Wéi een Impakt huet d’Primm fir Elektroautoen bis elo gehat?

D’Piraten hunn an 3 parlamentaresche Froen Informatiounen zum Impakt vun der Primm fir Elektroautoen nogehaakt. Mir wëlle wëssen, ob d’Elektroprimm alle Leit hëlleft oder just enger méi räicher Clientèle. Dofir wëlle mer och wëssen, wéi déck d’Autoe sinn, di mat der Primm kaf ginn an ob duerch d’Primm d’Verkeef vun Elektroautoen am Verglach zum klassesche Méi liesen…

Den ëffentlechen Transport och no der Coronapandemie propper halen?

D’Coronapandemie huet eis an der Gesellschaft villes iwwer Gestë bäibruecht, déi jiddereen ënnerhuele kann, fir Infektiounskrankheeten auszebremsen. Ee wichtegen Aspekt dovunner ass sécherlech d’reegelméissegt Botzen an Desinfizéieren. An de leschte Woche konnt een effektiv feststellen, dass d’Busser an d’Zich am ëffentlechen Transport ronderëm d’Auer propper sinn. Dat war virun der Méi liesen…

Bidd d’Uni Lëtzebuerg keng beruffsbegleedend Studiegäng méi un?

Fir hier perséinlech Kompetenzen och no enger éischter Ausbildung während dem Berufsliewen nach auszebauen, entscheeden ëmmer erëm Léit sech fir weiderféierend berufsbegleedend Studiegäng. Och op der Uni Lëtzebuerg gouf et eng Offer un esou Formatiounen. De Bachelor an de Sozialen-an Erzéiungswëssenschaften, de Bachelor an den Erzéiungswëssenschaften an de Master an der Gerontologie konnte bspw. op der Uni hei am Land berufsbeleedend gemaach ginn. Leider ass op der Websäit vun der Universitéit awer ze liesen, dass fir d’Studiejoer 2020/2021 keng nei Studente fir de beruffsbegleedende Bachelor an de Sozial-an Erzéiungswëssenschafte wäerten ugeholl ginn, obwuel eng Umeldefrist vum 1 Abrëll bis den 31 Mai 2020 ugi gëtt, an dass fir de beruffsbegleedende Bachelor an den Erzéiungswëssenschaften a fir de Master an der Gerontologie d’Umeldunge schonns clôturéiert sinn, obwuel se fir dëst Joer nach net op waren.

Weiderliesen

Blëtzermarathone fir méi Verkéierssécherheet?

D’Etüd “Speed Limit Enforcement and Road Safety” vum IZA Institute of Labor Economics an Däitschland huet gekukt, wat fir een Impakt massiv Vitesskontrolle – sougenannte Blëtzmarathonen – op déi allgemeng Stroossesécherheet hunn. En gros soen d’Fuerscher Folgendes:

“Using register data on the universe of police reported accidents in a generalized difference-in-differences approach, we find that SLMO reduce traffic accidents and casualties by eight percent. Yet, immediately after the SLMO day, all effects vanish. Further evidence suggests that people drive more slowly and responsibly on SLMO days to avoid fines; providing information on the dangers of speeding does not alter driving behavior in a more sustainable way.” (Abstract)

Weiderliesen

Mobilitéit beim Staat: Mam gudde Beispill virgoen?

A menger parlamentarescher Fro n°347 wollt ech Informatiounen iwwert der Fuerpark vum Staat an der Regierung wëssen. Ech krut doropshin Zuele fir d’Joren 2014 bis 2019 geliwwert. Des Weideren krut ech d’Informatioun, dass d’Regierungsmembere prinzipiell mat Plug-In-Autoe fueren. Déi hunn – laut der virëschter NEFZ-Norm – ee méi niddrege Verbrauch an CO2-Ausstouss. 

D’Ekonomie vun de Plug-In-Hybriden variéiert allerdéngs staark, jee no Fahrstil an Verkéierssituatioun. Duerch déi nei europäesch Ausstoussnorm WLTP ginn d’Verbrauchs– an d’Emissiounswäerter allerdéngs staark relativiséiert. Den theoreteschen CO2-Ausstouss vu Plug-In-Autoen geet duerch de WLTP–Berechnungsmodell staark an d’Luucht.

WeiderLiesen

Eng Fro iwwert de Verkéier am Norde vum Land

All Daach fuere ronn 20 000 Autoen duerch d’Uertschaften Hengescht, Housen, Houschterdéckt. D’ganz N7 soll duerch Reamenagementer (Echangeuren, Leitplanken, etc.) an noer Zukunft geséchert ginn. De Contournement Housen ass an deem Kontext ee wichtegt Puzzelstéck. Allerdéngs wäerte vill Kilometer vun der N7 och weiderhin duerch kleng Uertschafte féieren an d’Liewensqualitéit Méi liesen…

lu_LU
fr_FR lu_LU