Kamerabiller bei den CFL

An den Zich, de Garen souwéi an de Busser vun den CFL ginn d’Reesender vun Iwwerwaachungskameraen opgeholl. Mam Akraafttriede vum GDPR am Mee 2018 huet sech d’Legislatioun ronderëm den Asaz a Gebrauch vu Kameraen allerdéngs verschäerft. 

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  1. Ween ass de Responsabele fir den Traitement vun de Videoopnamen, déi an de Waggone, op de Garen souwéi an de Busser vun den CFL opgeholl ginn? 
  2. Wéi eng Persounen hunn Accès op dës Biller a wéi ass den Accès protegéiert? Huet d’Personal vun den CFL een Accès op d’Opnamen? Falls jo, sinn si hisiichtlech dem GDPR forméiert?
  3. Wou ginn d’Videoopnamen an den Zich, Garen a Busser gespäichert a wéi laang?
  4. Wéi vill mol ass d’Videomaterial säit dem Akraafttriede vum GDPR visualiséiert a consultéiert ginn? Wat waren d’Motiver vun de verschiddene Consultatiounen a wéi eng Persounen kruten op dës Donnéeën een Zougrëff?

Zesummenhang posts

Een Artikel am Tageblatt vum 27ten Oktober thematiséiert d’Opstelle vu grousse Werbebildschiermer an de Sécherheetsrisiko, deen domadder fir Automobilisten am Stroosseverkéier anhirgeet. Rezent gouf
Zënter 2016 ass de fréiere Generaldirekter vum Mudam an engem juristesche Sträit mat deemolege Mataarbechter vun RTL Lëtzebuerg, dorënner zwee Journalisten. Am Mäerz 2026
D’Qualitéit vun eiser Ëmwelt huet sech an de leschte Joerzéngte verschlechtert. Op ville Plaze sinn eis Gewässer an eis Biedem mat ville Produkter belaascht,