FRO.LU Gratis Kannerbetreiung

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu

Kannerbetreiung ass kontinuéierlech en aktuellt Thema zu Lëtzebuerg. Laut dem Koalitiounsvertrag 2018-2023 soll d’Kannerbetreiung och ausserhalb vun de Schoulvakanze gratis ginn.”Neben der Reform des CSA-Systems soll zudem außerhalb der Schulferien die kostenlose Betreuung von Grundschülern in den Schülerhorten (“maisons relais”) eingeführt werden.”

An deem Zesummenhang huet de Sven Clement der Famillieministesch dës Froe gestallt:

  • Ass dëse Projet an der Maach?
    • Wann jo, ab wéini gëtt en presentéiert an ëmgesat?
    • Wann nee, fir wéini ass definéiere vun dësem Projet geplangt?

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz leit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt