10 Joer Piratepartei

D’Pirate feieren hiert 10-järegt Bestoen! Dat wëlle mir zesumme mat iech feieren. Umelle kënnt dir iech entweder iwwert ahoi@piraten.lu (uginn: Unzuel vu leit, Menu, Membre oder net Membre) oder um +352 206066 Wann dir mat ärer Famill kommt, an et ass just ee vun iech Member, geet dat duer fir dass Méi liesen…

Mannerjäreger a Prisongen

Zu Lëtzebuerg kënnt et nach vir, dass Mannerjäreger an déi selwecht Prisonge wéi Erwuessener placéiert ginn, wat no der UN-Kannerrechtskonventioun awer verbueden ass. Mer wëlle vum Minister Braz wëssen, wéi vill Kanner dovu betraff waren.  Am Folgende fannt der den Text zu eiser Fro: Lëtzebuerg besëtzt aktuell ee Kannerschutzgesetz aus dem Joer 1992. Méi liesen…

Een Code de Déontologie fir Gemengeréit

D’Biergerinnen a Bierger waarden weiderhin op e ethescht an deontologescht Reegelwierk fir Elus locaux’en. D‘Piraten hu bei der Ministesch Taina Bofferding nogefrot ob di aktuell Regierung plangt sou een Code de Déontologie anzeféiere fir Klientelismus an Interessekonflikter um Niveau vun de Gemengeréit ze evitéieren an d‘Vertrauen an dës lokal Decisiounsorganer Méi liesen…

Nach emol nogefrot

Mir hunn beim zoustännegen Minister eng Rei weider Informatiounen ugefrot, well d’Äntwert ob d’parlamentaresch Fro Nummer 3921 iwwert d’Detenuen zu Schraasseg e puer Froen opgelooss huet. Am Folgenden fannt dir eis parlamentaresch Fro: An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro N° 3921 vum honorabelen Deputéierte Léon Gloden huet den Här Justizminister Méi liesen…

De Sans-abrisme zu Lëtzebuerg

Zu Lëtzebuerg sinn dat lescht Joer 17 Mënschen, déi keen Daach iwwert dem Kapp haten, verscheet. De Sans-abrisme zu Lëtzebuerg eng Realitéit. An awer bleift et een Tabu-Thema. Mer wëlle vun der Madamm Ministesch Cahen méi zu dësen Zuele wëssen a froe gläichzäiteg, ob dat, wat d’Regierung fir de Sans-Abrisme Méi liesen…

Akzeptéiert de lëtzebuergesche Generalkonsulat zu Shanghai Ratings vu Sesame Credit?

Mir wollten vum Ausseminister wëssen, ob et stemmt, dat et een Accord tëscht Sesame Credit (engem Credit Rating System, deem massiv online Notzerdaten sammelt, späichert an auswäert) an dem letzebuerge Generalkonsulat zu Shanghai gëtt.   Am Folgenden fannt dir eis ganz Fro: D’Onlinepress mellt, datt en Accord tëscht dem lëtzebuergesche Generalkonsulat zu Méi liesen…

Gréng baue fir jiddereen?

D’Regierung huet ugekënnegt, energetesch Renovatioune fir Wunnengen ze erhéijen. Ugesiichts de Problemer, déi mer awer aktuell um Wunnengsmaart hunn, froe mer eis, op d’Regierung sech beim Logement net éischter op aner Prioritéite wëll konzentréieren. Wa mer energetesch bauen, soll och de Bierger eppes dovun hunn. Mer wëlle vun der Regierung wëssen, wou dann déi sozial Komponent beim Wunnengsbau soll sinn? Méi liesen…

lu_LU
fr_FR lu_LU