Alexa, Siri, Google: ween lauschtert mat?

An zwou parlamentareschen Ufroen froen de Marc Goergen an de Sven Clement d’Regierung, ob a wéi Sproochassistenten zu Lëtzebuerg hir Notzer oflauschteren. D’Fro vum Sven ass un de Justizminister an de Minister fir Bannenzeg Sécherheet geriet, d’Fro vum Marc bezitt sech op de Volet Konsumenteschutz. Hei ass d’Fro vum Sven Clement:

An Däitschland huet de Minister fir den Interieur Seehofer an der Äntwert op eng « kleine Anfrage » vun der FDP geäntwert, datt der Bundesregierung hirer Aschätzung no sougenannte Sproochassistenten (wéi Alexa, Siri, …) keng nei Geräteklass fir de Legislateur wieren an domadder d’Geräter souwéi d’Daten, déi se ophuelen an deelweis an der Cloud späicheren, kéinte per Perquisitioun bei Ermëttlunge benotzt ginn.

An dësem Kontext erkläert déi däitsch Regierung, datt dës Assistenten och kéinte benotzt gi fir Verdächteger ofzelauschteren ouni, datt dobäi nei Gesetzer géife gebraucht ginn. Dobäi gëtt ausser Uecht gelooss, datt dës Assistenten heefeg net nëmmen hir Besëtzer ophuelen, mee och hir Kanner, Gäscht an aner Occupante vun de Wunnraim.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  1. Ass d’Regierung der Meenung, datt d’Date vu Sproochassistenten ouni nei Gesetzer Objet vun enger Perquisitioun kënne sinn?
  2. Ass et der Regierung hir Aschätzung, datt d’Oflauschtere vun engem sougenannte Sproochassistent duerch bestoend national oder europäesch Legislatioun couvréiert ass?
  3. Goufe well Sproochassistenten am Kader vun Enquêten zu Lëtzebuerg vun der Police matgeholl an/oder ausgewäert? Wa jo, a wéi vill Fäll?
  4. Goufen am Kader vun Ermëttlungen zu Lëtzebuerg well Demanden u Cloud-Entreprise gemaach fir déi opgeholen Date vu Sproochassistenten ze kréien? Wa jo, wéi vill? A wéi ville Fäll hunn d’Operateure vun enger Cloud des Daten erausginn?
  5. Goufen am Kader vun Ermëttlungen zu Lëtzebuerg aner Geräter wéi Telefonen ofgelauschtert? Wa jo, wéi eng Typpe vu Geräter? 
  6. Des Weideren, wéi heefeg gëtt den Outil vum Oflauschteren, opgelëscht no Typ vu presuméierter Infraktioun, der Dauer vun der Observatioun, dem Gerätetyp an dem Joer zanter 2014 agesat?

Mat déiwem Respekt,
Sven Clement
Deputé

Zesummenhang posts

Wéi schonn a virege parlamentaresche Froen (n°2156 oder 3426) erkläert, verrechne vill profitorientéiert Crèchen a Foyeren den Elteren integral ee gewëssene Stonnesaz pro Woch
Aktuell schaffe bei der Police ronn 3250 Beamten. Polizist sinn ass een haarden Job, dee vill Energie, Engagement an Zäit erfuerdert. Et kënnt een
Vill verschidde Situatiounen kënnen zu engem Placement vum Kand féieren, wou de Placement ëmmer déi lescht Moossnahm ass, déi geholl gëtt. Am Kader vun