Visitt vun der Chamber

e Mann, deen eng Foto vun enger Grupp vu Leit an der Chamber mécht.
e Grupp vu Leit, déi an der Chamber sëtzen.

Guidéiert Visitten an der Chamber fir Schoulklassen a Veräiner.

De Fonctionnement an d’Geschicht vum Lëtzebuerger Parlament, deen de legislative Pouvoir vum Groussherzogtum Lëtzebuerg vertrëtt an d’Missioun huet d’Regierung ze kontrolléieren, kann an enger Visitt mat engem Piraten-Deputéierten op eng detailléiert an interaktiv Aart a Weis erkläert ginn.

D’Visitte sinn ëmmer an zwee Deeler, op der enger Säit kritt dir eng Iwwersiicht iwwer d’Geschicht an de Fonctionnement, op der anerer Säit gitt der eppes iwwert d’Aarbecht vun den Deputéierten souwéi hieren alldeeglechen Aufgaben an der Chamber gewuer.

Jee no Disponibilitéit vun den Députéierte, Sven Clement a Marc Goergen, huelen déi zwee individuell oder zesummen un de Visitten Deel, déi mat Preferenz Freides organiséiert ginn.

Bei Interessi schéckt eis Är Ufro a fëllt de Formulaire ënnendrënner aus: