D’Gesetz vum 7. August 2012 an d’Gesetz vum 19. Juni 2015 iwwert d’Organisatioun vum marché de l’électricité leeë fest, dass d’Gestionnaire vun de Stroumreseaue bis Enn 2019 d’Stroumzieler a ganz Lëtzebuerg austauschen an duerch nei Smartmeteren (“SMARTY”) ersetze mussen.
An deem Zesummenhang huet de Sven Clement dem Minister fir Energie dës Froe gestallt:
- Wéi vill Persounen hunn zum aktuellen Zäitpunkt nach kee Smartmeter?
- Wat geschitt, wa Persoune refuséieren e Smartmeter bei sech am Haus installéieren ze loossen?
Dierft oder misst de Stroumubidder an esou Fäll eng Coupure vum Raccordement électrique virhuelen?
Fro Nummer 1878