Transport

Lëtzebuerg huet en Transportproblem. Sief et den héije Prozentsaz un Autosfuerer oder déi reegelméisseg Trafic-Problemer un de Grenzen – eng nei Léisung fir den ëffentlechen Transport muss geschaaft ginn. Den ticketslosen ëffentlechen Transport ass genau dat: ouni héich Hürde gëtt den néidegen Ureiz geschaaft op den ëffentlechen Transport ëmzesteigen, ouni mat Sanktiounen ze dreeën oder héich Präisser ze fuerderen. Iwwerhaapt muss den ëffentlechen Transport méi attraktiv gestalt an zu enger wierklecher Alternativ zum Autofuere ginn – nëmmen esou kënne Bus an Zuch zu engem ëmweltbewossten an effektiven ëffentlechen Transport bäidroen.

 

 

Ticketslosen ëffentleche Persounentransport

An de leschte Joren huet de Präis vir Ticketen am ëffentlechen Transport sech méi wéi verduebelt, dréit awer nach ëmmer nëmmen zu 5% zum Finanzement vum ëffentlechen Transport bäi. Gläichzäiteg gi permanent nei Ticket-formen agefouert, an d’Verkaf- a Berodungsplazen drastesch reduzéiert.

Duerch d’Erhéijung vun de Präisser an dat dauernd ëmstelle vum Ticketssystem gi vill Leit vum Benotze vun engem Service ofgeschreckt deen se souwisou schonn zu 95% iwwer hir Steiere finanzéieren. Mir fuerderen dohier déi 5% iwwer aner Weeër wéi een Ticketssystem ze finanzéieren, an den ëffentleche Persounentransport am Land ticketslos ze maachen.

Een ticketslosen ëffentleche Persounentransport wier een Ureiz fir méi Leit, d’Benotzung vun hirem privaten Auto ze reduzéieren. Wa gläichzäiteg een Deel vun de Bensinstaxen a vun der Autossteier géif an den Ënnerhalt vum ëffentlechen Transport gestach ginn, wier dat nach méi e groussen Ureiz ëmzeklammen. Och Net-Lëtzebuerger kéinte vum ticketslosen Transport profitéieren a géifen dowéinst iwwert eng Iwwernuechtungspauschal an eng Autosvignette hiren Deel zum Finanzement bäidroen.

 

 

Internet am Zuch & Bus

An der haiteger Zäit ass et Usus ëmmer an iwwerall erreechbar ze sinn. Virun allem déi allgéigewäerteg Verfügbarkeet vun enger Internetverbindung ass fir vill Leit selbstverständlech. Fir de Wirtschaftsstanduert Lëtzebuerg weider ze promovéiere wier eng garantéiert Dateverbindung am ëffentlechen Transport vu Virdeel. Dëst géif et de Leit erlaben och um Wee op, respektiv vun, hirer Aarbechtsplaz nach ze schaffen, a géif sou e weideren Atout vum ëffentlechen Transport duerstellen.

 

 

Vëlospisten besser schützen

Mir hunn am Land eng grouss Unzuel vu lokale Vëlosweeër, déi awer net weider ënnertenee verbonnen, nach gutt siichtbar ausgeschëldert sinn. Oftmools féieren Deelstrecke vun de Vëlosweeër awer och iwwer normal Stroossen, wou d’Autofuerer wéineg Récksiicht op Vëlosfuerer huelen, a soumat Accidenter virprogramméiert sinn. Um Beispill vun der Deelstreck vun der Vëlospist duerch den Uelzechtdall tëscht Hënsdref a Pretten fuerdere mir op alle Plaze wou momentan eng Vëlospiste op enger Strooss verleeft, déi physesch vun en een ze trennen, a sou d’Sécherheet vun alle Verkéiersdeelhueler ze garantéieren.

 

 

Rush-Hour verhënneren

Fir ze verhënneren, datt et zu de Stousszäiten zu massivem Stau kënnt, kënnen eng Rëtsch vu Moossnamen ergraff ginn. Engersäits kënnen d’Zäiten, zu deenen déi meeschte Leit op d’Aarbecht oder and’Schoul fuere gestaffelt ginn, zum Beispill andeems ee verschidde Schoulen zu ënnerschiddlechen Auerzäiten ufänke léisst, oder awer andeems een déi individuell andeelbar Aarbechtszäite méi fërdert.

