Zwou onfair Hëllefen fir HORESCA Betriber an der Gemeng Péiteng

Piratepartei Sektioun Péiteng huet am Gemengerot gëschter kloer GÉINT eng onfair, diskriminéierend an eesäiteg Hëllef fir nëmmen 2 Betriber gestëmmt a schléit eng allgemeng Hëllef vum selwechte Montant fir all d’Betriber an der Gemeng Péiteng vir!

CSV / LSAP Koalitioun huet dem Restaurant WAX (17.800 €) an der Firma Munhowen* (12.600 €) als Hëllef accordéiert. Dat fanne mir Piraten ongerecht, well 2 Firmen priviliegéiert ginn vis-à-vis vun allen aneren HORESCA-Betriber an der Gemeng. D’Bäihëllefen vun der Gemeng fërderen eng deloyal Konkurrenz a stellen een onfaire Message duer: wee mat der Gemeng schafft, profitéiert um Schluss.

Dofir hu mir Piraten eng Resolutioun era ginn, nom Virbild vun der Stad Lëtzebuerg, fir all Firma fair a gläich ze behandelen an all HORESCA-Betrib, oder souguer all Firma an der Gemeng, eng Hëllef auszebezuelen (als Beispill: 5.000 €).

Kee Betrib dierf an der Coronakris vergiess ginn! Eng Gemeng dierf net eesäiteg agräifen, mee muss all Betrib gläichméisseg behandelen.

*Firma Munhowen,
2018: bénéfices avant impôt =4.010.000€
Parts de marché (40%)
Quell: paperjam.lu

Zesummenhang posts

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu. Eisen Informatiounen no ass Stand lescht Woch erëm eng Rupture beim medezinesche Cannabis an de Spidolsapdikten ausgeruff ginn.
 Déi nei Regierung huet sech op de Fändel geschriwwen, fir d’Prozeduren am Bau ze vereinfachen an d’Bauen esou ze beschleunegen. An deem Kader freet
De 25ten Abrëll koum et zu Esch zu enger “Schlackenstaub”-Wolléck, déi duerch d’Aarbecht vun ArcelorMittal op hirem Site zu Belval verursaacht ginn ass. D’Mataarbechter