D’Aarbechtskonditiounen bei der Police

An de leschte Méint si Stëmme beim Syndicat National de la Police Grand-Ducale méi haart ginn, déi op gewëssen Dysfonctionnementer bei eiser Police verweisen. Op Nofro hin huet d’SNPGL eis informéiert, dass fir de reguläre Fonctionement vun der Police ze garantéieren, ëmmer erëm misst géint den Artikel 13 vum Gesetz vum 1ten August 2018 iwwert “fixation des conditions et modalités d’un compte épargne-temps dans la Fonction publique” verstouss ginn. Déi an dësem Gesetz virgesinne Bestëmmungen zur Aarbechtszäit an d’Reegelunge vun de Pausen kéinte bei der Police oft net agehale ginn, soudass d’Policebeamten hiren Déngscht deelweis an der Illegalitéit leeschte missen. Esou soll z. B. déi mam Artikel 18-42018 festgehale Limitt, vu mindestens 11 Stonne Paus tëscht zwou Schichten, an de Centres d’Intervention zu Esch-Uelzecht an zu Lëtzebuerg reegelméisseg net respektéiert gi sinn. An dëst ass nëmmen ee vu ville Beispiller, déi eis rapportéiert goufen.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  • Kënnen déi Häre Ministeren erklären, firwat d’Police, fir ze fonctionnéieren, géint Bestëmmungen zur Aarbechtszäit verstouss huet?
  • Wéi vill Fäll goufen et am Joer 2018, opgelëscht no Mount, an deene Policebeamten op engem Schaffdag méi wéi 10 Stonne hu misse schaffen?
  • Wéi vill Fäll goufen et am Joer 2018, opgelëscht no Mount, an deene Policebeamte kee Repos vu mindestens 11 Stonnen tëscht zwou Schichten krut hunn?
  • Wéi vill Fäll goufen et am Joer 2018, opgelëscht no Mount, an deenen déi 35 Stonne Repos hebdomadaire vum Artikel 18-5 net respektéiert goufen?
  • Wéi vill Fäll goufen et am Joer 2018, opgelëscht no Mount, an deene Policebeamte méi ewéi 48 Stonnen d’Woch hu misse schaffen?
  • Wéi eng Mesurë gedenkt d’Regierung ze treffen, fir des Gesetzesverstéiss ze ënnerbannen an trotzdeem de reguläre Fonctionnement vun der Police ze garantéieren?

Mat déiwem Respekt,
GOERGEN Marc
Député

Zesummenhang posts

Context: Projet de loi n°8383 et n°8384 D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest: De Subside «Klimabonus Wunnen» 2022 iwwer 3200 Mol an 2023 iwwer
Context: Projet de loi n°8383 et n°8384 D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest: An hirem Budgetsrapport huet d’Madamm Rapportrice erkläert, datt si sech e
De 16te Mee 2023 huet d’Chamber de Gesetzesprojet 8156 ugeholl, mat deem de Programm «Medium Earth Orbit Global Services » (MGS) finanzéiert sollt ginn.