Anerersäits sollen och raimlech Moossnamen ergraff ginn. Zukünfteg Aarbechtsplaze mussen ausserhalb vun de Ballungszenteren entstoen. Grouss Park & Ridë mat reegelméissegen a schnelle Verbindunge missten op de Grenze gebaut ginn. Sou kënnen déi Leit, déi vun ausserhalb an d’Land schaffe kommen, schonn do op den ëffentlechen Transport ëmklammen, wat eis Stroosse géif weider entlaaschten. Zousätzlech dozou muss d’Gesetzgebung zum “home office” iwwerschafft ginn, wat ville Leit géing erlaben doheem ze schaffen an domat den Trafic ze entlaaschten.

De weideren Ausbau vum ëffentlechen Transport sollt gefuerdert ginn.

 

 

Rout – Giel – Gréng: d’Gielphas och beim Starten

Och kleng Verännerungen kënne sech positiv op de Verkéiersfloss auswierken. D’Piraten proposéieren dofir d’Aféierung vun enger Giel-Phase bei de „Roude Luuchten“, esou wéi beispillsweis an Däitschland, wann vu rout op Gréng geschalt gëtt, esou datt sech Verkéiersteilnehmer op d’Ufueren bereet maache kënnen.

 

 

Benotzung besteieren, net de Besëtz

Och mat engem perfekt ausgebauten ëffentleche Persounentransport wäert net jiddereen zu all Moment op d’Benotze vun engem privaten Auto kënne verzichten, a sief et och nëmmen e puer mol am Mount. Dofir fuerdere mir net de Besëtz vum Auto duerch fix Autossteieren ze bestrofen, mee d’effektiv Benotzung vum Auto un Hand vu Stéieren um Bensin.

 

 

Autossteier fir all Benotzer vum Reseau

Den aktuelle Modell vun der Autossteier soll och als Vignette benotzt ginn. Sou ka jiddwereen deen eist Stroossennetz benotzt, och säi finanziellen Deel zum Erhalt bäidroen.

Et sollen och Vignette begrenzt op Stonnen, Deeg o der Méint fir Touriste verfügbar sinn.

 

 

Taxisgesetz reforméieren

Taxie gehéiere liberaliséiert. Et soll all Entreprise méiglech sinn en Taxiservice unzebidden. Dëst soll op speziell ausgewise Parkplazen ugebuede ginn, déi net limitéiert solle ginn op e puer Taxi-Firmen. De Client soll virum Transport kloer iwwert d’Käschten informéiert ginn an d’Taxie sollte verflicht sinn, an engem gedréckten Dokument, esou wéi op hirer Internetsäit, transparent iwwert d’Käschten an de Service ze informéieren. D’Stad Lëtzebuerg soll net méi fir Taxien zoustänneg sinn, mee dës soll eng staatlech Aufgab ginn.

 

 

Findel un d’Schinnenetz ubannen

De Findel muss iwwert eng direkt Zuchverbindung op d’zentral Gare verfügen, fir esou an der Zukunft och attraktiv ze bleiwen. Zousätzlech soll et méiglech sinn, direkt an der Gare de Check-In ze erleedegen.

 

West- an Nord Contournement

Fir de Verkéier an der Stad ze entlaaschten, muss d’West-Ëmgoung gebaut ginn. Och d‘Nordstad brauch direkt zwee Contournementen fir de Verkéier besser an de Grëff ze kréien. Sou soll ee Contournement nërdlech vun Dikrech verlafen an esou de Stadkär, wéi och Angelduerf entlaaschten. Donieft ass et wichteg endlech d’Verbindung Ettelbréck-Feelen ëmzeorganiséieren.

 

 

Gares périphériques inklusive Ringbahn

Fir de Verkéier an der Stad Lëtzebuerg ze entlaaschten, solle Passagéier vun Zuch a Bus virun der Stad op engem Dréikräiz eraus gelooss ginn, fir dann hier gezielte Verbindungen an d’Stad Lëtzebuerg eran ze huelen. All Bus bis an d’ Stad era fueren ze loossen, fir dann am Zentrum vun der Stad Passagéier ze verdeelen, vergréissert den aktuelle Chaos nëmmen.

 

 

Verkéiersinformatiounssystem national ausbauen

Mir brauchen Transparenz an den Informatioune ronderëm den aktuelle Verkéier, dëst fir Auto, Zuch a Bus. Et soll mat modernen Techniken a Medien en Live Informatiounssystem ginn, deen déi passend Informatiounen direkt un de Konsument weider ka ginn. Dëst soll fir all Bierger gratis sinn.

