Den Artikel vum 169 vum Walgesetz gesäit Folgendes fir :
“L’électeur qui souhaite voter par correspondance doit en aviser le collège des bourgmestre et échevins de la commune d’inscription et demander sa lettre de convocation.
Est à considérer comme commune d’inscription au Grand-Duché de Luxembourg, la commune du domicile, à défaut la commune du dernier domicile, à défaut la commune de naissance, à défaut la Ville de Luxembourg.”
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Wéi vill Wieler hunn sech bei de leschte Legislativwalen fir de Vott par Correspondance entscheet a sinn automatesch dem Bezierk Zentrum, respektiv der Gemeng Staat Lëtzebuerg zougewise ginn ?
-
Ass virgesinn, an Zukunft d’Wielerinnen a Wieler selwer entscheeden ze loossen a wéi engem Bezierk se wëlle par correspondance wielen, falls sie weder zu Lëtzebuerg domiciliéiert sinn, nach ee Wunnsëtz an enger lëtzebuergescher Gemeng haten, nach zu Lëtzebuerg gebuer sinn ?
QP Nummer 2493