalkäschten, Portokäschten, Materialkäschten a weidere Käschten.
  • Ass geplangt dës Aktioun op aner Felder, déi duerch d’Circulaire LI.R. n° 91/2 vum 11. Juni 2012 ofgedeckt sinn auszeweiten?
  • Firwat zitéiert de Bréif un d’Sportler just den § 166 AO an net och § 768 (1) AO ? Wien huet den Inhalt vum Bréif erstallt a fräiginn?

Mat déiwem Respekt,

Sven Clement
Deputéierten