Datebanken, Fichieren a Karteien beim Staat

Wat fir eng perséinlech Date vu Bierger späichere staatlech Institutiounen an Datebanken, Fichieren a Karteien an ewéi vill esou Datebanke ginn et iwwerhaapt?

Am Kader vun der Diskussioun ëm de Casier central vun der Police an de Fichier « Jucha » vun der Justiz, stellen sech d’Piraten d’Fro no aneren Datebanke beim lëtzebuerger Staat. Aus novollzéibare Grënn sammele staatlech Institutiounen a Servicer Donnéeë vu Bierger(innen), fir hire Missiounen op di bescht méiglech Aart a Weis kënnen nozekommen. De genannte Fall vum Fichier central ass allerdéngs an den Aan vun de Pirate charakteristesch fir dat, wat an der rezenter Vergaangenheet kaum nach ze verbierge war – en liichtfankegen Ëmgank säitens vu verschidde Ministèrë mat sensibelen Donnéeë vun de Biergerinnen a Bierger. D’Pirate suergen sech ëm d’Anhale vu fundamentale rechtsstaatleche Grondreegelen, virun allem virum Hannergrond vun der Digitaliséierung an den erneierten Uspréch vun der Dräierkoalitioun un d’Themen Dateschutz, Transparenz an de Schutz vun der Privatsphär.

An deem Zesummenhang huet de Sven Clement dem Minister dës Froe gestallt:

  • Här Premierminister, kéint Dir eis eng Lëscht virleeë mat allen Datebanken, Fichieren a Karteien, déi momentan beim lëtzebuergesche Staat existéieren?
  • Wat genee gëtt an de jeeweilegen Datebanken, Fichieren oder Karteie festgehalen?
  • Kéint Dir eis, fir all eenzel Datebank, Fichier oder Kartei di jeeweileg legal Basis nennen?
  • Wien huet Accès op dës Datebanken, Fichieren a Karteien ?
  • Sinn dës Banque de données effikass géint illicitt Zougrëffer, Cyberattacken an Mëssbräich ofgeséchert?
  • Wéi vill Persounen hunn Accès zu dësen Datebanken, Fichieren a Karteien? Kéint dir eis e präzise Chiffer nennen ?
  • Wéi steet et ëm den droit d’Accès, den droit à la rectification an den droit à la suppression vun de Biergerinnen a Bierger am Zesummenhank mat den Donnéeën, déi gesammelt goufen a gesammelt ginn ?
  • Här Premierminister Bëttel, goufen di besoten Datebanken, Fichieren a Karteien, am Kader vum RGPD, deen 2018 a Kraaft getrueden ass, op hier Konformitéit mat dësem neie Gesetz gepréift an, le cas échéant, adaptéiert ?

Zesummenhang posts

An Georgien ass de 14te Mee ee Gesetz gestëmmt ginn, dat ONGen, déi méi wéi 20% vun hiren Donen aus dem Ausland kréien, dës
De Staat leet aktuell iwwert de Programm Klimabonus bis zu 62,5% fir de Kaf an d’Installatioun vun der Photovoltaikanlag bäi. Verschidde Gemenge leeën zousätzlech
D’Piraten soen Nee zu engem neien, erhéichte Seuil fir Petitiounen. Mir wëlle méi an net manner Biergerbedeelegung an der Chamber! Dofir wäerte mir eis