An d’Vakanz mam Nuetszuch?

A senger Äntwert op meng parlamentaresch Fro n°900 iwwert d’Nuetszich hat de Minister geschriwwen, dass de leschten internationalen Nuetszuch de 26te Juni 2016 vu Lëtzebuerg aus fortgefuer ass. Dës Weidere schreift de Minister, dass Lëtzebuerg als Arrêt fir international Nuetszich aus wirtschaftleche Grënn wéineg Potenzial besëtzt.

An deem Zesummenhang hu mir dem Minister dës Froe gestallt:

  1. Ass et sënnvoll am Kontext vun enger nohalteger Klima – an Ëmweltpolitik, international Nuetszich fir Lëtzebuerg aus reng wirtschaftleche Grënn ze ecartéieren?
  2. Ass d’Regierung der Meenung, dass bei feelender Wirtschaftlechkeet de Staat d’Nuetszich misst subventionéieren?
  3. Ass d’Regierung der Meenung, dass Lëtzebuerg dës Legislaturperiod un de Reseau vun den internationalen Nuetszich wäert ugeschloss ginn?
  4. Ab Januar plangt d’éisträichesch Bundesbahn (ÖBB) d’Aféiere vun enger Linn vu Wien op Bréissel. Gesäit d’Regierung dëst Geschäftsmodell als Chance, Lëtzebuerg an domadder d’CFL erëm un dat internationaalt Nuechtszuchnetz unzeschléissen? Falls jo, wäert d’CFL d’Verhandlungen mat der ÖBB sichen?
210159

Auszuch aus dem EU-Wahlprogramm vun “Déi Gréng” (Säit 16. URL: http://wielgreng.lu/wp-content/uploads/2019/04/EU2019-Grénge-Wahlprogramm.pdf

Zesummenhang posts

Context: 8587 Alphabetiséierung op Franséich D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest: De Projet de loi 8587 ass e Projet deen op national ausgeluechten Iwwerleeungen
Op enger Informatiounsversammlung den 23te Mee 2016 am Tramschapp haten déi deemoleg Verantwortlech aus der fréierer Regierung souwéi der Stater Gemeng den Awunner um