Kontakt ophuelen mat staatleche Servicer. Wann den Telefon schellt a schellt…

D’Piraten hunn de Ministere fir Administrativ Reform & Ëffentlechen Déngscht eng parlamentaresch Fro iwwer d’Kommunikatioun mat staatleche Servicer gestalt.

Am Folgende fannt der den Text zu eiser Fro:

Heefeg si Bierger a Betriber op Informatioune vu staatleche Servicer ugewisen, déi zumindest informell kéinte kuerz a knapp iwwer Telefon beäntwert ginn, ouni den Opwand an d’Delaien vu formelle Bréiwer iwwert de Postwee mat sech ze bréngen. Leider ass awer ëmmer erëm festzestellen, datt ee bei Verwaltungen op direkt Nummeren urifft an dann awer keen op den Telefon kritt. Obwuel iwwert dëse Wee genee déi Persoune kontaktéiert kéinte ginn, déi am beschte qualifizéiert wiere fir z’äntweren, kennt et ganz heefeg fir, datt keen ophieft, an oft ginn dës Uriff net emol no enger Zäit op eng Mailbox oder de Standard weidergeleet, mee schellen einfach duerch bis ee selwer anhänkt. Och E-Maile bleiwe reegelméisseg onbeäntwert. Gläichzäiteg kritt ee vun de selwechte Beamten awer Bréiwer geschéckt, déi op Deeg datéiert sinn, wou déi Éischtgenannten telefonesch net ze erreeche waren.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  • Ginn et Statistiken iwwert d’Unzuel an den Undeel vun Uriff – opgedeelt no Administratioun –, déi net connectéiert konnte ginn? Falls jo, kéinten d’Ministeren eis déi zur Verfügung stellen? Falls nee, denken d’Ministeren net, datt ee fir d’Verbesserung vun der Qualitéit vu staatleche Servicer, dës anonymiséiert Statistike misst erhiewen?
  • Bei wéi vill staatleche Servicer ginn d’Uriff net op Mailboxen oder de Standard weidergeleet? Bei deene wou et geschitt: no wat fir enger Zäit?
  • Ginn et Statistiken iwwert d’Unzuel vun E-Mailen, déi pro Administratioun a pro Mount tëscht de staatleche Servicer an de Bierger a Betriber ausgetosch ginn?
  • Gëtt et eng Obligatioun, déi beseet, datt Fonctionnairen de Kontakt iwwert E-Mail fir Bierger a Betriber erméigleche mussen? Falls net, gedenken d’Ministeren des Situatioun am Kader vun der Digitaliséierungsstrategie ze änneren?

Mat déiwem Respekt,
CLEMENT Sven
Député

Zesummenhang posts

  ©SIP / Jean-Christophe Verhaegen Wéi d’Lëtzebuerger Land a senger Editioun vum 19.04.2024 mellt, stoung bei der Staatsvisitt vun der groussherzoglecher Koppel an de
Am Gemengegesetz sinn an den Artikelen 12 an 13 d’Delaien a verschidde Modalitéite festgehalen, wéi de Gemengerot muss zesummekommen. D’Gemengeconseillere gi convoquéiert, mee iwwert
D’Post bitt zënter 2023 de Service vum online Recommandé un, mat deem ee Bréiwer iwwert den elektronesche Wee kann un een Destinatäre fortschécken. D’Post