Steierpolitik

Steierpolitik

Déi wichtegst Reform an der Steierpolitik ass d’Aféierung vun enger negativer Akommessteier. Dës Visioun kann allerdéngs net vun Haut op Muer realiséiert ginn, dofir musse kuerzfristeg Weeër fonnt ginn d’Steierrecht ze vereinfachen, souwuel fir Privatpersounen, wéi och fir Entreprisen. Eng Vereinfachung huet net nëmmen eng Entlaaschtung, an domat en Erspuernis, bei den Administratiounen zur Folge, ma bréngt och déi néideg Transparenz an en oniwwersiichtleche System, deen et all Mënsch, onofhängeg vum Portemonnie, erméiglecht seng Steierausgaben nozevollzéien an ze optiméieren. En vue vun enger selbstbestëmmter Gesellschaft, mat informéierte Steierzueler, an engem transparente Staat, ass eng radikal Vereinfachung vum Steiersystem néideg.

 

 

Vereinfachung vum Steierrecht mam Zil vun der Steiererklärung um “Béierdeckel”

Dat lëtzebuergesch Steierrecht baséiert op der Abgabenordnung vu virum zweete Weltkrich. D’Pirate setzen sech mat der Fuerderung no enger negativer Akommessteier net nëmme fir eng Moderniséierung vum Steiersystem an, mee mir fuerderen och datt bis dohinner all bestoend Steiergesetzer vereinfacht ginn. Eng Vereinfachung vum Steiergesetz huet eng erhéichten Transparenz zur Folleg, an domat méi Fairness am Steiersystem, well Steierzueler net méi drop ugewise sinn deier Fiduciairen ze bezuele fir vu Steiervirdeeler ze profitéieren.

D’Piratepartei fuerdert datt fir all Steier déi am Moment erhuewe gëtt kontrolléiert gëtt ob se méi abréngt wéi se u Käschte verursaacht. Sollt dës Bilanz negativ ausfalen, ka Geld agespuert ginn andeems déi betreffend Steieren ofgeschaaft gëtt. Och Steieren déi enorm opwenneg bei der Deklaratioun sinn an nëmme wéineg abrénge sollen entweder vereinfacht ginn oder awer ofgeschaaft ginn.

Am Kader vun dëser Vereinfachung vum Steierrecht fuerdere mir och als Iwwergangsléisung zu onser Propose vun der Negativ-Akommes-Steier et zu enger Reform vum Steierrecht kënnt déi et jidderengem erlaabt seng Steiererklärung op engem einfachen a verständleche Formulaire ze maachen. Duerch d’Ofschafe vun Ausnamen an d’Automatiséierung vun anere Steiervirdeeler kann de Bierger bei der Deklaratioun enorm entlaascht ginn, wat op der anerer Säit zu manner Feeler bei der Steiererklärung an doduerch d’Aspuere vun administrative Käschte féiert.

 

 

Automatesch TVA Deklaratiounen/Quittungen

Amplaz datt Firmen haut ënnertenee mussen d’TVA bezuelen, da verbuchen an dono mam Staat verrechnen, fuerdere mir e méi einfache System bei deem d’TVA Deklaratioun bei all Transaktioun direkt beim Staat ugemellt ginn. Déi zwou Parteie kréien duerno eng Quittung doriwwer ob, a wa jo, wéi vill TVA bezuelt gouf. Dëst erlaabt et datt Firmen ënnertenee keng TVA méi musse bezuele well dës direkt kéint iwwert dëse System verrechent ginn. Gläichzäiteg verhënnert esou e System Faillitë wéinst Verspéidunge mat TVA-Ofrechnungen a suergt präventiv Mëssbrauch vir.

 

 

Steier- an Ierwrecht-Reform fir jiddereen

Partner, déi iwwert eng legal Méiglechkeet wéi eng notariell Bestätegung oder e gemeinsame Wunnsëtz kënne beweisen, datt se säit mindestens dräi Joer zesumme liewe solle kënnen d’Steiervirdeeler an d’Ierwrecht vu Koppelen unhuele kennen. Dëst betrëfft zum Beispill Transgender- Persounen déi bestuet sinn a bei engem Changement de Sexe  gezwonge ginn sech scheeden ze loosse – wat de Verloscht vun allen Steier- an Ierwrechter bedeit. Dës Situatioun ass eng onnéideg Diskriminéierung a muss behuewe ginn.