Aus den internationale Medien ass de Public an de leschten Deeg gewuer ginn, dass d’CIA an de Bundesnachrichtendienst (BND) iwwert eng Schäinfirma an der Schwäiz mam Numm Crypto AG a ronn 120 Länner souwuel Feind ewéi och Frënd ausspionéiert hunn. Dës Firma huet un aner Länner Verschlësselungstechnik ugebueden an huet esou iwwert agebauten Hannerdieren – sougenannte “Backdoors” – Geréiter a Softwareprogrammer vun de Clienten konnten ausspionéieren. Doduerch konnten den amerikaneschen an den däitschen Noriichtendéngscht verschlësselt Kommunikatioun iwwerwaachen a matliesen.
An dem Zesummenhang hu mir dem Premierminister eng dréngend parlamentaresch Fro gestallt:
- Benotzt de Lëtzebuerger Staat aktuell Apparater oder Logicielle vun der Crypto AG?
Ginn aner Servicer vun dëser Firma oder hiren Nofollger beusprocht? - Huet de Lëtzebuerger Staat an der Vergaangenheet Apparater oder Logicielle vun der Crypto AG kaf oder agesat? Goufen aner Servicer vun dëser Firma oder hiren Nofollger beusprocht?
- Falls jo, wéi eng Konsequenzen zitt de Lëtzebuerger Staat aus der sougenannter Operatioun “Rubikon”?