Grenzkontrollen un der däitscher Grenz

Wärend de Grenzkontrollen am Kader vun der Covid-19 Pandemie un der däitscher Grenz goufen d‘Donnéeën vun Biergerinnen a Bierger erhuewen, déi d’Land Richtung Däitschland verloosse wollten. Zu dësen Donnéeën gehéieren, laut der Äntwert vum Minister op d’Fro n° 2074, de Numm an de Virnumm vum Chauffer, Gebuertsdatum, Plackennummer an de Grond fir den grenziwwerschreidenden Deplacement. Dës Donnéeën sinn, der Äntwert op d‘Fro n° 2074 no, op „Ufro vun den däitschen Autoritéite“ erhuewen ginn. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Här Minister, firwat war et esou wichteg, dës Donnéeën ze erhiewen?

  2. Här Minister, ënner wéi enger Form ënnerscheeden sech d‘Consignen fir déi lëtzebuergesch AN déi däitsch Douanieren, jee no Gebitt wou kontrolléiert ginn ass? Goufen et beispillsweis fir déi Kontrollen nördlech vun Iechternach aner Consignen, wéi fir déi südlech vun Iechternach a wa jo, inwiefern? Wéi eng Donnéeën goufen jee no Grenziwwergank erhuewen?

  3. Kann den Här Minister eng Pièce virleeën, déi attestéiert, datt déi däitsch Autoritéiten déi besoten Donnéeë vun der lëtzebuergescher Säit gefrot hunn?

  4. Kann den Här Minister confirméieren, datt déi däitsch Bundespolizei just statistesch Donnéeën gefrot huet?

  5. Kann den Här Minister garantéieren, datt keng perséinlech Donnéeën un Drëtter, ënnert anerem däitsch Autoritéiten iwwermëttelt goufen? Falls net, iwwer wéi e Wee goufen dës kommunizéiert? Op wat fir enger gesetzlecher Basis ass dëst geschitt?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2274

Zesummenhang posts

De 17ten Abrëll huet de Minister fir Wunnengsbau den Deputéierten an der Logementskommissioun Informatiounen geliwwert zum Kaf vu private Wunnprojeten duerch de Staat (VEFA-Projeten).
Zu Lëtzebuerg gëllt am Strosseverkéiert eng Gurtpflicht. Wien mam Auto ënnerwee ass, muss sech ustrécken. Och a Linnen- a Reesbussen gëtt et eng Obligatioun
Eis gouf vu betraffene Persounen zougedroen, dass si op engem Trajet am Adapto keng Wallissen oder hiert Hausdéier dierfte mathuelen. Dëst wier fir Trajeten