 

 

Staumeldungen elektronesch ausstralen

Lëtzebuerg ass Stauland. Piraten triede fir een Aféiere vun elektronesche Staumeldungen (TMC) an. Millioune goufen a Systemer investéiert fir ons Autobunnen ze iwwerwaachen an d’Fuerer fréizäiteg op Stau a Geforen opmierksam ze maachen. Leider gouf vergiess dës Informatiounen iwwer RDS ze verschécken. Lëtzebuerg géif enorm dovu profitéiere wann dës Donnéeën net nëmmen op digitale Schëlter géife stoen, mee och op engem Internetsite ugewise géife ginn, an iwwer RDS an TMC jidderengem zur Verfügung géife stoen.Et soll méiglechst schnell, iwwert verschidden Datequellen, dorënner och TMC Technik méiglech sinn, iwwert aktuell Staumeldungen a Sécherheetshiweiser informéiert ze ginn.

 

 

Nuetszich erweideren

Een Ëmsteigen op den ëffentlech Transport ka just da passéiere wa séchergestallt ass, datt zu all Dageszäit e Minimum un Verbindunge garantéiert ass. Momentan fiert an der Nuecht tëscht 12 a 5 keen Zuch. Dëst sinn awer déi Zäite wou di meescht déidlech Autos-Accidenter geschéien. Duerch d’Ubidde vu wéinstens engem Zuch all Stonn op den Haaptzuchstrecken an eng konsequent Fërderung vu Projete wéi LateNight-Busser kéint een en Deel vun dëse Leit offänken, a gläichzäiteg duerch d’Wëssen datt een och Owes nach sécher heem kënnt d’Nuetsliewe stäerken.

 

 

Besseren Transport fir Grenzgänger

Fir Grenzgänger solle virun de Grenze schonn Opfangparkinge geschaaft ginn, fir esou de Stau op den Autobunnen ze verhënneren an domat den Trafic ze entlaaschten an d’Grenzgänger méi schnell a komfortabel op hier Aarbechtsplazen ze bréngen.

Lëtzebuerg soll hei innovativ Piste goen a konkret Etüden zu engem Monorail respektiv zu Hyperloop-Strukture maachen an esou weisen datt mir net am Zäitalter vun der Damplokomotiv an dem Auto stoe bliwwe sinn, mee op innovativ Léisunge setze kennen.

Dës Park&Rides solle vum Staat gebaut a verwalt ginn. Mir investéiere kee Geld a privat Firmen am Ausland.

 

 

CFL a Staatshand

Mir schwätzen eis fir den Erhalt vum Statut vun der CFL aus. Den Transport ass ee Grondbedierfnis a muss dofir a staatlecher Hand bleiwen.

 

 

Fir modern Transportléisungen!

D’Pirate sinn net géint e moderne Massentransportsystem, mee dëse System, egal wéi en ausgesäit, muss och déi gesaten Erwaardungen erfëllen. Dofir setze mir op Etüde ronderëm modern an innovativ Léisunge wéi Monorail Strecken an Hyperloop Installatiounen.

Do dernieft fuerdere mir e vereinfacht Geneemegungsverfahre fir nei a modern Transportléisungen, ob am Car-, Bike- oder Utility-Sharing oder am Beräich vun Uber a Lyft.

 

 

Géint fest installéiert Radaren

Mir triede géint all automatesch a fest installéiert Radariwwerwaachung vun den Autofuerer an. Dës Radare maachen no e puer Wochen nëmmen nach ageschränkt Sënn wëll d’Emplacementer bekannt sinn. D’Pirate schwätzen sech aus Dateschutzgrënn just fir mobil Radaren aus, a géint fest installéiert an automatiséiert Radarfalen. Virun allem Section Control Radare stellen e graven Abroch an d’Privatsphäre vu Stroossebenotzer duer a sollten dowéinst verbuede sinn.

 

 

Fluchhafen fir d’Groussregioun

De Findel huet eng optimal Infrastruktur an ass de Fluchhäfen an der Groussregioun iwwerleeën. Mat enger gudder Ubannung un Stroossen a Schinnenetz kann de Findel och an Zukunft méi Passagéier iwwerzeegen a soumat Aarbechtsplaze schafen. Mir schwätzen eis kloer fir de Standuert Findel aus, deen a Koordinatioun mat de Fluchhäfen an der Groussregioun säi Service a Streckennetz ausbaue soll. Een Nuetsfluchverbuet ass noutwenneg a muss esou wäit ewéi méiglech respektéiert ginn. Ausname mussen Ausname bleiwen. Flich vun ënnert 30 Minutten (z.B. Lëtzebuerg – Saarbrécken) sinn an eisen Aen iwwerflësseg.

 

 

Autobunn mat Luuchten

Eisen Autobunnsreseau soll konsequent fir Sécherheet ze erhéije mat Luuchten ausgebaut ginn.