Externen Dokter an Alters- oder Fleegeheem

Op de soziale Medien si momentan Kopië vu Rechnunge vu Patientinnen a Patienten am Ëmlaf, déi an engem Alters- oder Fleegeheem wunnen an de Service vun engem externen Dokter an Usproch geholl hunn. Een externen Dokter ass deemno an een eenzegt Alters- a Fleegeheem komm an huet seng Soinen direkt e puer Patientinnen a Patienten am gläichen Zoch ugebueden. Sou wäit sou gutt. Ma wat an d‘A fält ass, datt den Deplacement vum Dokter fir all Patientin oder Patient eenzel an an der selwechter Héicht verrechent ginn ass. Dat, obwuel den Dokter den Deplacement just eng Kéier huet misse maachen. 

No dëser Logik, géif een Dokter, deen sech eemoleg an een Alters- oder Fleegeheem deplacéiert, fir sech ëm 5 Patienten gläichzäiteg ze këmmeren, alle 5 Patienten déi selwecht Indemnité horo-kilométrique verrechnen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann d‘Madamm Ministesch confirméieren, datt et schonn zu esou Fäll komm ass, bei deene méi Patientinnen oder Patienten de selwechten Trajet, dee jo just eemol gemaach ginn ass, an der selwechter Héicht a Rechnung gestallt kruten? Wa jo, wéi oft ass dat virkomm?

  2. Kann d‘Madamm Ministesch garantéieren, datt dëst net virkënnt? 

  3. Wat ass déi üblech Prozedur an dësem Fall? Wéi gëtt esou ee Fall normalerweis, konform zum Gesetz, gehandhabt?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2635

Zesummenhang posts

Ufank Abrëll waren d’Piraten zesumme mat den anere Memberen vum Aktiounscomité géint Atomkraaft beim Wirtschaftsminister Lex Delles. D’Entrevue war u sech beim Premier gefrot
A menge parlamentaresche Froe n°3813 an 3927 hat ech op d’Situatioun vun Déierenbesëtzer um Wunnmarché opmierksam gemaach, wou et virkënnt, dass Locatairen verbuede kréien,
Den 15ten Abrëll 2024 um 19 Auer zu Koplëscht am HQ an online.  Start : 19h00 ; Enn 21h00 Vun der Parteileedung ware präsent: Clement Sven