Qualitéit vum Waasser

De Weltwaasserdag den 22. Mäerz erënnert d’Biergerinnen, d’Bierger an och d’Politik dodrun, wéi wichteg den Enjeu vu propperem Waasser, a speziell vum Drénkwaasser hautzedaags ass.

D‘Drénkwaasser gëtt méi a méi zu enger Ressource vun onschätzbarem Wäert. D’Tatsaach, datt ëmmer nach op ville Platze verschwenderesch mam Waasser ëmgaange gëtt, weist, wéi wichteg et ass, datt d‘Politik an dësem Beräich agéiert. Zu Lëtzebuerg fält d’Versuergung vun de Menagë mat Drénkwaasser a leschter Instanz ënner d’Verantwortung vun den eenzele Gemengen.

An de leschte Joren hu sech duerch d’Digitalisatioun vill nei Méiglechkeeten fir eng méi effikass Gestioun vum Drénkwaasser erginn. Mëttlerweil ass et duerch modern Technik méiglech d’Qualitéit vum Waasser an de Niveau am Behälter ze iwwerwaachen, esou wéi eventuell Stéierungen am Circuit ze detektéieren.

An deem Zesummenhang wéilt ech der Ministesch dës Froe stellen:

Madamm Ministesch Bofferding, ass am Kader vun der Reform vum Gemengen- a Gemengesyndikatsgesetz
geplangt d‘kommunal Autonomie an dësem Beräich ze iwwerdenken? Wa jo, wat ass genee virgesinn?


Madamm Ministesch Bofferding, wëssend, datt de Savoir-faire an d‘Kompetenz vun interkommunalen Drénkwaassersyndikater dee vun eenzele Gemengen kloer depasséiert, missten d‘Syndikater ärer Meenung no an deem Beräich net méi Mëttel a Kompetenze uvertraut kréien? Wa jo, wéi gedenkt Dir dat konkret ëmzesetzen?


Ass virum Hannergrond vun enger Moderniséierung vum Drénkwaasserreseau virgesinn, d‘Subside fir den Equipement vu Behälter mat modernster Iwwerwaachungstechnik an d‘Luucht ze setzen? Wa jo, kéint d‘Madamm Ministesch Bofferding e konkrete Chiffer nennen?

Kann d‘Madamm Ministesch garantéieren datt d‘Drénkwaasserqualitéit an all de Gemengen uechtert d‘Land den hygienesche Standarden entsprécht?

Madamm Ministesch Bofferding, kënnt Dir garantéieren datt d‘Drénkwaasseranalysen an den eenzele Gemengen a reegelméissegen Ofstänn duerchgefouert ginn? Wa jo, sinn all dës Donnéeë fir d‘Biergerinnen a Bierger zu all Moment zougänglech?

Zesummenhang posts

A ville Länner ginn neigebuere Kanner kuerz no hirer Gebuert am Kader vum Dépistage néonatal op verschidde selte Krankheet getest. Zil vum Screening ass
LU-CIX ass een nationalen Internet exchange Point zu Lëtzebuerg, deen als Service de Schutz vu kritesch Netzer an Hosts proposéiert. D’Asbl gëtt et säit
D’Verwaltungsgeriicht huet rezent jugéiert, dass de Staat engem Flüchtling, deen eleng geflücht war, op Basis vun eiser Gesetzeslag net kann eng Wunneng refuséieren (Arrêt